J e détestais Paris, cette ville infestée de bourgeois écoresponsables me répugnait, j’étais peut-être un bourgeois moi aussi mais je n’étais pas écoresponsable, je roulais en 4×4 Diesel- je n’aurais peut-être pas fait grand chose de bien dans ma vie, mais au moins j’aurais contribué à détruire la planète- et je sabotais systématiquement le programme de tri sélectif mis en oeuvre par le syndic de l’immeuble en balançant les bouteilles de vin vides dans la poubelle réservée aux papiers et emballages…
dat sinn e puer Zeilen aus dem Michel Houellebecq sengem leschte Buch
“Sérotonine”. Skandaléis? Jo, grad an dësen Zäiten, wou jidderee mengt, sech mussen ze engagéieren, fir datt eise bloe Planéit net grad esou séier ofstierft, wéi Wëssenschaftler eis dat gleewen doen. Den Houellebecq ass Schrëftsteller, Artist, déi si souwisou nëmmen hallef gebaak! Loosse mer bei him duerch d’Fanger kucken an eis nees ëm déi richteg eescht Saachen vum Liewe këmmeren: den Tri vun de Poubellen!!
an awer kann een iwwer dat nodenken, wat de Mann hei schreiwt. Eben grad alles just ëmgedréit: et passt een awer och iwwerhaapt net op d’Ëmwelt op, well d’Politik sech jo och komplett foutéiert. Mir ginn als homo consumens gedrillt, fir datt d’Wirtschaft dréit, an zwar esou bëlleg wéi méiglech dréit, fir datt esou vill ewéi méiglech fir d’Actionnairen iwwereg bleiwt! An deem faule Systeem soll ech matmaachen, fir der Ëmwelt ze hëllefen?! Kommt, mir erstécken de Planéit, an zwar esou laang, bis datt d’Politik waakereg gëtt an agesäit, datt et un hir ass, den néidege Kader ze setzen. Ass et net topeg, Pabeier vu Glas ze sënneren, ouni de Probleem bei der Wuerzel ze paken?! Gi mir net zanter Joer fir blöd gehaalen?
D’Hoffnung läit an der Technik an op de Wëssenschaften. Viru Joer gouf de Geck mat de Spuerbiere gemaach – och vu mir- an haut ginn et LED-Biren, déi net nëmmen e schéint Liicht hierginn, ma och nach extreem wéineg Stroum verbrauchen. Dat ass geschitt duerch eng europäesch Direktive, déi Drock op d’Industrie gemaach huet…an, et huet geklappt. Ënner der EU-Kommissioun J. Santer gouf Plastik produzéiert, deen aus japaneschem Gras bestaanen huet, mam Resultat: et huet een d’Shampoingsfläsch an de Gaart gepucht, an no e puer Wochen war se verschwonnen, hat sech selwer kompostéiert. Hooken un der Saach deemols: wann de ganze Plastik op déi Manéier produzéiert gi wär, hätt daat japanescht Gras mussen däermoosse staark geplanzt ginn, datt an der europäescher Unioun keng Plaz méi fir Gromperen iwwereg bliwwe wier. Et weist awer: et ass méiglech, et muss just Drock gemaach ginn vun der Politik op d’Industrie. A fir d’éischt, Drock vum Konsument op d’Politik!