Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Christian Spielmann: D’Welt ass verréckt ginn! 

Christian Spielmann: D’Welt ass verréckt ginn!
Image par Stefan Keller de Pixabay

   

Zanter bal engem Joer dréit d’Welt ganz anescht. E Coronavirus, deen op de Numm SAR-COV-2 gedeeft gouf an anscheinend säin Ursprong a China soll hunn, huet d’Politiker an d’ganz Weltbevëlkerung hysteresch gemaach. D’Populatiounen sollte mat alle Mëttelen virun dësem absolut déidlechen Virus geschützt ginn, war de Motto vun der Politik. Wéi vun onsiichtbarer Hand geleet hunn d’Politiker bal iwwerall op eisem Planéit Lockdowner decidéiert, déi awer alles bruecht hunn, just net den Coronavirus definitiv ze vernichten. Awer dat huet d’Regierungen net dozou bruecht, sech ze froen, firwat de Virus, deen jo just eng Iwwerliewensdauer vun 14 Deeg huet, net verschwonnen ass. An et koum jo och nach zu enger Maskepflicht op verschiddenen Plazen. De Summer war nach e bëssen “normal”, mee dunn ass den Hierscht komm. D’Zuelen vun den duerch d’PCR-Tester positiv Getesten sinn an d’Luucht gaangen an d’Populatioune vu ville Länner goufen nees agespaart, a wéi bei der éischter Aktioun goufen déi net weesentlech Geschäfter, Kinoen, Theateren, Caféen a Restauranten zou gemaach. A nees ass de Virus net verschwonnen a keen huet sech gefrot firwat. D’Welt ass ëmmer méi an eng déif Kris gerutscht. Vill Existenzen stoungen a stinn nach op der Kipp. A Länner wéi ënner anerem Frankräich, Däitschland an der Belsch konnten d’Lockdownen nach sou streng si, d’Zuelen sinn net erof gaangen, ganz am Géigendeel.

 

Gripp oder Erkältung

 

Wann een dann e Bléck op d’Wocheberichter (https://influenza.rki.de/Wochenberichte.aspx) vum hellegen Robert-Koch-Institut (RKI) werft, dann muss een sech als ganz normalen Stierflechen froen, firwat d’Politiker sech dës Zuelen net selwer ukucken. Et ass ëmmer nëmmen op den Lothar Wieler gekuckt a gelauschtert ginn, wann hien Länner op déi rout Lëscht gesat huet, wou d’Infektiounszuelen ze héich waren – och Lëtzebuerg. Ni huet hien e Wuert iwwer dës Statistiken aus de Sentinel-Praxissen aus Däitschland verluer, déi respiratoresch Infektiouns-Krankheeten analyséieren. Ëmmer nees ass opgefall, datt d’Zuel vun de Rhinovirussen am héchste war (an der Moyenne am Dezember 2020 bei circa 20%). An de Prozentsaz vun de Coronavirussen war ganz niddreg (am Dezember 2020 huet en tëscht 3 an 15% variéiert). Influenza-Virussen (Gripp) sinn keng fonnt ginn. A wann een déi Resultater mat den Zuelen vun positiv Getesten vergläicht, da kann een sech nëmmen froen, firwat am Endeffekt jiddereen just de Coronavirus hat an all aner Infektioun ausgeschloss gëtt. Datt verschidden Erkältungsvirussen och zu der Famille vun den Corona- an Paramyxoviridae gehéieren (Wikipedia), huet nees keen dozou ugereegt, sech Froen iwwer de Notzen vun den PCR-Tester ze stellen.

Datt et keng Grippewell momentan gëtt, mee eng Erkältungswell, wat den RKI mat sengen Wocheberichter bestätegt, kann een domadder erklären, datt sech d’Virussen vun Gripp an Erkältung net mateneen verdroen. Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt et den Botenstoff Interferon kënnt sinn, deen verhënnert, datt d’Kierperzellen vun Virussen “iwwerfall” ginn. Den Interferon verhënnert, datt sech Virussen reproduzéieren (https://www.riffreporter.de/taktvoll/epidemie_jahreszeit/).

Mee dës wëssenschaftlech Tatsaachen ginn einfach net thematiséiert. A natierlech kënnt dobäi, datt duerch dat stännegt Maskendroen sech den Immunsystem verschlechtert, z. B. bei Kanner, ale Leit, Fleege- an Spidolspersonal, sou datt een ganz schnell mol eng Erkältung kritt, awer dann positiv getest gëtt. Hei kann een nach bemierken, datt d’WHO den PCR-Test just als “Hëllef fir eng Diagnos” gesäit (https://www.who.int/news/item/20-01-2021-who-information-notice-for-ivd-users-2020-05), woumadder schonn vill gesot ass.

 

Vaccin oder net Vaccin?

 

An elo freet sech d’ganz Welt op déi nei Vaccinen, déi endlech de Virus kille sollen. Nëmmen weess KEEN, wéi sech dës nei Messenger-RNA Impfungen verhale wäerten. Wann een natierlech de Politiker an de villen staatlech gepréiften Virologen gleeft, da sinn si déi ultimativ Léisung a kee Mënsch brauch sech méi Suergen maachen. Si sinn sécher, och wann et op villen Plazen Leit goufen, déi allergesch reagéiert hunn oder gestuerwen sinn. Awer dës Stierffäll sinn erof gespillt ginn a waren selbstverständlech net op de Vaccin zeréck ze féieren – eng aner Feststellung wier jo kontraproduktiv. A Kalifornien gouf souguer e Lous vun dem Moderna-Vaccin agezunn, wéi ganz vill Leit allergesch Reaktiounen gemaach haten.

An elo goungen d’Diskussiounen iwwer den AstraZeneca-Vaccin un. D’Schwäiz well deen  net zouloossen, a Spuenien soll en fir Léit vun 18 bis 55 Joer agesat ginn, hei am Land ass d’Limite laut “Conseil supérieur des maladies infectieuses” bei 65 Joer an a Groussbritannien soll en och bei eelere Leit wierken. An England wierkt en och géint déi nei Mutatiounen (et sinn bis elo 4000 Mutatiounen festgestallt ginn), wéi déi brittesch Variant, mee en ass dogéint net wierksam géint déi nei südafrikanesch Variant.

Allerdéngs sollen d’Vaccinen vun Pfizer-Biontech nogebessert ginn, sou datt se och op d’Mutatiounen wierken. An anere Wierder: Den Chef vun Pfizer-Biontech Ugur Sahin gëtt nach méi räich, wéi och seng Kolleegen an anere Firmaën. Datt stéiert keen, well a Wierklechkeet d’Big Pharma schonn laang d’Muecht iwwerholl huet. A wann iwwer 7 Milliarde Mënschen géint den SARS-COV-2 geimpft sinn, da kënnt eng nei Krankheet, mat där si sech nees domm an topeg verdéngen wäerten. Datt awer all 10 Sekonnen e Kand un Honger stierft, datt an Indien all Joer 500.000 Mënschen un Typhus an Cholera an weider 400.000 Mënschen un Tuberkulos stierwen, datt ass wéi et schéngt net wichteg.

An op de Vaccin wierkt, ass nach eng aner Diskussioun. Sou soll an Australien weiderhin och fir geimpften Touristen eng Quarantän gëllen. An Däitschland hält den Ethik-Rot et fir falsch, datt geimpfte Leit mat extra Privileegien belount solle ginn, well ee mol fir d’éischt misst klären, ob vun engem geimpfte Mënsch kee Risiko méi ausgeet, fir aner Leit unzestiechen. An den Frank Ulrich Montgomery, President vum Weltdokterverband, ass zwar der Meenung, datt Leit, déi um Virus krank waren oder geimpft goufen, vun Restriktioune befreit solle ginn, awer och nëmmen dann wann eng Immunitéit géint de Coronavirus festgestallt gouf. All dat steiert op eng zwee-Klasse-Gesellschaft hin. Do drängt sech awer elo déi berechtegt Fro ob, firwat soll een sech impfe loossen, wa kee weess, ob de Vaccin wierkt, a wann een nawell  a Quarantän an d’Mask weider opbehalen muss.

Eis Welt ass komplett verréckt ginn an et ass nach keen Enn a Siicht.

 

Christian Spielmann

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Chantal

    Wat e woueren Artikel, Dir schwätzt bestëmmt villen Mënschen aus der Séil. A weini kreien eis Politiker dat mat? Dei wëssen et schons laang, awer…..

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *