Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Den Heescheverbuet ass eigentlech e sozialistesche Skandal! 

Den Heescheverbuet ass eigentlech e sozialistesche Skandal!
Bild von Bruno auf Pixabay

D’Schounfrist fir Minister a Regierung ass nach net ganz (100 Deeg!) erlaanscht, ma et gëtt schonn hefteg op si dragefacht. Den Heescheverbuet gouf op Däiwel -komm-eraus mediatiséiert, ma grad op deem Punkt steet menger Meenung eng breet Majoritéit vun der Populatioun hanner der neier Equipe. Eng ganz Partie Journaliste wëllen dat einfach net acceptéieren, päifen op Sachlechkeet, loosse just déi Gespréichspartner zu Wuert kommen, déi hinnen an de Krom passen. An esou sot mir dëse Freideg Moien eng Vendeuse: vous savez….on na pas besoin de lire les journaux pour connaître la vérité.

Dat héiert sech no enger gewalteger Datz u fir d’Press! Ma och an der Partei-politescher Zeen spillt sech deen nämmlechte Melodrama of. An der Piratepartei hunn zum Beispill wéinst der Heesche-Story e puer Memberen hier Parteikaart ofginn, well si net averstane sinn mat der Positioun vum Sven Clement – Kapitän, Smutje a Klabautermann an enger Persoun! An d’Genossen féieren och net onbedéngt en éierlecht Spill.

Si sinn schliisslech d’Haaptinitiateuren vun deem Reglement, hunn souzesoen d’droits d’auteuren zegutt. Déi zwou roudelzeg Gemengen Dikrech an Ettelbréck hate nämlech als éischt den Heescheverbuet op den Instanzewee geschéckt a bei hinnen war déi deemoleg Ministesch net wéi d’Jeanne d’Arc net aus dem Suedel gaangen fir hinnen d’rout Schwäert ze weisen. Rien à voir! Circulez! Déi zwou Gemengen hunn zanter iwwer 2 Joer en Heescheverbuet ouni datt en Hunn duerno kréit! Laang Zäit drop wor d’Gemeng Lëtzebuerg nogezunn mat engem Copy/paste vum Anti-Heesche-Gesetz aus dem Norden a krut prompt den Njet aus der Beaumont’s-Gaass. Ganz nom Moto: nëmme rout Texter si gutt! Keng Illegalitéit bei Rout, bei Blo-Schwaarz e Skandal, deen elo schonn zanter Wochen vun der Press kolportéiert gëtt. D’Heeschen ass en elementaart Mënscherecht, gëtt elo getéint, an do kéint een sech net à la carte servéieren, e bësselchen erlaben, e bësselchen verbidden, bis et engem a säi Weltbild passt. Den Heescheverbuet géing géint d’Verfasung verstoussen.

Dat gëtt elo gesot. Ass dat richteg oder falsch? Ech wëll net virgräifen an iwwerloossen deen Terrain den Experten. Ech wëll awer drop hiweisen, wann déi fréier Inneministesch sech dorobber berifft – anti-konstitutionell-, dann hätt si dat deemools onbedéngt de betraffene Gemengen an och sos der Ëffentlechkeet musse matdeelen. Wat net de Fall war…wéi sos hätt si kënnen de Verbuet an den Nordgemengen duerchwénken? Politesche Feeler oder parteipolitescht Gepiddels, mam Häerz op der richteger Plaz mä um Bockel vun de Strummerten?!

Beruff gëtt sech elo ëmmer op d’Jurisprudenz. Wat Quatsch um Quadrat ass. Déi Jurisprudenz besteet aus engem eenzege Verdikt, aus dem Joer 2009 um Tribunal Dikrech. Hei dee Passus, ëm deen et sech handelt.

gkonline

Jurisprudenz? Esou wäit ech weess, handelt et sech dobäi ëm en ENSEMBEL vun Decisiounen, net ëm een eenzege Verdikt an op kee Fall ëm e Verdikt vun engem tribunal d’arrondissement, wéi an dësem konkrete Fall. Jurisprudenz ka just vun enger Cour d’appel kommen, am Beschten vun enger Cour supérieure. Wëssen déi zwee Procureuren – aus der Stad an aus dem héije Norden- dat op eemol net méi? Si wore jo allebéid zimmlech dichteg an d’Ëffentlechkeet gaangen, mol op RTL, mol op 100,7. D’Madamm Solovieff war esou kéng, ze behaapten: da loosst mol deen éischte Protokoll kommen; mir wësse schonn, wat mir domadder maachen!

Villäicht e bësselche vill kéng! Et ass duerchaus erlaabt, datt eng Procureure eng aner Meenung vertrëtt, och eng aner Ideologie, mä et ass a mengen Aen e faux-pas, sech an hieer Fonctioun op déi Manéier an dat verbaalt Gemetzels an der Ëffentlechkeet anzemëschen. Wann e Minister sech esou plomp géing iwwer d’Justiz ausdrécken, wäer d’Gejäitz net ze iwwerhéieren iwwer d’Trennung vun de Gewalten. A wou war dann de fréiere Procureur vun Dikrech, wéi den Heescheverbuet a ‘senger’ Stad an der Top-Aktualitéit stoung? Kee Piipchestoun. By the way, dcéi kathoulesch Kierch hat deen Ament och weider keng Problemer domadder.

An dräi LSAP-Gemengen gouf bis ewell de Strummert zu Graf gedroen, – fir den Tounfall aus de leschte Wochen ze gebrauchen. Diddeleng hat nämlech scho laang virun Dikrech an Ettelbréck esou een Heescheverbuet…ausgerechent déi Stad, wou hire Buergermeeschter bal vun Houfert geplatzt war wéi hien sech op der Antenne vun 92,5 duerft bretzen: mir hunn zu Dideléng kee Probleem mat den Heescherten. Dobäi hat seng Stiedchen schonn zanter zeg Joer e Reglement fir d’Heeschen ze verbidden! Dat schéngt elo mol ausser Kraaft gesat ginn ze sinn.

An iwwregens. An enger Rei Länner gëllt d’Prostitutioun och als Mënscherecht, de Stat muss just dofir suergen, datt deejéinegen deen sech fir de Sex bereet erkläert, net vun enger drëtter Persoun finanziell ausgenotzt gëtt. A ville Länner gëtt d’Geschäft mat der Léift toleréiert an zugläich gesetzlech encadréiert, limitéiert. Elementaart Mënscherecht ass wuel och, “seng Nout an der Ëffentlechkeet kënnen ze maachen”; och do huet d’Politik sech agemëscht.

Iwwer all dëst hätt déi lescht Joer kënnen diskutéiert ginn, rationell ouni (ze vill) Emotiounen. Eigentlech hätt dat zu Dikrech mussen ufänken, ma do huet een sech virun esou Gespréicher geduckelt. Et hätt ee jo kënnen an d’Labyrinthe kommen….

Related posts

7 Comments

  1. Flammang+René

    Dat ganzt ass en Zirkus. Do sinn e puer Läit déi et einfach net verkrafte kennen , dass se net méi an der Regierung sinn an eis Fändelspartei schléit natierlech an dee selwechte Krack. Well och si haten sech Chance versprach an enger neier Regierung vertrueden ze sinn. An och si huet net dat erreecht wat se sech esou erwaart hat. An si geet elo iwwerall grapsche fir hier Wichtegkeet ënner Beweis ze stellen.Dass déi aner Zwee zu deiwst getraff sinn ass liicht ze verstoen.Do sinn zwou Dammen déi dat alles net esou liicht kennen ewechstiechen. Den Heescheverbued ass elo dat wat déi Damme gebraucht hu fir sech de Frust  e wéineg vum ugekraazte Pelz ze klappen.En aarmséilegt Trauerspill vu Läit déi hier Nidderlach net wëllen agestoen.Do kann een nëmme soen,”Wenn zwei das gleiche tun.”

    Ech bedaueren eis Läit déi elo un der Regierung sinn. Dat ganzt gëtt ganz sécher keen Zockerläcken. Dat doten war nëmmen den Ufank. Mee e klenge Virgeschmaach op dat wat nach an de nächste Joren ze erwaarden ass.

  2. André Lafaillette

    Léisst sech alles wat der soot relativ einfach widderlehen.
    An dat wësst dir och. Whataboutism heisch 3.
    Ärch ass mol guer net an de Sënn komm, dass et guer net per se em dat Gemengereglement geet, mee dass ech en wannabe Minister iwwert Demokratie stellt. Typesch Humpejang.

    1. Guy Kaiser

      Dir hutt Recht! Den Humpejang erkennt een dacks u senger Anonymitéit. Ech bewonneren Ären Zivilcourage!

  3. Mario Dichter

    Villäicht misst een deene Leit, déi op eemol hiert Häerz fir d’Heescherten entdeckt hunn, mol soën, dass, wann een muss heeschen, dëst keen Mënscherecht ass, mä am Géigendeel, mënschenonwierdeg ass. Ët ass hypokritisch an eng Zort “Gratismut”, elo op déi ze klappen, déi deem traurege Spill en Enn wëlle setzen.

  4. Ettelbrecker

    Ettelbréck huet réicht zanter 2023 een roude Buergermeeschter. Virdrun war dat zanter datt den Attila seng Bréck iwwert Uelzecht gebaut huet, ëmmer een vun der CSV.

    1. Guy Kaiser

      DAT ASS RICHTEG. A wie war Koalitiounspartner’

  5. Roby

    Merci Här Kayser! Et ass leider esou wéi meeschtens ewell an eiser dichteger ‘ziviliséierter’ Gesellschaft: déi, déi am haardste jäizen an am frechste dohier kommen, kréie vun enger absolut net neutraler Press déi meeschten Obmierksamkeet. A wann dann déi roud Tataën, déi minimum 10 Joer Zäit hate fir Uerdnung an d’Gesetzestexter ze brengen, mee, wéi ganz Gambia, net eng onbequem Décisioun wollten huelen, elo als Moralapostel wëlle dohier kommen…lächerlech.
    Eng grouss Majoritéit vun de Leit steet hannert dem Léon Gloden, deen endlech Neel mat Käpp gemaach huet.
    Hoffentlech traut déi nei Regierung sech wéiderhinn onpopulär Décisiounen ze huelen, well Lëtzebuerg ka sech, leider, net auf eig als Schlaraffeland verkafen. D’Soue falen net (méi) vum Himmel an de Goldiesselchen huet och mam Immodium iwwerdriwwen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *