Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Paulette Lenert: Zoff mat deene Bloen! 

Paulette Lenert: Zoff mat deene Bloen!
Image par Karsten Paulick de Pixabay

D’Madamm Lenert huet sech bekanntlech fir 3 Wochen aus dem Reseau gemellt. Sie muss sech erhuelen. 13 Méint un der viischter Front am Krich géint de Virus, dat geet un d’Substanz! Do brauch een sech net ze schummen, wa Kierper a Kapp sech mol mussen erhuelen. Ma wéi esou dacks an der Politik, ginn mënschlech Explikatiounen net duer.

A Kreesser déi der Regierung extreem nostinn – also um Niveau vun héijer Fonctionnären-, héiert een vun engem richteg décken Zodi tëscht der rouder Gesondheetsministesch an der bloer Familljeministesch. Der Madamm Lenert goungen d’Sécherheetsmoossnamen géint de Covid an den Alters- a Fleegeheimer net duer, ëmsou méi wou zu deem Zäitpunkt schonn ëm déi 300 Pensionären un oder mat där Krankheet gestuerwe waren.

Et héiert ee weider, datt déi ganz Santé als Administratioun der Meenung war (an ass?), datt an deenen Heemer d’Restriktiounen missten verschäerft ginn. Summa summarum wieren d’Tester a virun allem d’Impfungen net ëmmer korrekt verlaf. Dat war natierlech eng Amëschung an de Ressort vun der Ministesch Corinne Cahen, déi net grad dofir bekannt ass, sech op d’Nues schäissen ze loossen. Et koum zu engem fatzege Sträit, an deen sech schliisslech de Staatsminister agemëscht huet.

A well de Premier déi nämmlecht politesch Bluttgrupp huet wéi seng Familljeministesch, huet hien sech voll a ganz hannert d’Madamm Cahen gestallt. Déi nämlech soll keng Loscht gehat hunn, sech mam COPAS-President Marc Fischbach unzeleeën. Keng Chance also fir d’Paulette Lenert, déi Partie ze gewannen.

De Stress vun de leschte Méint plus dee Sträit, wou et ganz héich hiergaange soll sinn, dat alles hätt seng Spueren bei der Madamm Lenert hannerlooss. Dobäi kann ech mir virstellen (ouni et ze wëssen), datt deen een oder aneren eekelege Bréif aus der Populatioun bei hier um Bureau gelant war. Ursaache genuch fir déi politesch Aarbecht wéinstens fir eng Zäit rouen ze loossen!

Tatsächlech war d’Situatioun an den Heemer alarmant! Vun de 6400 BewunnerInnen hu sech bis ewell 1900 mam Virus ugestach, net grad all Drëtten. Gestuerwen sinn der den Ament ronn 340. Natierlech kann ee bemierken, datt an Alters- an a Fleegeheemer ëmmer gestuerwe gëtt – ëmmerhin déi lescht Statioun virun der grousser Rees-, mä d’Tatsaach, datt a verschiddene Gebaier iwwer zwee Drëttel sech infizéiert hunn, léisst déif blécken. Do hätt duerchaus kënne (mussen) reagéiert ginn.

“Natierlech hätt een et kënne besser maachen. Ma wéi?”, war d’Reaktioun vum Marc Fischbach am Paperjam. Hätt een awer déi Al nees sollen ewech spären? Ni méi e kompletten shutdown fir d’Altersheemer, war nom Confinement zeréck behale ginn. Et wier allerdéngs méi wéi glécklech gewierscht, wann d’Politik doriwwer an der Ëffentlechkeet diskutéiert hätt, an zwar net eréischt, wéi d‘Kand schonn am Pëtz loung!

Esou awer beift de battere Bäigeschmaach vun der Fatalitéit vum Liewen – a vum Doud-, an datt Verschiddener besser driwwer ewech kommen ewéi anerer!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *