Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

(K)Eng Reklamm fir d’Publicitéit! 

(K)Eng Reklamm fir d’Publicitéit!
pexels-pixabay

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gëtt aktiv a wullt am Dreck. Wuelverstanen, an eisem Dreck, an deem vum Wohlfahrtsstaat.Et soll manner Pabeier a Plastik verbëtzt ginn, a wann et net ze vermeiden ass, da soll wéinstens méi recycléiert ginn. Woubäi, wann een éierlech ass, eng Partie Produit just zu 4 oder 10 Prozent ze recycléiere sinn. E Gesetzprojet ass elo um Instanzewee fir zwee Texter aus dem Environnement ëmzeänneren.

7659

Projet de loi modifiant :

1°la loi modifiée du 21 mars 2012 relative aux déchets ;

2°la loi modifiée du 31 mai 1999 portant institution d’un fonds pour la protection de l’environnement

Vum nächsten 1. Januar un gëtt et endlech verbueden, datt a verschiddene Restaurant – wann een se dann däerf esou nennen- d’Fritten an den Hamburger op Pabeier a Cola am Plastik zerwéiert ginn.

Photo de Pavel Danilyuk provenant de Pexels

Gefrot ginn dann des tasses, des verres, des gobelets, y compris leurs moyens de fermeture et couvercles, des assiettes et des récipients réemployables ainsi qu’avec des couverts réemployables. Dat gëtt zum Paradigmewiessel fir dës Etablissementer, a wuel nach méi, fir deenen hier Clientèle.

Wou ech meng Bedenken hunn, ass den Artikel deen d’Püblicitéitsbliedercher an eiser Bréifkëscht betrëfft. Déi däerfen nach just dann an der Boîte leien, wann expressis-verbis op der Këscht eppes geschriwwe steet wéi am Genre: Publicitéit? Jo gären! Steet dat net drop, däerfen si net duerch de klenge Schlitz. Vill Awunner dierfte wuel eng Optioun dorobber huelen, op d’Reklammen ze verzichten. Dat ass zwar gutt fir d’Ëmwelt, ma suergt fir e ganze Pak Froen hannendrun.

effektiv ass et munchmol nerveg: et späert een d’Këscht op, an eraus gebonzelt kënnt eng Wäschmaandel voll vu Reklammebliedercher. Dacks verschwannen si grad esou séier an der groer Poubelle, beschtefalls am Recycel-Container. De Maart war bis ewell liberal, kritt elo eng Zäsur! Et däerf ee gespaant sinn, wéi vill Leit vum iwwernächste Januar un op Publicitéite wëlle verzichten.

Et ass dervunner auszegoen, datt sech Reklammen fir d’Geschäftsleit bezuelt maachen. Am anere Fall wären et jo lauter Hauli. Tatsächlech ass et esou, datt mir haut esou e Blietchen als Kitsch an d’Poubelle schmäissen, ouni Respekt, a muer déi nämmlecht Reklamm als Informatioun betruechten, nämlech dann wa mir op der Sich sinn no eppes Bestëmmten: d’Haus gëtt restauréiert, et sicht een no Iddien oder no gudden Affären; et dreemt ee vun engem neien Auto an et vergläicht een déi verschidde Marken. Et denkt een un en neie Salon, a souwisou wollt een nach ëmmer e Kaschmir-Pullover hunn. Tiens! Deen dote schéngt seriö ze sinn, vun deem kéint ech d’Fassade maache loossen.

Eng ganz Partie kleng Kommerzanten klappe wuel kaum vu Begeeschterung an d’Hänn. Wéi ass et mam Pizzaiolo, dee mir déi lescht Joer – besonnesch an der Pandemie- reegelméisseg all puer Wochen säi gefaaltent Blat an d’Boîte gepucht huet, fir mech drun ze erënneren, datt ech Deech an d’Genuddels och kann heem bestellen? Dee muss dann op den Internet zeréckgräifen. Ass net onbedéngt dat nämmlecht! Eng Saach vu Generatioun? Ech si mir net esou sécher.

Photo de Digital Buggu provenant de Pexels

Et versteet sech vum selwen, datt och an zwee Joer nach ëmmer d’Zeitungen däerfen ausgedroe ginn, obwuel grad déi fir enorme Pabeierkonsum suergt: an Däitschland ginn pro Joer ronn 20 Milliounen Tonne Pabeier verbraucht, dovunner en Zéngtel vun der Press. An de lëtzebuerger Gesetzprojet féiert explizitt eng Ausnam un , nämlech à l’exception de la presse d’information gratuite.

D’Zeitungen hunn dacks eng Bäilag mat dobäi….munchmol e ganze Päckelchen Reklammen. Déi bleiwen zougelooss, sinn awer fir de Kommerzant net bëlleg. Also net onbedéngt eng Léisung fir de klenge Pizzaiolo. Just déi “Déck” kéimen also nach  mat hirem Pabeier bei eis eran op de Kichendësch, entweder fir Gromperen drop ze schielen oder fir sech se tatsächlech unzekucken. D’Zuel vun den Zeitungsabonnementer goung zwar am Laf vun de Joerzéngten drastesch erof, an nawell géing et eng Ongerechtegkeet bedeiten tëscht de sougenannte klengen a groussen Annonceuren!

de Verbuet betrëfft ausschliisslech  déi kommerziell Annoncen. Déi politesch Parteien zum Beispill däerfen nach mat hiren dacks guer net esou informative Prospekter an der Bréifkëscht landen, grad esou wéi d’Fondation Cancer, Raoul Follereau etc. Och wann dat Sënn mécht, ginn ech de Verdacht net lass, wéi wann et hei géing drëm goen, dem Kapitalismus eng auszewëschen. Dat geplangtent Gesetz ass allemol en zolitten Agrëff an de Wirtschaftsmart.

Wann d’Regierung oder eng Partei zum Beispill e Communiqué verdeele léisst fir e präzisen an ëmstriddene Projet ze explizéieren, dann ass dat duerchaus informativ. Wann awer eng Partei just 20 Binnette fotographéiere léisst, fir datt de Bierger hinnen eng Stëmm bei de Wahle gëtt, dann handelt et sech dobäi ëm näischt aneschters ewéi ëm hire fonds de commerce. Bëlleg politesch Reklamm!

Ugeholl, Dir pecht näischt op Äer Bréifkëscht an Dir hutt nawell eng Reklamm dra leien: da kënnt Dir Plainte areechen. D’Strof fir de Kommerzant läit bei 25 Euro a ka bis zu 10.000 € goen! Wien ass dann de Schëllegen? Klore Fall: de Bréifdréier deen sech einfach verdunn huet!

Vill Utsch a Wéi fir de ganze Secteur bréngt dee Gesetzprojet wuel mat sech. Ugefaangen bei de Publicitéitsagencen bis eriwwer an d’Dréckereien.

Photo de Erik Mclean provenant de Pexels

Déi eng oder aner Gesellschaft wäert et wuel net iwwerliewen, Aarbechtsplazen stinn um Spill. Et bleift näischt aneschters iwwereg ewéi sech ëmzestellen, an zwar séier. Op den Internet!

Do geet awer kaum een blannemännerches no Reklamme sichen, also misst een higoen an eng Zort national Plattform installéieren, wou een dann all d’Reklammen fir Betriber zu Lëtzebuerg erëmfënnt, no de verschiddene Kategorien sortéiert. Ma esou eppes hat d’Fédération des artisans scho viru Joer geplangt an an de Sand gesat!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *