Den Trumpismus steet fir amerikanesch Verhältnesser. Et ass net ausgeschloss, datt et déi gesellschaftlech Reaktioun ass op de Wokismus, op déi elitär Ënnerdréckung vun Deeler vum Vollek, dat munchmol méi konservativ ass ewéi gewënscht. Bleift den Trumpismus een Eenzelfall, e Virus a Quarantaine um Kontinent déi aner Säit vum grousse Pull? Näischt ass manner sécher ewéi dat: de Phenomeen huet längstens ugefaangen, sech och um europäesche Kontinent breet ze maachen, ze streeën ewéi Kriibs an ausgerechent d’Dräierachs Paräis-London-Berlin -wichteg um europäeschen Niveau an um Plang vun der militärescher Opstellung vis-à-vis vu Russland- ass heftegst dovunner befall..
Trumpismus ass gläich Populismus. An dovunner kënnen déi meescht EU-Memberlänner e Liddchen matpäifen: zu London ass de Nigel Farage an de Startbléck fir d’Nummer 10 an der Downingstreet, zu Paräis preparéiert sech de Rassemlement national fir an den Elysée – ob mat Le Pen oder Bardella sief dohinner gestalt-, an zu Berlin ass eng Alice Weidel vun der AfD als Bundeskanzlerin och net méi auszeschléissen. Dat léisst déif blécken an déi traditionell Parteien refuséieren ze reagéieren!

Op der Hallefinsel kéim Reform UK eng éischte Kéier op iwwer 30 Prozent vun de Stëmmen, idem a Frankräich wou den RN zanter 6 Méint mat 123 Deputéierten déi stäerkste Fraktioun an der Assemblée Nationale duerstellt an an Däitschland huet d’AfD 151 Sëtzer am Bundestag vun am Ganzen 630. All dës populistesch Parteien hunn en tronc commun: Ressentimenter vis-à-vis vun de klasseschen Elitten, d’Nostalgie vun der Vergaangenheet – fréier war alles besser- an eng hefteg Europhobie.
Op déi Manéier léisst sech keng Politik maachen! Weder op nationalem Plang, nach op europäeschem. Dëse populistesche Virus huet d’Politik méi befall, wéi et an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt. Frankräich ass hefteg ugeschloen, souwisou schonn zanter Joer ma grad déi lescht Méint a Wochen hu gewisen, datt den Hexagon politesch net méi ze féieren ass! Bloquons tout, heescht et vun engem rosene Vollek, dat sech selwer an d’Verdierfnes féiere léisst, bis wierklech näischt méi geet. De Premier Lecornu huet schonn no 24 Deeg d’Bengelen bei d’Tromm. gehäit, seng Ministeren ware grad emol 14 Stonnen am Amt.

De Macron muss fort, jäizt de Fransous. Dat wäert och iergendwann de Fall sinn. D’Populiste verspriechen héich an helleg, da wieren ewéi beim Tischlein, deck dich!- an engem Siess nees Suen do fir de Sozialstaat, d’Pensiounen, d’30- Stonnewoch asw. Vill Wieler falen dorobber eran: mat engem Dram mat Happy-end schléift sech bekanntlech besser ewéi mat Dämonen aus der Realitéit.
Déi traditionell Parteien hunn déi lescht Joer, wann net Joerzéngten näischt géint des geféierlech Entwécklung ënnerholl. Si duechten, et géing duergoen, e puer Grimmelen vun de Parteiprogrammer aus den extreemen Ecker ze iwwerhuelen, fir datt deenen d’Loft géing ausgoen; virun allen hunn si et net fäerdeg bruecht, de Leit d’Angscht virun der Immigratioun ewechzehuelen. Keng vun de klassesche Parteien blouf verschount, och net zu Lëtzebuerg.
Déi sozialistesch Aarbechterpartei koum virun 21 Joer nach op 23,4 Prozent vun de Stëmmen, also op bal e Véierel; duerno goung et stänneg de Bierchof, bis op en absolutten Déifpunkt 2018 mat 17,6 Prozent, manner ewéi e Fënneftel! 21 Joer huet een net reagéiert -ausser e bësselche Gepiddels an der politique politicienne, schliisslech war ee Joerzéngte laang gutt kuscheleg mat der CSV am Regierungsbett an duerno mat Gambia. D’LSAP – déi elo rezent a Klausur war- misst mol eng Kéier an den héijen Norde vun der EU kucke goen.
Skandinavien gëllt jo ëmmer als Virbild fir Demokratie a Sozialstaat, besonnesch d’Press ass beflass, drop hinzeweisen wéi agreabel et sech do liewe léisst; ëmsou méi erstaunlech ass et, datt d’Nationalwahlen an Norwegen vum 8. September net weider kommentéiert goufen. D’Sozialisten hunn et nämlech fäerdeg bruecht, ëm 10 Punkten an der Wielergonscht ze klammen op bal 28 Prozent. Eng vun den Erklärungen: eng méi stramm Rhetorik wat d’Immigratioun ubelaangt.
Identesch Entwécklung an Dänemark wou d’Sozialdemokraten d’Wahlen grad esou héich gewonnen hunn, mam Verspriechen un d’Wieler, d’Anti-Immigratiounsgesetzer drastesch ze verschäerfen. An esou kann – quasi bäileefeg- d’Pensiounsreform ouni Problem duerchgezu ginn: bannent 15 Joer gëtt de Pensiounsalter bei den Dänen vu 67 op 70 Joer eropgehuewen.
Bei eis bleift et bei der Cappuccino-Versioun, bei Wischi-Waschi-Politik. Iwwregens: och eng CSV huet änlech Problemer, fir d’Vollek nohalteg z’iwwerzeegen. Déi populistesch Parteien hu ganz Aarbecht gemaach!
Wéi huet de Karl Marx den Hegel zitéiert: “Hegel bemerkt irgendwo, dass alle großen weltgeschichtlichen Tatsachen und Personen sich sozusagen zweimal ereignen. Er hat vergessen hinzuzufügen: das eine Mal als Tragödie, das andere Mal als Farce.”
Si mir elo net tatsächlech, wat d’Droite ugeet, no Tragédie a Farce, an der batterer Realitéit ukomm?
L’histoire se répète – wouhinn soll dat alles hiféieren?
A weem seng Schold ss dat?
O mei…