Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Politik

De klenge Mann vun der Strooss: “meng Meenung gëtt zu Näischt gefrot” (2) 

De klenge Mann vun der Strooss: “meng Meenung gëtt zu Näischt gefrot” (2)
Image parStockSnap de Pixabay

d’Entwécklung an der Gesellschaft ass net nei, spëtzt sech aver zou, an zwar an deem Sënn, datt een Deel vun der Populatioun sech am Stach gelooss fillt, an datt en aneren Deel sech als Elite gesäit. Dat wor schonn de Fall zu ARBED’s-Zäiten, ma an der direkter Nokrichsgeschicht hat een dach méi dacks dat Gefill, datt een deen anere brauch. Et war och déi Zäit nach méi einfach, fir bei der ARBED eng Plaz ze fannen: de Portier huet just brauchen e Schlëssel ze hunn, fir d’Paart opzespären, haut par contre muss hie Kenntnisser hunn an der Informatik! Zanter e puer Joer héiert een ëmmer méi dacks vun déi do uewen: gemengt sinn Politiker an déi, déi kënnen am Schampes bueden. Kloer, dat huet een och an de leschte Joerzéngten ze héiere krut vun enger Arbeitnehmerschaft, déi all Moies e fette Patron mat Zigar am Bak op der Botterschmier erageholl huet. An nawell manifestéiert sech dëse Broch an der Gesellschaft ëmmer méi krass, virun allem an de soziaale Medien, wou reegelméisseg nei Diskussiounsgruppen entstinn a wou engem munnechmol d’Hoer zu Bierg stinn. Dës Leit empfannen et dacks als geziilte Systeem, datt déi Elitär op déi Kleng drécken, fir si nëmmen net eropklammen ze loossen. Dat ass eng ongesond Entwécklung!

Awell dës Leit sech aleng gelooss fillen, sin se onzefridden a manifestéieren dat och; wéi gesoot, an de soziaale Medien an och an der Politik. Dës Leit fillen sech an den traditionelle Parteien, virun allem an de Volleksparteien net méi onbedéngt doheem, fillen sech net verstaan, ginn dacks virun de Kapp gestouss. An esou geet een aus Protest aner Parteie wiélen, et gëtt een e Vote blanc oder nul of oder et geet een iwwerhaapt net wiélen.

Image parFree-Photos de Pixabay

D’Diskussiounen tëscht deenen do uéwen an deenen do ënnen sinn och net méi esou einfach wéi fréier! Sécher, en Affekot  (Politiker) hat et nach ëmmer schwéier, d’Probleemer vun engem Schräiner oder engem Steemetzer kënnen nozevollzéien, ma virun 20 Joer gouf déi Diskussioun dacks um Comptoir gefouert an haut limitéiert se sech op 180 Zeechen op Twitter (dervunner ofgesinn, datt Twitter fir déi Elitär ginn ass an d’Vollek sech op Facebook däerf d’Käpp aschloen).

 

D’Press gëtt vun deene Leit gären an dat nämmlecht elitäert Dëppe gehäit. Natiirlech gréisstendeels zu Onrecht, ma et soll ee probéieren, dës Reaktioun ze verstoen. De Journalist muss sech Dag fir Dag mat der Elite ofginn, mat Politiker, mat Patron, mat Gewerkschaftsbossen, kuerz mat der crème de la crème oder mat de forces vives de la nation; dat ass jo ze verstoen, well et eben dës Leit sinn, déi Decisiounen huelen, déi d’Land féieren. Nëmmen, kënnt dobai de “klenge Mann/kleng Fra vun der Strooss” net ze kuerz? Wéi dacks gëtt deen/déi ëm seng/hir Meenung gefrot? Et kënnt mir esou vir, wéi wann d’Press dës Leit net méi op hirem Radar hätt, dacks mam Argument, datt een dem Populismus net ze vill Plaaz sollt loossen. Fréier war e Politiker houfereg, wann hie konnt soen, hien hätt dem Vollek an d’Maul gekuckt, haut nennt een dat populistesch a mengt domatter brongen Dreck! Wéi de Mindestloun ëm 100 Euro eropgesat gouf, huet d’Press d’Patron iwwer dës Decisioun lamentéiere gelooss, ma et wäer eng gutt Geleegenheet gewierscht, och d’Vollek ze froen, déi Betraffen zu Wuert kommen ze loossen. Keen huet eppes géint 100 Euro, ma déi Betraffen wäre mat Sécherheet mat anere Probleemer an d’Ëffentlechkeet gaangen. Där Geleegenheeten huet een am Laaf vun de Joer méi dacks verpasst!

Image paromer yousief de Pixabay

Et mécht een dat einfach net méi an et iergert een sech, wann d’Vollek sech herno frustréiert an de soziaale Medien manifestéiert an deen Ament tatsächlech dacks déiwe Quatsch verzaapt! D’Parteien hunn, eng wéi déi aner, matt Ausnahm vun deene Lénken, vun de Kommunisten a vun der ADR, aus wahlstrategësche Grënn des Leit net méi considéréiert, mam Argument, datt et sech dobäi ëm relativ wéineg Wieler handelt an een de Stëmmekarschnatz éischter an der politescher Mëtt sicht. Datt Gambia mat de gratis Crèchen kënnt, ass absolutt ze begréissen; och de gratis Transport entlaascht dës Leit geheiereg, an zugläich déi Leit, déi et net néideg hunn. Dee “klenge Mann” waaart nach ëmmer drop, datt mat himm geschwat gëtt, wéi zum Beispill iwwer seng Probleemer, zu Lëtzebuerg eng Wunneng ze fannen, fir ze lounen oder fir ze kafen.

 

Dobäi wier et esou wichteg, matt esou Leit an d’Gespréich ze kommen, well si hu verstaanen, datt si fir eng relativ no Zukunft wäerten zu de Verléierer vun der Gesellschaft gehéieren! Déi digitaal Revolutioun steet virun der Dier. Just e banaalt perséinlecht Beispill: ech hu mir kierzlech e Robocop kaf, dee mir de Wues schneid. De FREDDY -esou hunn ech hien gedeeft-, mécht d’Saach ganz gutt, woumatter kloer ass: wann ech aal sollt ginn, ruffen ech kee Gäertner a kee Pro actif, well ech hu jo de Freddy! Däer Beispiller ginn et geschwënn Dosenden, an dausenden Aarbechtsplazen stinn um Spill! Dat wëssen d’Leit, ma et ass keen do, fir matt hinnen driwwer ze schwätzen.  Dës ongesonnd Entwécklung an der Gesellschaft huet iwwregens scho viru ronn 20 Joer ugefaangen, also och ëener Schwaarz/Blo a Schwaarz/Rout. Well d’Situatioun sech awer -grad wéi am Ausland- zouspëtzt, warnen ech virun dësem Feeler, dee mir spéider gesellschaftlech a politesch ze bezuele kréien….

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *