Recent Posts

Post Categories

Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...
Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie 
D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff geet a 4 Méint an d’Pensioun. Si war e leschte Samschdeg Invitée an der RTL-Emissioun...
Frank Bertemes: Rentendebatte und Bürgerbeteiligung 
„Sage es mir, und ich werde es vergessen. Zeige es mir, und ich werde es vielleicht behalten. Lass es mich...

Blog Post

Gesellschaft

D’32-Stonnewoch am Zeeche vun der Lidderegkeet oder vun der Innovatioun? 

D’32-Stonnewoch am Zeeche vun der Lidderegkeet oder vun der Innovatioun?
Bild von Nile auf Pixabay

 

D’Fransousen hunn dem Faass de Buedem ausgeschloen. Méint laang kruten si erkläert, datt si misste méi laang schaffe goen, am anere Fall géing de Pensiounsregimm an d’Gette falen. An duerno? Krute si an Aussiicht gestallt, eventuell manner mussen ze schaffen: d’32 Stonnewoch. Ass dat net fir ze laachen? Leider wäit a breet kee Coluche ze gesinn an ze héieren!

Dobäi huet Frankräich elo schonn eng ëffentlech Schold vun iwwer 3000 Milliarden Euro. De politesche Message no baussen: wann et dem Staat oder engem Betrib wirtschaftlech net gutt geet, da schaff net méi, ma manner! Méi richteg wier: vun näischt kënnt näischt.

Photo by Kateryna Babaieva: https://www.pexels.com/photo/man-wearing-orange-hard-hat-2760241/

Zu Lëtzebuerg soe sech Sozialisten, Kommunisten , déi Gréng an déi Lénk och prett fir mat der Aarbechtszäit op d’mannst ze experimentéieren. Beim Patt roude Wäin gëtt nawell gäre gelästert, datt 99 Prozent vun der Gesellschaft vun engem eenzege Prozent ënnerdréckt ginn. L’enfer, c’est les autres! Hiert geseentent Brout suergt mol fir déck Jalousie. Déi ouni vill Suen ginn ausgespillt géint déi mam décke Portmonni: déi Superräich sollen méi héich besteiert ginn, souzesoen eng moralesch Strof fir hir Frechheet, esou vill Geld ze hunn, an zugläich soll dat schaffend Vollek méi Fräizäit kréien.

U sech geet et deenen ‘Ënnerdréckten’ zu Lëtzebuerg dacks wierklech gutt. Wann ee mat Patronen an d’Gespréich kënnt, kritt een ze héieren wéi schwiereg et ass, Mataarbechter ze fannen, déi nach bereet sinn, plein temps ze schaffen. Vollzäitjob, dat war eemol! Ëmmer méi Lëtzebuerger schaffe 50 oder 75 Prozent, dorënner vill Frae wéinst dem Privatliewen, ma och ëmmer méi Männer. Bedéngt duerch d’Ierfschaftssteier déi et an direkter Ligne zu Lëtzebuerg net gëtt, hu vill Familljen e gesond Kapital ugeschäffelt, dat hinnen eben gewësse Fräiheeten erlaabt.

Photo de Ono Kosuki: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/detail-d-affutage-artisan-ethnique-professionnel-5973834/

Déi Situatioun féiert munchmol zu Enkpäss an der Organisatioun vun der Aarbecht. Deen ee Mataarbechter mat mi-temps schafft Moies un engem Dossier deen am Nomëtten vun deem aneren aus Zäitgrënn iwwerholl gëtt. Déi zwee hunn nawell gären ënnerschiddlech Approchen, ënnerschiddlech Interpretatiounen, aner Prioritéiten. Koherent Aarbecht gesäit aneschters aus.!

Allgemeng ass ee Mataarbechter méi einfach ze geréieren ewéi zwee. De Patron brauch just no engem Privatliewen ze kucken an net no zwee. Kleng Betriber wéi zum Beispill Apdikten hunn op deem Plang reegelméisseg Schwieregkeeten, d’Enner beieneen ze kréien: Aarbechtskontrakter vu 75 Prozent, 50, jo esou guer vun 30 Prozent si keng Raritéit, ma scho bal d’Reegel. Dat ass keng glécklech Situatioun, och net fir de soziale Fridden!

Iergendwéi muss d’Politik jo dach zouginn, datt déi Räich net d’Mëllechkou vun der Natioun sinn. Alles Gute kommt von oben” geet op bis zu engem gewëssene Punkt an dann ass Schluss! Also versprécht een dem Bieger – viru Wochen nach Wieler-, fir e bësselche méi Gerechtegkeet am Gruef tëscht räich an aarm ze suergen, mat enger méi grousser Steierlaascht op deene ganz breede Schëlleren a mat manner Aarbechtspensum fir déi Ënnerdréckten. Dofir d’36-Stonnewoch! Oder d’32-Stonnewoch. Bei vollem Lounausgläich, versteet sech.

Bild von Jan Vašek auf Pixabay

De Mënsch geet schaffe fir ze liewen, ma lieft net, fir ze schaffen! ass de Message. Eng krass Ausso déi de Wäert vun der Aarbecht an der Gesellschaft déif erofsetzt. Datt awer eng ganz Natioun vun der Aarbecht vun jidder Eenzelem lieft, gëtt gäre vergiess.

Produire, produire et encore produire(…), c’est la forme la plus élevéee de(…) votre devoir de Français. Dat sot 1945 de Fransous Maurice Thorez zu de Minnenaarbechter an hie war…Kommunist! D’Aarbecht ass haut zu enger lästeger Niewesaach ginn, ausser et huet ee keng. Sech ustrengen, schaffe bis datt d’Schwaart kraacht, dat ass out, dat kënnt aus enger anerer Welt. Wuelverstanen: ech pauschaliséieren a weess genee, datt et och där anerer ginn.

“…an dat fänkt schonn an der Schoul un…!”

Mir wëlle jo d’Chancëgläichheet hunn an der Schoul. Dat heescht näischt aneschters ewéi datt déi méi Talentéiert mussen de Lidderhanes markéieren, fir datt déi aner kënnen nokommen. Also wannechgelift esou wéineg ewéi méiglech Ustrengung! An no där schoulescher Chancëgläichheet geet et zeréck an d’Realitéit: déi eng kréien vun den Eltere gehollef fir op d’Universitéit, fir en Appartement, déi aner net.

D’Chancëgläichheet misst eigentlech bei der Gebuert ufänken. Mä Gott an Darwin hunn et aneschters entscheet: op intellektuellem Plang, op physeschem ewéi psycheschem Niveau bestinn nun emol grouss Ënnerscheeder. E Kand vun 2 Joer an enger wuelituéierter Familljen huet e Vokabulär vun 80 Wieder, dat nämmlecht Kand an engem méi aarmen Entourage kennt just 70 Wieder.

Photo de Goran Dojčinović: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-portrait-roi-costume-11064686/

Gläich um Ufank also schonn e groussen Ënnerscheed. Deen ee muss vill méi wudderen ewéi deen aneren, deem den Herrgott et quasi an de Schouss leet. Schonn de Molière hat mat deenen mam décke Portmonni de Geck gemaach:” les gens de qualité savent tout sans avoir jamais rien appris” (Les Précieuses ridicules). Oder och de Beaumarchais am Mariage du Figaro:” Noblesse, fortune, un rang, des places: tout cela rend si fier. Qu’avez-vous fait pour tant de biens? Vous vous êtes donné la peine de naître, et rien de plus!”.

Déi Ënnerscheeder tëscht aarm a räich ginn duerch d’Aarbechtszäitverkierzung net aus der Welt geschafen!

Méi Asaz op der Aarbecht kann een och mat Léift zu der Aarbecht ëmschreiwen. Grad vun deene Jonke krut ech déi lescht 15 Joer psittacistesch de Saz ze héieren, datt een sech a senger Aarbecht muss kënnen erfëllen. Dat bedeit awer näischt aneschters ewéi datt ee méi Begeeschterung weist, datt ee fir seng Aarbecht lieft! Den Trend weist allerdéngs dacks an eng aner Richtung.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-allongee-sur-le-lit-couvrant-une-couverture-blanche-271897/

Et huet sech en neien wirtschaftlechen Ausleefer entwéckelt, mam Numm: Wirtschaft vun der Flemm. Domadder gemengt sinn all d’Aktivitéiten déi ee vun Doheem aus mécht: op Amazon a Co all méiglech Saachen bestellen, sech eng Pizza heem brénge loossen – repas sur roues fir Jugendlecher-, de Kontakt mat der Aussewelt refuséieren. Léiwer tiktoken ewéi un der Gesellschaft participéieren!

 

“…Soll een et op e Versuch ukomme loossen?…”

Den Historiker Northcote Parkinson – näischt ze dinn mat der Zidderkrankheet!- hat schonn 1958 d’Theorie opgestallt, datt duerch Gesetzer a Reglementer d’Bürokratie an d’Onendlecht wiisst an datt doduercher d’Gesetzgebung parallel manner effikass gëtt. D’Aarbecht hëlt zou fir d’Zäit opzefëllen, déi engem Salarié zur Verfügung steet. Oder och: déi nämmlecht Aarbecht kéint vill méi séier, also manner laang erleedegt ginn ewéi dat munchmol de Fall ass.

Déi Beschreiwung kann duerchaus zoutreffen op eng ëffentlech Verwaltung, manner op e Privatbetrib, a wann, dann ass de Patron selwer schold. A Groussbritannien hunn 61 Betriber d’Véierdeegwoch als Test agefouert a woren no engem Joer méi ewéi zefridden: d’Mataarbechter hu manner gefeelt, d’Produktivitéit goung an d’Luucht.

Bei eisem däitschen Noper lafen den Ament och Diskussiounen iwwer d’Aarbechtszäit, glécklecherweis zum Deel méi realistesch: d’Teutonen setzen net einfach esou d’Wochenaarbechtszäit erof, ma denken iwwer ee verlängerte Weekend no. Zum Beispill géing d’Aarbechtszäit op 38 Stonnen d’Woch festgesat ginn, de Weekend géing Donneschdes Owes ufänken. Grousse Bemol: d’Leit missten all Schaffdag 90 Minutte méi laang ofsëtzen.

Also och zu Lëtzebuerg testen? Firwat net! Ech ginn allerdéngs ze bedenken, datt déi positiv Stëmmung duerchaus ka kippen. Do wäert et net laang daueren, bis datt Personalvertrieder a Gewerkschafte mam Slogan kommen: Murcks a Stress op der Aarbechtsplaz! Well wann een déi nämmlecht Aarbecht mat engem Fënneftel manner Zäit kann realiséieren, dann ass et eriwwer mat de laange Kaffiskränzercher, mat de Fëmm- a Pisspausen! Da muss richteg geklotzt ginn!

An et gi wuel (vill) Beruffer wou d’Aarbecht net kann an der Zäit kompriméiert ginn. Ech huelen d’Beispill vum Hygienendéngscht, vun deene Männer a Fraen déi eis eemol d’Woch d’Poubelle eidel maachen.

Photo de Lisa Fotios: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photographie-en-niveaux-de-gris-des-poubelles-2952809/

Si fueren hier Tournée all Dag an engem anere Quartier a missten mat der neier Aarbechtsandeelung nach e Fënneftel vun engem zweete Quartier ufänken. Onméiglech! De Won mam Dreck dra muss jo tëschenduerch eidel gemaach ginn an eleng dat hëlt enorm vill Zäit ewech. An dësem Fall misst kloer eng Equipe bäikommen.

De Steemetzer deen den Ament 100 Zillen pro Dag openeen tässelt, misst op 125 kommen. Gëtt d’Mauer nach riicht? Wéi ass et mat der Sécherheet? A meng Coiffeuse? Déi muss – am Fall vun enger 32 Stonnewoch- wuel schnëppelen op Däiwel komm eraus! Schaafe mir op dës Manéier net nees eng nei Ongerechtegkeet, ze vergläichen mam home office? Déi eng profitéieren voll dovunner, déi aner ginn eidel aus. Missten dann net finanziell Kompensatioune agefouert ginn?

Am Fall vun enger Reduktioun vun der Aarbechtszäit bei vollem Lounausgläich ass jo mol kloer, datt d’Aarbecht méi deier gëtt! Kierzlech huet den Usträicher bei mir exakt 1 Woch gebraucht; elo wieren et eng Woch plus 1 Dag. Dat mécht de gudde Mann net gratis! An dem Usträicher säi Gesell – e franséische Frontalier- kënnt mat enger net onwichteger Interpretatioun:

Super! Il reste plus de temps pour le travail en noir! Dat nennt sech déi gro Wirtschaftszone déi ëmmer méi u Gewiicht zouhëlt. Den Usträicher huet mech 7000 Euro kascht, de Schwaarzaarbechter hätt déi nämmlecht Aarbecht fir eng “0” manner gemaach. Do ass d’Tentatioun fir déi nähste Kéier grouss! Op alle Fall wäerten déi Fläisseg vun der zousätzlecher Fräizäit profitéieren, fir nach méi Schwaarzgeld niewelaanscht ze maachen!

“….Et geet mir net drëm,…”

… mech mordicus géint manner schaffen ze wieren. D’40-Stonnewoch ass net vum Moses an de Stee gemeesselt ginn an ech verstinn och, datt déi Jonk haut aner Problemer hunn ewéi déi Generatioun virun hinnen.

Villäicht hänkt et elo schonn drun, wat een aus senger Fräizäit mécht? Et muss een et jo net dem Albert Einstein nomaachen, dee reegelméisseg 10 bis 12 Stonnen am Bett louch….an deem am Schlof dem Newton säin Apel an de Schouss gefall war.

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Intressanten Text zu engem aktuelle Sujet. Ech ka just aus eegener Erfarung aus menger aktiver Zäit als RH-Mann an Dirigeant zoustëmmen: Spassgesellschaft a “work-life balance”, mat Betounung op LIFE natierlech als déi absolutt Prioritéit fir eis jonk Generatioun, déi an esou enger Welt opgewuess ass an alles als selbstverständlech ugesäit-Sorry, sou geet dat net! ‘t gëtt een de Verdacht net lass, datt déi jonk Generatioun e Problem mam Terminus “Aarbecht” huet grad esou wéi mat der Identifikatioun mat deem, wat sech a gesonder Form an ouni Fanatismus als Betriibsidentitéit bezeechend an der Relatioun an dem Engagement zu deem, wat e mécht a wéi serieux een eppes mécht. Natierlech ginn et do sektoriell Differenzen, schwéier a kierperlech, wéi och psychesch méi belaaschtend Aarbechten asw. muss een an dee Gesamtdebat ëm d’Aarbechtszäit och mat abezéien, grad esou wéi iwwregens an den Debat iwwer de Pensiounsantrëttsalter. Eng generell Aarbechtszäitverkierzung ass éischter zweetrangeg, geet et dach bedeitend méi ëm sektoriell Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, déi je no Secteur ënner den Tarifpartner soll ausgehandelt ginn – mam Ofweien vun de jeweilegen Interessen a kucken, wat dran ass. Wann dobäi eng Aarbechtszäitverkierzung sollt méiglech sinn, firwat net-mä dat ka ganz einfach (an den Text vum Här Kaiser nennt do Beispiler) keng generell Regel sinn. Egal wéi, wann do anstänneg Diskussioune gefouert ginn, dann ass dat absolut sënnvoll, awer vun enger genereller Aarbechtszäit vun 32 Stonnen ze faselen, dat ass an diverser Hisiicht onrealistësch. A jo, d’Spassgesellschaft mat manner Aarbechtszäit kascht och sou ganz niewebäi Geld-da musse wuel dann och nach d’Léin erhéigt ginn…Mir dréien am Kreess a sou einfach geet dat ganz einfach net.

    1. Guy Kaiser

      Merci fir Ar Reaktioun Här Bertemes. Et ass kloer, ech hätt den Artikkel kënnen ad infinitum schreiwen, esou vaste ass d’Thematik. Ech ginn Iech Recht: Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit schéngt éischter d’Léisung ze sinn an do ass éischter d’Cogestioun an de Betriber gefuedert ewi de Gesetzgeber.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *