Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Den Heescheverbuet vun der Press 

Den Heescheverbuet vun der Press
Bild von Pavlo auf Pixabay

Eigentlech ass alles gesot iwwer eis Heeschertenzeen an der Haaptstad. Eigentlech? U sech net! Eigentlech just iwwer Niwwelkäerzen, ze soen ni iwwer de Sujet selwer. Zum Beispill, datt d’Stad Lëtzebuerg an den zoustännege Minister Léon Gloden en dréchent, e kaalt Häerz hätten. Awer net, datt an der Gemeng um Knuedler de Sozialbudget vu 44 Milliounen eropgesat gouf op 70  Mio Euro bannent zwee Joer. Zum Beispill net, datt d’Geschäftsleit déi ablacklech Situatioun iwwerdrësseg sinn. An och net, datt Gemengen ewéi Dikrech an Ettelbréck hoergenee deen nämmlechte Verbuet geplangt haten.

Dikrech an Ettelbréck waren esou guer d’Initiateuren. Wéi si hiert Gesetz bis fäerdeg haten, huet d’Haaptstad just copy/paste gemaach. Si haten also als Éischt de Petard lassgelooss, awer dovunner keng Zeil, mol kee Stréch a kee Komma an den Zeitungen.https://bit.ly/3vwo2v0 Bei Dikrech an Ettelbréck handelt et sech ëm zwou grouss Stied an deenen d’Sozialisten entweder eleng– oder matregéieren. An deenen zwou Gemenge wollten dës Politiker mat waarmen Häerz d’Strummerten aus dem Stadkär verbannen. Scho vergiess? D’Press schreift a schwätzt léiwer net dovunner, fillt sech wuel am Katz tëscht dem Léon Gloden, dem Serge Tonnar an dem Tom Weidig vun der ADR.

Et gëtt nach eng aner rout Gemeng: Dideleng (am Audio hunn ech mech mat Déifferdeng verschwat) gëtt vum Dan Biancalana gefouert an dee Mann hat jo net op Radio Lëtzebuerg behaapt, datt “Heeschen” iwwerhaapt kee Problem wier a ‘senger’ Gemeng. Den député-maire krut als Retour eng Wäschmaandel voll Kommentaren um Internet vun RTL, zum Deel eekleger. Ënner dem Stréch konnt ee sech bei all deenen opgereegte Reaktiounen d’Fro stellen, ob den Här Buergermeeschter wierklech a ‘senger’ Gemeng wunnt. ‘Seng’ Awunner sinn op alle Fall fatzeg rose mat him! Nach ee Politiker, deen d’Situatioun wëll schéi rieden,  mat politeschem Drei-Wetter-Taft.

Datt d’Press den Heescheverbuet a Fro stellt oder hannerfreet, ass déi normaalste Saach vun der Welt. Esou guer eng journalistesch Flicht. Awer da mat op d’mannst deenen zwou Klacken. Hei awer gëtt sech ergötzt u Banalitéiten. D’Tageblatt schreift vun enger Causa Gloden. Domadder misst u seech d’Sauerei gemengt sinn, datt eng Mauer vum Minister senger Privatwunnecht begrozelt gouf mam Message: Pass op! Mir wëssen, wou’s Du wunns! An d’Pneuen vum Fils sengem Auto goufen duerchgepickt. Doriwwer gouf wuel rapportéiert, allerdéngs séier wéineg kommentéiert.

Et gouf sech léiwer op dem Gloden seng kritesch Remark vis-à-vis vum Serge Tonnar fokusséiert fir op déi Manéier laanscht d’Problematik ze kommen. D’Geschicht erënnert mech un d’Aktiounen vun e puer Jugendlecher, déi viru Joren engem Geosprofesser ënnerstallt haten, e Rassist ze sinn. Op dee Mann gouf geklappt ewéi op e Büfdeck ier hien op d’Glous geluegt gëtt. Ni awer gouf d’Fro vum Beweismaterial gestalt. Esou eng Zort Journalismus ass iwwerflësseg, esou guer kontraproduktiv

Besonnesch déi lescht Gemengewahlen hu gewisen, datt de Sujet “Sécherheet” ville Bierger um Mo läit. D’Manéier ewéi Zeitungen a Radio un dee Sujet nolens volens erugaange sinn, huet bei ville Leit ëmmer méi d’Gefill opkomme gelooss, datt eng Minoritéit enger Majoritéit permanent wëll iwwer de Mond fueren. Eng Minoritéit, déi net kann acceptéieren, datt eng Majoritéit op engem spezifesche Punkt eng aner Meenung huet. A wat net däerf sinn, dat ass och net! Esou titelt dann reporter.lu: Déi schwaarz-blo Verbuetspolitik mam ënnerschwellegen Toun, datt sech mat der konservativ-liberaler Regierungskoalitioun nach esou munch anere Verbuet z’erwaarden ass.

Viru 4 Joer gouf eng Ëmfro gemaach ënner de Journaliste-Stagiairen op der däitscher ARD, ënner AZUBI, also ganz jonke Leit. Et ass kaum eng Iwwerraschung, datt  – deem Sondage no- si bei eventuelle Wahlen sech massiv hanner déi Gréng an hanner DIE LINKE géingen areien.

                                                               Grafik zur „Volo-Wahl“Ausriss: Journalist (11/2020)

 

Déi Ëmfro ass net onëmstridden a scho guer net repräsentativ., ma si confirméiert mech an deem, wat ech déi lescht 25 Joer observéiert hunn: den Trend ënner de Journalisten geet däitlech bei d’Ekologisten a bei déi roudelzeg Parteien. Dogéint ass u sech näischt ze soen, wär net do de permanenten Drang hire perséinlechen Idealismus mat der Wierklechkeet ze vermëschen. Esou maache si Noriichten fir sech, net fir déi aner.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *