Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

PCR-Test: den Dolchstouss vun 22 Wëssenschaftler(innen)! 

PCR-Test: den Dolchstouss vun 22 Wëssenschaftler(innen)!
Image par Belova59 de Pixabay

quasi vun Ufank un gouf am Kampf géint de CoVid-19 op de PCR-Test gesat. Lëtzebuerg war esouguer Pionéier; réischt méi spéit hunn aner Länner eis et nogemaach, mam Resultat, datt d’Zuel vun den “Infektiounen” massiv an d’Luut goung. Dobäi huet (bal) keen sech Gedanke gemaach ëm de Vokabulär, ‘positiv’ an ‘infizéiert’ goufen vun de Medien reegelméisseg an een Dëppe geschmass. Et huet och weiderhin (bal) keng Bisamrat sech fir d’Fiabilitéit vun deem Test interesséiert, aus där einfacher Ursaach, well d’Medien komplett iwwerfuerdert sinn a well een de Risk leeft, als ‘Queerdenker’ an der Gesellschaft ofgestempelt ze ginn!

Elo kommen awer gläich 22 Wëssenschaftler(innen) mat hirer Analyse iwwer deen Test: This extensive review report has been officially submitted to Eurosurveillance editorial board on 27th November 2020 via their submission-portal, enclosed to this review report is a retraction request letter, signed by all the main & co-authors. First and last listed names are the first and second main authors. All names in between are co-authors. An anere Wieder: dëse Consortium hätt gären, datt EUROSURVEILLANCE hir Publikatioun iwwer deen Test, déi am Jnuar 2020 erauskoum, nees zeréckgezu gëtt!

Et ginn sech esou allerlee Froen gestallt, net onbedéngt wëssenschaftlecher Natur, ewéi zum Beispil: According to BBC News [4] and Google Statistics [5] there were 6 deaths world-wide on January 21st 2020 – the day when the manuscript was submitted. Why did the authors assume a challenge for public health laboratories while there was no substantial evidence at that time to indicate that the outbreak was more widespread than initially thought? D’Fro ass wéi gesot net wëssenschaftlech, dofir awer net manner berechtegt!

Fir de Rescht, héich wëssenschaftlech, op alle Fall héich genuch, datt et komplizéiert ass, et ze verstoen. Et gëtt nach bedauert, datt vergiess ginn ass, to specify all primer parameters. Dobäi sinn déi Parameter d’Basis. An et gouf och vergiess. de ‘peer reviewing’ vun dësem PCR-Rapport virun senger Publikatioun ze maachen. Eigentlech een absolutt onwëssenschaftlecht Behuelen, ëmsou méi, wou d’Saach an dësem Januar ëffentlech gouf an nach keen vun enger Pandemie geschwat huet!

dat, wat awer och een Net-Wëssenschaftler versteet: de PCR-Test ass net fiabel: The RT-PCR test described in the Corman-Drosten paper contains so many molecular biological design errors (see 1-5) that it is not possible to obtain unambiguous results. It is inevitable that this test will generate a tremendous number of so-called “false positives”. Et ass déi wëssenschaftlech Confirmatioun, wat ech perséinlech déi leschte Méint ëmmer nees ze héiere krut: an d’Quarantaine geschéckt, dobäi awer kärgesond. Dann eben ouni Symptomer, basta! Wierklech?

D’Konklusioun vun dësem Consortium ass desastréis: The decision as to which test protocols are published and made widely available lies squarely in the hands of Eurosurveillance. A decision to recognise the errors apparent in the Corman-Drosten paper has the benefit to greatly minimise human cost and suffering going forward. Op Lëtzebuergesch: Gesidd Äre Feeler an. Paakt Ären Test nees an, deen daacht näischt. Esou gëtt et méi bëlleg an de Mënsch muss manner leiden ënner dem Verdacht, e falsche Positiven ze sinn.

Am Rapport wimmelt et nëmmen esou vu Feeler an Iertëmmer. Den Text zeréckzéien wier dat Bescht, och am Sënn vun wëssenschaftlecher Éierlechkeet. In the face of all the tremendous PCR-protocol design flaws and errors described here, we conclude: There is not much of a choice left in the framework of scientific integrity and responsibility.

Natierlech besteet reng theoretesch d’Méiglechkeet, datt déi eng Equipe Wëssenschaftler jalous ass op déi aner Equipe. Och Fuerscher sinn nëmmen Mënschen. Ech ginn allerdéngs ze denken, datt déi 22 Männer a Fraen extreem exposéiert sinn: wann et just drëm geet, deenen aneren eng auszewëschen, da riskéieren si vill.

De Gaston Vogel war ee vun deenen Eischten op dësem Site, de PCR-Test a Fro ze stellen.https://guykaiser.lu/breifwiessel-tescht-maitre-vogel-an-der-gesondheetsministesch-lenert/  Seng Bedenken goufen deemools net vun der Gesondheetsministesch gedeelt. Wat d’Madamm Lenert wuel haut dem maître géing äntwerten?! Wetten, datt dësen neie Rapport iwwer de PCR-Test iwwerhaapt net de Wee an d’Medien an an d’Politik wäert packen, well am anere Fall missten dausenden Tester an de Recycle-Container. Mä opgepasst! Trotz Tester déi näischt daachen,bleift de Virus eng Realitéit!

Fir de ganze Rapport ze liesen, w.e.gl op dëse link klicken:

https://cormandrostenreview.com/report/

Related posts

4 Comments

  1. Chriastian Isekin

    Ech wosst vun Ufank un dass et just eng Gripp wier, an relativ fréi, also schonn am Abrëll, dass de PCR Test net fir dat ze gebrauchen ass, woufir en agesat gëtt/gouf. Wéi laang soll et nach daueren, bis d’Regierungen entlech zouginn, dass si ons hannert d’Liicht gefouert hunn???

  2. Mario Dichter

    “De Gaston Vogel war ee vun deenen Eischten op dësem Site, de PCR-Test a Fro ze stellen.”

    A wann een d’Nues an de Wand gehal huet, konnt een daat schon am März (!) do liesen:
    https://nues-am-wand.lu/covid-19-die-seuche-eines-neuen-tests/

    1. admin

      Dofir steet jo do, léiwe Mario: ee vun den éischten.

  3. Rom

    D’Medien waren iwwerfuerdert???
    Dass ech net laachen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *