Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Maske-Flicht fir Kanner ass a Verbriechen 

Maske-Flicht fir Kanner ass a Verbriechen
Image par Alexandra_Koch de Pixabay

Dëse Site ass geduecht, verschidde Meenungen zu Wuert kommen ze loossen. Hei handelt et sech ëm e Bäitrag vum Chris Spielmann am Kontext vun der Pandemie, 

zanter elo e ganze Koup Méint gëtt iwwer Sënn an Zweck vun der Mask gestridden. Huet se e Notzen oder net? Doriwwer scheeden sech d’Geeschter, souguer d’WHO ass sech net eens a schwätzt just vun enger Nëtzlechkeet vun 12 Joer un. Mee an eise Schoulen ass et anescht oder a villen Schoulen. Do sëtzen d’Kanner op Distanz a mussen trotzdeem eng Mask opdoen. Nëmmen zum Verglach: Am Restaurant duerften véier Leit un engem Dëscht sëtzen, OUNI MASK. Ass et do manner geféierlech?

Vill Dokteren, z. B. an Däitschland, soen, datt d’Maskepflicht bei Kanner engem Verbrieche gläich kënnt.

Wat awer bedenklech ass, sinn déi héich CO2-Konzentratiounen ënnert der Mask.

Kuckt iech mol de Film op der Säit un:

http://www.geopolintel.fr/article2353.html

A natierlech ginn et direkt Leit, déi behaapten, dat wier Quatsch, wat awer hei kloer an däitlech bewise gëtt. (Umierkung: An Amerika ass den PPM-Wert 10 Mol manner héich wéi an Europa.)

Lo ginn dann déi nächst Diskussiounen un, iwwer Schied vun engem erhéichten CO2-Konsum. Laut der Säit:

https://www.welt.de/wams_print/article1351823/CO2-ist-fuer-Menschen-eigentlich-ungiftig-aber-doch-gefaehrlich.html

kann e Prozentsaz vun 8% méi CO2 déidlech Follegen hunn.

Op dem Youtube-Video https://www.youtube.com/watch?v=qReTWpXNKZY gëtt eng Diskussioun iwwer d’Maskeflicht. Den Dr. Wolfgang Gedeon seet (am 2. Deel), datt et zu gesondheetlech Schied ab 4% méi CO2 ka kommen. Dat nennt een eng CO2-Narkose. Logesch ass do, datt d’Gehier geschiedegt gëtt, speziell dat vu Kanner. E Sauerstoffmangel féiert zu hypoxeschen Gehierschied.

Ginn et da wierklech Leit, déi sech keng Gedanken iwwer dës Problematik maachen? Et schéngt als géifen eis Politiker dat bewosst a skrupellos duerchzéien, also eng Generatioun vun “méi domme” Kanner erun zéien. Eng Generatioun, déi an 10 oder 20 Joer soll d’Relève huelen vun all eisen Dokteren a medezineschem Personal.

Ob elo d’Mask eppes bruecht huet oder net, ass ze diskutéieren. Éischtens sinn d’Zuelen néierens op Null erof gaangen. Sou ass den Zweck net erfëllt ginn. Dat eenzegt, wat ee ka soen, ass datt d’Leit méi virsiichteg gi sinn. Deen Klompen am Gesiicht huet een ëmmer nees drun erënnert, op Distanz ze bleiwen. Mee op domadder eppes bewisen ass, datt steet a Fro.

 

Op der Sich vun der Gripp.

 

Um Site https://lns.lu/departement/microbiologie/surveillance-de-la-grippe/ waren bis lo virun Kuerzem d’Zuelen vun den Infektiounskrankheeten ze liesen. Lo sinn se verschwonnen – komesch!

Laut dëser Säit wier d’Gripp säit der Woch 15 mat den SARS-COV-2-Infizéierten vermëscht ginn:

 

Pendant la semaine 15 (06.04.2020 – 12.04.2020), l’activité de la grippe est diluée dans l’épidémie de SARS-Cov-2.

 

Op der Säit vun der WHO gëtt et genausou wéineg méi eng Gripp:

https://www.who.int/influenza/surveillance_monitoring/updates/latest_update_GIP_surveillance/en/

Keng Gripp méi weltwäit. Wat soll dat? Et ass Grippenzäit.

De Nobel-Präis fir d’Madame Paulette Lenert?

Mee: Corona wou een hikuckt. Ass et net vläit dach d’Gripp, déi ëmgeet?

Mat der Maskeflicht ass den Immunsystem bei de Leit an speziell bei KANNER A JUGENDLECHEN erof gaangen, quasi op Null. Si hu keng Mikroben, Bakterien oder och nach Viren an hirem Kierper, déi den Immunsystem op Trapp halen. Beim Spillen ass deen éischten Mikrob oder Virus hiren, an d’Gripp ass d’Folleg. Ginn se sech dann teste loossen – wéi wonnert et – hunn se den Coronavirus!

Ausserdeem sinn d’Masken eng wonnerbar Platz fir Mikroben a Bakterien. Am fiichte Milieu vun der Mask kënnen se sech prächteg vermehren.

Fir ze beleeën, datt et d’Gripp nach ëmmer gëtt, a well et hei jo keng Zuelen ginn, kann een op de Site vum Robert-Koch-Institut e Bléck werfen a net schlecht staunen (https://influenza.rki.de/).

Do steet dach net:

 

„Im Nationalen Referenzzentrum (NRZ) für Influenzaviren wurden in der 47. KW 2020 (Datenstand: 24.11.2020) in insgesamt 23 (32 %) der 73 eingesandten Sentinelproben respiratorische Viren identifiziert, darunter 21 (29 %) Proben mit Rhinoviren und zwei (3 %) Proben mit SARS-CoV-2. Influenzaviren wurden nicht nachgewiesen. Aufgrund der geringen Zahl eingesandter Proben ist keine robuste Einschätzung zu derzeit eventuell noch zirkulierenden Viren möglich.“

 

Just zur Informatioun: Rhinoviren sinn zoustänneg fir Erkältungen a Schnapp.

Erstaunlech ass d’Zuel vun 3% Coronaviren. Also wieren no dësen Zuelen op insgesamt 963.192 Infizéierter an Däitschland op den 25. November grad emol 3.115 Leit mat Corona infizéiert!! Do stellt sech d’Fro: Wien gëtt hei veraarscht?

Hei kann een och mol de Video: https://www.youtube.com/watch?v=FHvfy0x0Af8 kucken. Do gëtt genau dat selwecht gesot. Et ass zwar e Politiker vun der AfD, ma zugläich ass de Mann vu Beruf Dokter (Remark vum Administrator).

 

An stellt mol d’PCR-Tester a Fro

 

Am Ausland sinn schonn zanter laangem Wëssenschaftler, déi soen, dat den Test just e Virus feststelle kann, awer wéi een? En Rhino- oder Influenzavirus? Oder souguer eng Bakterie op RNS-Basis?

E aktuellt Beispill: Den däitsche Minister Spahn war mat enger Erkältung vun sengem Dokter diagnostizéiert ginn, awer nom Test ass en positiv op den Coronavirus. Komesch!

An de Kliniken ginn et eng Rei Infirmieren an Infirmièren, déi sollen op de Corona positiv sinn. Och hei behaapten ech: Si hunn d’Gripp! Firwat? Genau aus deenen selwechte Grënn. Si schaffen 8 a méi Stonnen non-stop mat Mask. Keng Chance fir den Immunsystem, sech op Trapp ze halen. Da ginn se an hirer Fräizäit raus a schonn hunn se eng Gripp.

An dir wäert jo net mengen, datt dës Leit sech sou domm oder onprofessionell behuelen, datt se sech op der Aarbecht ustiechen? Dat kann ech mir net virstellen.

 

Wéi wier et wann emol den Influenza-Virus ënnersicht géif ginn, villäichit direkt ënner engem Elektronen-Mikroskop am Verglach mam Corona? Dat kënnt interessant ginn.

 

A nach eng lescht Iwwerleeung.

Wat huet de Lockdown am Mäerz bruecht? NÄISCHT.

Also muss een sech Froe stellen, speziell am Ausland bei eisen dichten Noperen de Fransousen wieren déi richteg Froen onbedéngt néideg.

Keng Mesure huet de Virus verschwanne gedoen. NÉIERENS!

All déi vergaange Joren mat engem Grippen-Ausbroch ass näischt gemaach ginn. D’Leit si krank a nees gesond ginn. Et stierwen der sécher, al Leit virun allem, awer no circa 2-3 Méint ass alles eriwwer. Sou wier et och mam Corona gaangen.

Et wäert kee Virus sinn, deen d’Welt vreckt mécht, mee Leit, déi nëmmen op Geld a Muecht aus sinn, an dofir keng Skrupelen a kee Gewëssen hunn: Politiker, d’Pharmaindustrie, Medienvertrieder, …

 

Chris S.

 

Related posts

2 Comments

  1. Schmit-Mines Isabelle

    Et sinn wéi vill Kanner, déi d’Mask emol net verdroen: si hunn Schwieregkeeten ze ootmen, hu Kappwéi. E gesondene Mënscheverstand, seet et dach, dass d”Kanner frësch Loft brauchen. Et ass einfach schrecklech, dass d’Regierungen, ëmmer deene selwechte Leit nolauschtert, ouni di aner zu Wuert kommen ze loossen. Dr Margarete Griesz-Brisson, Neurologin seet ënner anerem: „…Einem kindlichen oder jugendliches Gehirn Sauerstoff ze rauben oder nur einzuschränken ist nicht nur schädlich sondern absolut kriminell. Sauerstoffmangel hemmt die Entwicklung des Gehrins und der entstandene Schaden kann nicht rückgängig zu machen.“ Wat verbrieche mer nëmmen un de Kanner?

  2. Roger Braun

    waert mech nii un dei Mask gewinnen
    Zuelen ginn jo net massiv an Luut also waer et och un der Zeit dei Maken ofzeschafen
    Bei den Daenen an de Schweden geet et jo
    froe mech just virwaat hei net

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *