Zanter datt d’Putin-Russen d’Ukrain iwwerfall hunn, gi militäresch Iwwerleeungen méi eescht geholl, souguer an der Ëmweltpolitik an esou guer a Schweden. Dat Land wou viru ronn 50 Joer d’Gebuertsstonn vun der Ekologie geschloen huet, mécht eng 180 Grad-Kéier: Net manner ewéi 13 Projeten fir Wandmillen am Baltesche Mir opriichten ze loossen, kruten hir Autorisatioun zeréckgezunn.Wandmillen wieren eng Gefor fir d’Sécherheet vun de Bierger am Fall vun engem Krich, heescht et, woumadder wuel e militäreschen Iwwerfall vu Russland gemengt ass.
D’Schweeden schénge mam Schlëmmsten ze rechnen, schléissen op alle Fall näischt aus, an esou sot de Verdeedegungsminister Pal Jonson: am Fall vun engem Rakéitenugrëff géifen d’Wandmillen zu techneschen Interferenzen op de Radare féieren, sou datt d’Arméi net bannent 60 Sekonnen ma réischt bannent 120 Sekonnen vun där Attack eppes géing gewuer ginn. Ze laang an ze spéit fir drop ze reagéieren an d’Awunner ze warnen.
Domadder ass et fir d’éischte Kéier, datt an der Ëffentlechkeet grouss Ëmweltprojeten duerch e militärescht Argument vum Dësch gefitscht goufen. Nach virun e puer Joer hätt een sech dat net kënnen virstellen! Och net eng Diskussioun doriwwer, datt eng Energiepolitik déi op Wandmillen axéiert ass, zimmlech riskéiert kéint sinn.

Déi riseg Pottoe sti wuel friddlech am Waasser a stéiere keen, ma et ass einfach, si ze zerstéieren. D’Distanz tëscht de Wandmillen ass op ronn 1 Kilometer festgeschriwwen.a jiddereng ass mat denen aneren um Mieresbuedem verkabelt. E puer Waassergranate ginn duer fir de ganze Park brooch ze leeën. Ma firwat direkt esou brutal?! Et kann een d’Wandmillen och op déi douce Manéier K.O. schloen, nämlech mat enger Cyberattack.
Et ass genee dat wat mat e puer dausend däitsche Wandmille geschitt war gläich um Ufank vun der russescher Invasioun. an der Ukrain am Joer 2022. Deemools gouf léiwer net ze vill doriwwer geschwat, scho guer net a grénge Kreesser, deenen hiren Dram vun enger Alternativ-Energie am gaange war ewéi eng Seefeblos ze platzen. E klenge Virus geet duer fir datt Honnerte Wandmillen ophale mat dréinen. Déi brittesch Wandmillen am Nord-Mir goufen zum Beispill dee leschte Juni an deem Kontext als onsécher ofgestempelt!
Komplett nei ass d’Argumentatioun net, just datt si elo méi eescht geholl gëtt. Idem wat déi elektresch Autoe betrëfft. Fir déi déck Batteriën hierzestellen, brauch ee massiv seltene Erden; den europäesche Kontinent huet esou gutt ewéi guer näischt dovunner, muss also importéieren. China dogéint schwëmmt quasi an där matière première. Wann also weiderhin d’Prioritéit nëmmen op den elektresche Won geluecht gëtt, kéint China dat neit Saudi-Arabie ginn an d’Präisser um Weltmaart diktéieren. Europa schonn nees als Geisel?
Mir hätte jo massiv Waasserstoff….mir bräichten nach Courage!
Europa baut also keine windraeder weil sie im kriegsfall gefaehrlich sind.
Es kauft auch kein gas weil es aus russland kommt,kein erdoel da es aus saudi arabien stammt,batterien aus china geht auch nicht..
Mit Trump legt man sich.auch an.
Fazit?
Hei de buttek zoumachen und auswandern.
Wenigstens die jungen generationen sollten sich das ueberlegen…fuer die ueber 70 ist es eh egal und man kann ja noch ferien ausserhalb der EU machen solange die Vdl kommission es nicht verbietet😀😀😀