Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Ëmwelt

Mat grénger Ideologie an d’sozial Mauer! 

Mat grénger Ideologie an d’sozial Mauer!
getty images

 

Sécher! Iergendwann muss de Politiker jo ufänken, seng Sonndesrieden an d’Praxis ëmzesetzen. Mä muss hien direkt mam Läffel an de Bräi schloen, d’Bierger virun de Kapp stoussen?! Mussen et direkt Verbueter sinn? Déi Gréng sinn op deem Plang absolutte Champion. Den däitsche Wirtschafts- an Ëmweltminister Robert Habeck verbitt mol einfach esou Masutt- a Gasheizung. Dat ass iwwregens zanter dräi Méint schonn de Fall zu Lëtzebuerg, mam Ënnerscheed, datt bei eis keen dovunner schreift. Déi groussherzoglech Press ass grad nach am Wanterschlof!

D’Flinten-Uschi hechelt och hirem green deal hannendrun: d’Europäesch Kommissioun huet sech déi lescht Woch vum Europäesche Parlament d’Sanéierungsflicht vun ale Gebaier ofseene gelooss. Dat heescht näischt aneschters ewéi datt och al Haiser méi Energie-effikass musse ginn. Spéitstens a 7 Joer mussen si an d’Energie-Kategorie “E” kommen, spéitstens an 10 Joer an d’Kategorie “D”. Dat bedeit fir eng ganz Partie eeler Gebaier déi komplett Sanéierung.

Photo by Tobias Bjørkli: https://www.pexels.com/photo/house-on-snow-near-body-of-water-2104151/

Nei Fënsteren mat Dräifachverglasung, neien Daach – wa méiglech mat Solarzellen-, nei Heizung – oder éischter: Heizung géint Wäermtpompel ausgetosch-, nei Rolllueden, nei Dieren, nei Schappen asw. Käschtepunkt: je nodeem bis zu 300.000 Euro! De Slogan aus der Politik et kascht, wat et kascht schéngt sech duerchgesat ze hunn. Kee stellt sech méi Froen an der Ëffentlechkeet iwwer de Käschtepunkt. An och net wat esou Transformatiounen grad fir eeler Leit bedeit.

Mat 80 Joer verdréit een esou grouss Transformatiounen bei sech doheem éischter schlecht….et huet ee genuch Problemer mat sech selwer: d’Bandscheiwen si futti, de Knéi am Jelli, d’Häerzpompel ass och net méi déi Bescht, an da soll een nach esou e grousse Schantjen iwwert sech ergoe loossen! Wärend Méint all Dag enger hallwer Dosen Handwierker an d’Gräpp lafen, am Buedzëmmer iwwer Hummer a Meessel trëllen?! Ma viru Joer schonn war jo d’Boma zur Ëmweltsau deklaréiert ginn, wëll soen: déi al Generatioun huet wuel fir de schaffe,schaffe, Häusle-baue gesuergt, awer keng Rücksicht op d’Ëmwelt geholl.Wat net wouer ass, just datt deemools d’Normen aneschters waren. Sollen déi Al elo dowéinst bludden?

“Wir können die Kosten im Kampf gegen den Klimawandel nicht auf Omas Häuschen abwälzen”, kritisierte der CDU-Europaabgeordnete Dennis Radtke. Die Parlamentarierin Jutta Paulus (Grüne) hingegen sagte, Ziel sei es, den Energieverbrauch von Gebäuden zu senken und so den Geldbeutel der Verbraucher zu schonen.(Haufe online). Déi Gréng mengen also: elo déck an de Portmonni gräifen, sech duerno an d’Holzkëscht leeën, an d’Kandskanner wäerten iergendwann vun dësem héijen Invest profitéieren! Dat grenzt un Zynismus!

Zu Lëtzebuerg: Schweigen der Lämmer, an Däitschland leeft d’Diskussioun op vollen Touren. D’BILD-Zeitung zum Beispill léisst Juristen zu Wuert kommen an déi sinn der Meenung, datt d’Politik net einfach esou kann en Typ vun Heizung verbidden. Dat wier nämlech eng staark Aschränkung vun den Eegentumsrechter a géing géint déi däitsch Verfassung stoussen! Jiddereen dierft säin Haus esou hëtzen, wéi hien dat fir richteg fënnt.

Souwisou léisst sech net an all Haus eng Wäermtpompel abauen, et sief, et rappt ee wierklech vill eraus. An engem Artikel viru Méint hat ech doropper higewisen, och op de gewaltege Käschtepunkt deen do op d’Leit duerkënnt http://bit.ly/3TrTliv An de lëtzebuerger Redaktiounsstuffen awer sinn esou vill Grénger, datt refuséiert gëtt, doriwwer eng Diskussioun ze lancéieren! Fantesimalesch fir eis Demokratie!

D’Politik kéint den Eegentum selwer allerdéngs duerch Gesetzer aschränken, ma do misst op d’Proportionalitéit opgepasst ginn, soen se an Däitschland. “Es gibt bereits das marktwirtschaftliche Instrument eines CO2-Emissionshandels. Bedeutet: Je mehr Schadstoffe eine Heizung ausstösst, desto mehr müssen die Eigentümer für sie zahlen.(Boehme-Nessler). An anere Wieder: de Verbuet vun Gas- a Masuttheizungen wier iwwerproportionéiert a misst net sinn!

Photo by Bianca: https://www.pexels.com/photo/white-concrete-house-near-trees-1560065/

An der däitscher Press leeft vill Tënten iwwer dee Sujet, zu Lëtzebuerg keng Drëps! Dobäi geet dee Verbuet extrem wäit! My Home is my castle. D’Festung riskéiert Rëss ze kréien. De Proprietär kritt d’Manéier virgeschriwwen, wéi hien ze heizen an ze isoléieren huet. Dee grénge Wee vum verbidden ass awer dee Falschen! Wéi laang dauert et nach, bis d’Buedbidden verbuede gëtt, well déi am Verglach mat der Dusch méi Waasser verbrauch?

Amplaz Verbuet wär d’Politik ugesot vun de Leckerli! Wann d’Politik nämlech hiert Zil vun der Klimaneutralitéit wëll erreechen, muss si de Bierger dovunner iwwerzeegen: engersäits lues a lues a ganz liicht d’Schrauf unzéien, anerersäits massiv finanziell Ënnerstëtzung an Aussiicht stellen. An der däitscher Sprooch schwätzt een vun Anreize, an där franséischer vun incitations. Am Lëtzebuergeschen hunn ech näischt Ekivalentes fonnt an iwwerhuelen de schwäizer Begrëff Leckerli. Eng Zort Motivatioun fir fräiwëlleg op dee Wee ze goen, net gezwongen!

“…Der Boma hiert Haischen? E Bijou!….”

Esou oder esou wäert de Logement zu Lëtzebuerg nach emol méi deier ginn. En aalt Haus muss jo net eng Bruchbud sinn nëmmen well d’Heizung, d’Fënster an den Daachstull net méi den Normen entspriechen. Am Géigendeel: et kann e Bijou sinn bei deem jonk Architekten bleech ginn vun Näid! An dat maache mir alles futti,fir erëm an d’Normen ze kommen…an de berüchtegten Wandkanal? A wann de Proprietär 50.000 oder 100.000 Euro fir ekologesch Zwecker investéiert huet, hätt hien déi spéider gären erëm. Gutt geschafft! Politiker ginn eng ëmmer méi grouss Konkurrenz fir Komiker (Dieter Nuhr).

En Energiepass hu mir zu Lëtzebuerg scho laang. (Bal) keen huet sech dofir interesséiert. Et gouf kaf a verkaf ouni och nëmmen e kuerze Bléck op dat Dokument ze werfen. Ännert sech dat mat de massiven Sanéierungsmoossnamen? Et ginn wéi ëmmer op d’mannst zwou Méiglechkeeten:

  • et bleift alles beim Alen. Den Immobiliesekteur gëtt weider net duerchgerëselt.
  • de Keefer ass wierklech schaarf op dat Dokument. Schliisslech wëll hien fir deiert Geld keng ekologesch Brak kafen, wou hien nach emol muss Suen op den Dësch leeën fir Transformatiounen. An da kéint et duerchaus sinn, datt de Wunnengsmaart an den éischte Joer nom Ëmsetzen vun der Direktive stagnéiert, well bannent esou kuerzer Zäit sinn nach net vill Haiser a Gebailechkeeten sanéiert. De Secteur ass allerdéngs elo schonn am fräie Fall!

An Däitschland ginn et 16 Milliounen Eegenheemer a vun deenen sinn 40 Prozent net sanéiert; si sinn an de Kategorieen “G” an “H”, also zimmlech miserabel. Vill Aarbecht fir d’Handwierk. Mäin Appell un déi Jugendlech: haalt op, Latäin ze léieren…huelt den Hummer an de Grapp. D’Suen sinn am Handwierk ze rafen!

“…De Pappa Staat ka jo mam gudde Beispill virgoen…”

Déi ëffentlech Gebaier kréien d’Prioritéit: si musse schonn 2028 klimaneutral sinn. Et wär also ubruecht wann d’Regierung hir To-do-Lëscht géing verëffentlechen.

luxembourg-city

Ugefaangen beim Hôtel de Bourgogne mam Staatsministär an iwwerhaapt de ganze Regierungssëtz an der Stad. Oder falen déi als historesch Gebaier ënnert d’Ausnamen? Wéi gesäit et aus mat där relativ jonker Cité Judiciaire? Ass do alles top? Gëtt d’Héichhaus tatsächlech vun enger Pompel gehëtzt?

D’Regierung huet hei ganz kloer de lead. Si huet nach 5 Joer Zäit fir all hir Gebailechkeeten konform zu enger europäescher Direktive ze setzen déi si selwer decidéiert huet. Et däerf een dovunner ausgoen, datt déi sëllegen Ëmtransformatiounen wäerten fatzeg an den nächste Staatsbudgeten zu Buch schloen. Mä et kascht jo wat et kascht!

Iergendwéi ass et den Ament an der europäescher Politik wéi am Héngerstall: jiddereen rennt opgereegt an eng aner Richtung. Firwat et och einfach maachen, wann et komplizéiert geet?! De Robert Habeck goung där Deeg fir eng Visitt a Brasilien. Do huet hien massiv grénge Stroum akaf. Mat deem Stroum kann CO2-fräien Waasserstoff produzéiert ginn. Doheem gëtt an e puer Joer kee Gas ma Waasserstoff “verbrannt”. D’Haus ass ouni grousst Gedeessems waarm, jiddereen ass zefridden. Ma neen! ‘t ass jo ze einfach! Déi Gréng dreemen hire Kannerdram weider mat ville Wandmillen a Sonneblummen…do bleift keng Plaz fir onromantesche Waasserstoff!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *