Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Kricher zu Lëtzebuerg géint Bam a Bësch! 

Kricher zu Lëtzebuerg géint Bam a Bësch!
Marc Thoma

 

Déi lescht Joer goung d’Zuel vun de Prozesser wéinst Ëmweltaffären op eise Strofgeriichter inflationär an d’Luucht! Ëmmer nees gëtt sech net un d’Naturschutzgesetzer gehalen! Virop rangéieren Delikter an dëser Kategorie, wat illegaalt Ofholzen vu Beem betrëfft an esou guer ganz Arealer vu Bëscher.

marc Thoma

Fir d’Saach positiv ze gesinn: viru Joerzéngten wieren esou Affären keen Thema gewiescht, ma am Kapp vun de Leit huet sech eppes geännert- grad elo mat der Klimadiskussioun gëtt een sech ëmmer méi bewosst, datt de Bam (iwwer)liewenswichteg ass fir de Mënsch.

Marc Thoma

Natierlech ass d’Erkenntnis – eise Bësch ze schounen- nach laang net iwwerall ukomm. Eng rezent Affär spigelt dat op eng frappant Manéier erëm. Am Éislek gouf nämlech déi lescht Wochen e ganze Bëschareal ofgeholzt an zwar ouni déi néideg ministeriell Autorisatioun! E richtege Kaalschlag deen op en Neits weist, datt politesch Sonndesrieden a Saachen Bëschgestioun kënne mat prakteschen Aktiounen um Terrain wäit ausernee leien.

De Marc Thoma war an d’Éislek fir sech um “Tatort” ëmzekucken….

Dëse Reportage ass och op apart tv ze gesinn.

 

“…a Propos Sonndesrieden…!”

Eng pikant Geschicht ëm Beem spillt sech zanter Joer zu Izeg of. An der Hesperstrooss huet sech eng Koppel en Haus kaaft an et ausgebaut. Esou wäit esou gutt, ma déi nei Besëtzer hu sech e bemol un de Beem vun engem Noper gestéiert déi schonn zanter iwwer 40 Joer op där Plaz stinn. Et koum zum berüchtegten Nopersträit.

Deen een Noper huet deen aneren Noper verklot mat der Fuerderung, déi Beem missten gekierzt respektiv ofgeseet ginn, well si him géingen d’Vue an d’Sonn ewechhuelen. Datt déi Beem schonn 1975 geplanzt gi waren, sollt dobäi weider keng Roll spillen. An engem Urteel dat 10 Säiten laang ass, krut déi Antibam-Klägerkoppel nämlech Recht, an déi verkloten Noper goufen opgefuerdert, hir Beem an Hecken an der Zäit vun 10 Wochen op 8 Meter ze kierzen. Am anere Fall misst eng Astreinte vun 250 Euro den Dag als Strof berappt ginn! Wat net grad wéineg ass!

Déi condamnéiert Ëmweltschützer verstinn Gott an d’Welt net méi. Si wëllen d’Krounen vun hire Beem net zerstéieren an hunn direkt Appell géint dee Verdikt ageluecht. Dobäi handelt et sech net nëmmen ëm en Nopersträit, ma och ëm e Sträit ënner Ëmweltschützer!

D’Salz an der Zopp ass nämlech, datt de Kläger géint déi Beem e Gréngen ass. Hien hat fir déi Partei bei de leschte Gemengewahlen kandidéiert an ass och dëst Joer am Gespréich fir op déi Lëscht. Natierlech huet e Gréngen net manner Rechter ewéi en anere Bierger an däerf op d’Geriicht goen, ma eng Reklamm no baussen ass et an dësem Fall net grad. D’Beem wuessen an den Himmel, awer just esou laang wou si mech net stéieren: NIMBY-Effekt!

Related posts

3 Comments

  1. Mario Dichter

    “grad elo mat der Klimadiskussioun gëtt een sech ëmmer méi bewosst, datt de Bam (iwwer)liewenswichtig ass fir de Mënsch”
    Well??
    E Bam ass “klimaneutral”, wa mer da wëllen am Klima-Neusprech bleiwen. E späichert a séngem Liewen esou vill CO2, wéi e bei sénger Verbrennung oder séngem Ofstierwen rëm fräisetzt.
    “Klima”-, oder CO2-technisch hu mer do also näischt gewonn, waat awer net wëll heeschen, dass mer eis Bëscher (waat jo éischter Plantagen sin wéi Bëscher) a Beem net sollen an der Riicht haalen…

  2. Bleser Paul

    Merci Dir Hären dass dir esou Fäll publik maacht.
    Et kann een behapten dass eis Geriichter verpflicht sinn, déi bestehend Gesetzer iwer Bam a Besch ze beuëchten : déi sin eben ,wat de Code Civil ubelangt, déidlech fir de Bam. Interessant awer, dass z.B. franséisch Geriichter bei identeschen Dispositiounen nei Iwerléungen an’t Diskussioun brengen.Merci och dass Dir op mäi Buch “L’arbre” hiweist wou iwregens op esou Urteeler higewise gëtt.Schued wär et, wann t’Verfaasser vun dem neien Naturschutzgesetz mäi Buch iwer de Bam net liëse géifen…Leider hun ech vun hinnen nach keen Echo an dém Sënn kritt…” Le DROIT de l’ARBRE” as net aktuell bei eis.

  3. Fasbender

    Net grad eng gudd Nouvelle an och kéng Reklamm fir déi Gréng ze wielen, no all déi Skandaler déi an leschter Zaeit d’politesch Parteien belaaschten och déi Gréng. Eng dovunner huet jo zur Demissioun vunn der Emweltminnistesch gefouert. Mir vergiessen dat, och hei, net. Et ass leider och ké Trouscht wann één muss feststellen dat dat systematescht Ofholzen och an aner Laenner vunn der EU gemaacht an weidergefouert gett. Ojee……d’Haaptsaach mir reduzéieren jo den CO2….affaire à suivre (ou pas)!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *