Dass de Bësch, d’Beem grad an eiser Zäit extrem wichteg fir de Klima, fir d’Bannen vum CO2 sinn, dat weess haut schonn bal all Kand. An esou kritt an dësem Super- Wahljoer d’Thematik ëm d‘Klimakrise erëm zolitten Opdriff. Bei deene meeschten politesche Sonndesrieden däerf d’Stéchwuert „ CO2- Reduzéierung“ net feelen.

Grad esou läit et op der Hand, dass de Begrëff „ Forst-WIRTSCHAFT“ aus dem viirechten Joerhonnert sollt, jo misst ëmgedeeft ginn op Forst-SCHUTZ. Allerdings ass de Message, nämlech eis Bëscher an Bambestänn als CO2- Bekämpfer ze schützen, an ville Käpp nach ëmmer net ukomm.
Den 09. Februar hate mer hei schonn e puer krass Beispiller bruecht wéi op kommunalem a staatlechem Niveau wäertvoll Bamsubstanz mat Steiersuen zerstéiert gouf a weider gëtt. Verschidden Bierger hunn sech elo bei eis gemellt an un Hand vun konkreten Beispiller an Bildmaterial gewisen wéi weider mat ëffentlechen Suen an deierem Material an der Natur geraibert gëtt. De Marc Thoma huet sech uechter d’Land déi prekär Situatioun ugekuckt an hie fänkt säi Reportage un zu Steesel.
D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring awer ass zefridden mat hirer Aarbecht fir Bam a Bësch
De Reportage vum Marc Thoma ass wéi ëmmer och op apart.tv ze gesinn

…d’Schlusszitat vum Albert Eisnstein seet eigentlech alles! Wéi domm si mir? ‘t freet ee sech, wou dann all déi héich qualifizéiert Leit, déi mir souwuel an de Gemengen, wéi och an de Verwaltungen hunn, sou eng Crimen un an an der Natur kënnen zouloossen. Wéi ass esou eppes méiglech? Och ech gesi villes op menge Spazéiergäng respektiv Velostouren, dat fir mech einfach onverständlech ass an dat grad an deenen Zäiten, an deene mir liewen…
Merci dem Marc Thoma fir säin Asaz an all deene Leit, déi sech net scheien, op hir Aart a Weis ze protestéieren!
Richteg Här Bertemes wat där schreift ,könnt nach derbéi dass deenen « qualifizéierten Leit » néischt geschitt resp. an deem Marienland hei nie Konsequenzen huet. Hei ass eng République des camarades wou se Narrefraïheet hun.
Jo Här Guth, hei ginn d'”Narren” wuel mat de See an der Géigend rondrëm geschéckt. Ech hunn haut de Mëtteg nach däraarteg Aktivitéiten laanscht d’Uelzécht tëscht Kruuchten a Kolmer duerfe feststellen, wou eng Rei Beem iwwert der Mëtt ofgeschnidde gi sinn – ee fuerchtbaart Bild!
Wat soll dat alles?