Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Nach kee wäissen Damp an der DP-Knuedler-Kichen! 

Nach kee wäissen Damp an der DP-Knuedler-Kichen!
Delano.lu

 

Eigentlech ass alles kloer! Am leschte Politmonitor kënnt déi ablécklech stater Buergermeeschtesch op der Plaz 4 an d’Corinne Cahen op der Plaz 26. D’Lydie Polfer sëtzt domadder eendeiteg um laangen Hiewel. Si diktéiert, wien Här (Fra) a Meeschter ass. Mat hier kënnen d’Gemengewahlen gewonne ginn, ouni si grad esou verluer. Et wär esou einfach, wann et net zugläich esou komplizéiert wier. Well déi ablécklech Familljeministesch Corinne Cahen léisst net labber. Si wëll onbedéngt an d’Gemengepolitik, als Buergermeeschtesch vun der Haaptstad….iergendwann.

Si selwer huet schonn e puermol ënnerstrach, datt si net méi wëll Ministesch an enger nächster Regierung sinn. Dat kann e puer Ursaachen hunn, dorënner neierdéngs och déi, datt si sech wéineg Chancen ausrechent, déi nächste Kéier als ministrabel consideréiert ze ginn. D’DP huet nämlech u sech 2 Ministeschposten am Zentrum zegutt. Den Ament sinn et der allerdéngs dräi. Nom Regierungsremaniement – Gramegna ersat duerch Yuriko Backes- hunn déi Liberal 3 Ministeren aus dem Zentrum; sollt si an der nächster Regierung nees mat dobäi sinn, muss d’Gläichgewiicht nees hiergestallt ginn. Bettel a Backes ginn sécher erëmgewielt an also bleift kee Sputt fir d’Madamm Cahen!

“….Keng Spëtzekandidatur fir d’CC…!”

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer schéngt sech duerchgesat ze hunn. Spëtzekandidatin gëtt si a sos keen. D’CC ka mat op d’DP-Lëscht geholl ginn, awer just als eng vu ville Kandidat*(inn)en. Et soll op kee Fall eng duebel Spëtzt ginn! Ob d’Corinne Cahen domadder averstanen ass, entzitt sech menger Kenntnis, ma si weess, datt si bei de stater Liberalen alles aneschters ewéi beléift ass. Eng Unanimitéit fir si ass et op kee Fall.

Dobäi mécht et duerchaus Sënn, där stater DP e Baxter frëscht Blutt ze verpassen. Well iergendwann wäert d’Madamm Polfer jo awer mat der aktiver Politik ophalen an dann? E Corinne Cahen kéint dann d’Relève iwwerhuelen. Dommerweis klappt et net mat der Chimie an de Relatiounen tëscht hir an der DP-Fraktioun am stater Schäfferot. Ëmmer erëm kritt een ze héieren, si géing wéi e Bagger deenen aneren iwwer de Mond fueren, wisst alles besser, géing maachen wat si fir richteg fënnt an net deenen aneren nolauschteren.

De Fall gesat, d’CC acceptéiert esou eng Kandidatur, gëtt an DP-Kreesser gefaart, datt si trotzallem wäert aus der Roll danzen, datt si souzesoen hier eegen Wahlcampagne mécht. Schonn elo huscht si bei der Ouverture vun engem Chrëschtmaart vu Chalet zu Chalet wéi wann si e Marathon géing lafen, hei e Selfie, do e Kussi an dann nach séier op Facebook. Si kann also duerchaus als troublemaker der DP méi schueden ewéi notzen!

Ze klären bleift nach en anere Punkt. Sollt si tatsächlech an der Stad kandidéieren, muss si eng Decisioun huelen wat hire Posten an der Regierung betrëfft: als Ministesch demissionéieren oder net? Wuel wär et méi propper, sech e puer Méint virun de Gemengewahlen aus der Nationalpolitik zeréckzezéien, ma kee kann si dozou forcéieren. An do ginn ech zur Erënnerung d’Erfarung déi den deemolege Minister Robert Goebbels hat musse maachen: och hien wollt mordicus Chef an den ” Zwee Léiwen” um Knuedler ginn, ouni awer an der Regierung Santer ze demissionéieren. Deen u sech net onsympathesche Robi hat sech selwer gezappt.

D’Madamm Cahen muss also egal wéi héich pokeren, si huet méi ze verléieren ewéi ze gewannen. Op alle Fall hu sech d’Gemidder bei deene Liberalen am Zentrum alles aneschters ewéi berouegt. Eng éischt Schluecht ass gewonnen mat der Spëtzekandidatur vun der Lydie Polfer, ma de Partei interne Krich ass alles aneschters ewéi bäigeluecht!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    De “Roby” an d'”CC” hunn eng Gemeinsamkeet: si ware repektiv sinn alle béid an hirer jeweileger Partei (besonnësch bei der Basis) net beléift.
    Kee Wonner…

  2. Jean

    LP oder CC…dat ass eischter politique politicienne innerhalb der bloer partei dei haptsaechlech insider interesseiert
    Et wier mol besser den DP domineierten schefferot gif sech fir mei secherheet a gewessen quartieren,besser coordinatioun vu chantieren a puenktlechkeet vu bussen asetzen anstatt exotesch faendelen op der mairie opzehaenken,dei nescht do ze sichen hun.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *