Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Frank Schneider: Meeeeerde! 

Frank Schneider: Meeeeerde!
gkonline

De Frank Schneider sëtzt déif an der Merde! Dir entschëllegt déi Fäkalsprooch, déi souwisou éischter eng Spezialitéit ass vun de Fransousen. An et geet bei him den Ament ëm Frankräich: an deem Land huet hien säi Wunnsëtz an dat Land kéint hien ënner Ëmstänn un d’USA ausliwweren. Merde alors! A wäit a breet keen Ausseminister, keng Justizministesch, déi bereet wären fir hien anzesprangen.

Une invective sans merde n’a chez nous guère de chance de percuter, schreift de Sylvain Fort am l’EXPRESS. Bordel, c’est bien. Bordel de merde, c’est mieux. Putain, c’est expressif. Putain de merde, c’est puissant. Putain de bordel de merde, c’est le summum. De Frank Schneider riskéiert déi ganz Skala duerchlafen ze mussen!

Säi Lous dréit ronderëm d’Fro: muss Lëtzebuerg sech net ëm säi Fall këmmeren? Besteet do net – nieft dem Moraleschen- eng politesch an och eng juristesch Obligatioun?! Wéi gesot, d’Politik deet sech schwéier, sou datt am Vollek de Verdacht opkënnt: et wëll een de Mann, fréier Chef vum Geheimdéngscht, lass ginn!

eng Partie “Excusen” vun de Ministeren kann ech zum Deel novollzéien, wéi an der Haaptsaach de Verweis op d’séparation des pouvoirs, datt also d’Regierung sech net an de Justiz-Apparat anzemëschen huet, datt also d’Justizministesch wärend engem Foussballmatch net kann zu der Procureure soen: Wéi ass et? Wéini ënnerhuelt Dir eppes?” A scho guer net an dësen Zäiten, wou d’Verfassung am gaangen ass, reforméiert ze ginn, mat ebe grad der Betounung op d’Onofhängechkeet vun der Justiz.

Engersäits bedaueren ech, datt op dës Manéier d’Politik awer och guer net méi kann mat der Justiz dialogéieren, fir nëmmen net an de Verdacht ze geroden, sech anzemëschen, Pressioun ze maachen; anerersäits fannen ech, datt dat Argument eleng net duergeet, fir d’Daimercher ze dréien. Et ass zum Beispill net verbueden, Jurisprudenzen aus änlech gelagerte Fäll ze analyséieren a matenaner ze vergläichen!

“…Beispill: den arrêt vun der europäescher Cour de justice…!”

Et handelt sech hei ëm den arrêt Petruhin aus dem Joer 2016 (C – 182/15) https://bit.ly/3rcjTaR Ech transposéieren de Verdikt op de Fall Schneider.

Am EU-Memberland “x”(Frankräich) huet sech e Bierger aus engem Memberland “y” (Lëtzebuerg) néiergelooss.

“x”, also Frankräich kritt vun engem Drëttland, an dësem Fall vun den USA, d’Demande fir dee Bierger ausgeliwwert ze kréien.

“x” (Frankräich) huet an deem Sënn en Ofkommes mat deem Drëttland (USA) ënnerschriwwen.

De Verdikt viru 6 Joer war kloer an däitlech:

An esou engem Fall muss “x”(Frankräich) d’Land “y” (Lëtzebuerg) informéieren. An “x” muss “y” dee Bierger iwwerginn, wann “y” dat freet!

Konklusioun an der Vox Populi-Sproch: Lëtzebuerg schéckt e Fax op Nanzeg, mat der Demande, säi fréiere Chef vum Geheimdéngscht ausgeliwwert ze kréien.

den Ament läit de Ball mol nach bei de Fransousen. Dee Verdikt seet nämlech och:

Dans l’hypothèse où un État membre est saisi d’une demande d’un État tiers visant à extrader un ressortissant d’un autre État membre, ce premier État membre doit vérifier que l’extradition ne portera pas atteinte aux droits visés à l’article 19 de la charte des droits fondamentaux de l’Union européenne.

Den amerikanesche Justizsystem entsprécht op kee Fall deenen europäesche Grondrechter! An hir Prisongen, wéi bei den Hottentotten! U sech kënnen d’Fransousen just zu där Konklusioun am Cassatiounsverdikt kommen. Ma nom Motto trau, schau, wem sollt een dëse Verdikt net ofwaarden an elo schonn Kontakt ophuelen mam Noper.

D’Politik ka sech net amëschen, op alle Fall net zu dësem Ablack. D’Ministesch Sam Tanson scho guer net, ma och d’Deputéierten halen sech aus deenen nämmlechten Ursaachen zeréck. Allerdéngs…

“…wou e Wëllen ass, gëtt et och e Wee!…”

Virun 10 Joer waren zwee Direkter vun der Cargolux an de States condamnéiert ginn. Si wieren a Gespréicher gewiescht, fir sech an de Präisser ofzeschwäzen. Si koumen tatsächlech fir 13 Méint an den Duckes, ma koume 6 Méint éischter fräi wéi virgesinn. Wann een d’Zäit vun der Untersuchungshaft ofrechent, souzen si deemno net laang.

Bon! Eng Affär kann een net onbedéngt mat enger anerer vergläichen, ma d’Tageblatt huet den 19. Februar 2013 geschriwwen: Die frühere Freilassung soll unbestätigten Gerüchten zufolge durch Verhandlungen zwischen Luxemburg und der US-Botschaft erreicht worden sein. Ogiermann und van de Weg waren zuletzt in einem Gefängnis in New York. Dort hatte sich der neue Generalkonsul Luxemburgs, Jean-Claude Knebeler, um sie gekümmert. Also just kuerz virum Platzen vun der CSV-LSAP-Koalitioun. Hei de Link zum ganzen Artikel CARGOLUX am Tageblatt https://bit.ly/3ocJSNC 

Wien hat deemools mat wiem geschwat? Et koum ni eraus. Héijer Diplomatie! D’Affär OneCoin ass an Amerika kee klengen Dreck, et geet ëm Milliarden. Et dauert net méi laang, dann interesséiert sech déi amerikanesch Press fir de Frank Schneider. Lëtzebuerg riskéiert, do ze stoen wéi de Generol am Kalzong. Muss dat sinn?

 

Related posts

2 Comments

  1. Sheikh Frank

    War den Här Schneider dann wierklech Résident an Frankreich an as all Daag an d’Stadt op den Bureau gefuer? Oder net eischter zu Dubai op der Palm, wéi en an engem Interview mam Lëtzebuerger Land gesoot huet, an just bei der Famill op Besuch? Domat géif sain juristescht Argument op ganz wacklegen Féiss stoen. Oder war en just zum Schäin zu Dubai ugemellt, vielleicht fir Steieren ze spueren? Daat kéint dann lo deier gin.

    Iergendwann as et och egal waat een 12 Joer vridrun mol geschafft huet. Virun allem wann den SREL un sech just eng Filiale vun der US Ambassade war an as an do naischt gelaaf as an leeft waat se um Boulevard Servais net matkritt hun an kréien.

    https://www.land.lu/page/article/374/336374/DEU/index.html

  2. Phil

    Zitat: “Virun allem wann den SREL un sech just eng Filiale vun der US Ambassade war an as an do naischt gelaaf as an leeft waat se um Boulevard Servais net matkritt hun an kréien.”

    Och do verweisen ech op mäin Commentaire vun “Boris und kein Ende?” Déi eng spillen d’Poppen, an déi aner zeien un den Seeler.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *