Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Spull-Maachen mat Punktefürerschäin 

D’Spull-Maachen mat Punktefürerschäin

et muss een sech wuel un d’Dommheet gewinnen. De Mënsch huet verléiert, op verschiddenen Niveauen ze iwwerleeën, ënnerschiddlech Meenungen erauszekristalliséieren, si ze vergläichen, eventuell ze verknäppen…oder einfach vertikal ze klasséieren. Dat ass haut dacks bei ville Leit net méiglech, fir si ass alles wäiss oder schwaarz, eppes do dertëschent gëtt et net. Ent oder weder! An d’Upassung un de mainstream nëmmen net vergiessen.

Huele mir d’Beispill vun de westleche Sanktiounen géint Russland, oder besser, géint de Putin. Wann déi politesch Decisiounen duerchaus nozevollzéie sinn, esou ass et awer fir vum Stull ze falen wann een an der Zeitung liest, datt zu Milano eng Konferenz vum Schrëftsteller Paolo Nori iwwer den Dostoïevski aus Protest ofgesot gouf. Begrënnung: den Nori hätt och mussen ukrainesch Intellektueller invitéieren. Do staunt een! Wat huet den Dostoïevski – ee vun de gréisste Schrëftsteller- 141 Joer no sengem Doud mam abléckleche Krich ze dinn? Näischt! An den Nori?

Grad esou mam russesche Chefdirigent Valery Gergiev, deen néirewou am Westen méi däerf optrieden. Sécher, hie steet dem Putin no, ma wann hien en Orchester dirigéiert, hält hien jo kee politesche Meeting of!. POUTINE? Dat ass am Quebec e Klassiker aus der Gastronomie. Fritten mat Cheddar-Kéis a bronger Zooss. D’Restaurateuren kruten Morddroungen, fir de Fall wou si dat weider sollten opdëschen! Dobäi gouf et déi gastronomesch Spezialitéit schonn wäit ier de russesche President gebuer gouf.

A wéi war et mat der Vermummung vun der Statu zu Éieren vum Kosmonaut Youri Gagarine zu Mondorf?  Huet deen iwwer en halleft Joerhonnert no senger Rees duerch de Stärenhimmel nach iergendeng Responsabilitéit fir de Putin matzeschleefen? E bësselche kannereg, oder?

 

AFrankräich sinn gläich Presidentschaftswahlen. Do gëtt politesch vill getootst wann den Dag laang ass, an d’Ekologistin Sandrine Rousseau koum mat der Iddi, een délit de non-partage des tâches domestiques anzeféieren. Do läit ee bal vu Laachen um Buedem! Wann den Här doheem net hëlleft, d’Spull ze maachen, da rifft d’Madamm d’Police. Déi kéim dann kontrolléieren, am Beschten mam Miess- an Erkennungsdéngscht.

Photo de cottonbro provenant de Pexels

Zougestanen! Eng Partie Männer hëllefen net vill doheem am Stot. Mä, ass dat net eng Andeelung, déi jidder Stot fir sech muss ausmaachen? D’Fra ass meeschtens Maans genuch, sech ze wieren.Souzesoen d’Police doheem, just ouni Uniform. Dovunner ofgesinn, datt et duerchaus Männer gëtt, déi eng Hand mat upaken…a glécklecherweis ëmmer méi, als Partner, als Papp. An iwwerhaapt! Misst net och dat ëmgedréit gëllen?

Sinn et net quasi exklusiv d’Männer, déi eng erotesch Relatioun hunn zum Schrauwenzéier? Wann et heescht: et muss frësch ugestrach ginn, ass et dann net meeschtens den Här dee sech drëms këmmert? De Gaart gruewen? D’Wiss méien? Eng Mauer bauen? D’Pneuen wiesselen? Mam Kärcher ronderëm d’Haus botzen?

Am Stoen urinéieren? Geet guer net méi! 113 uruffen. Eng Amende! E Prozess! Dobäi misst et jo eigentlech esou sinn, datt zwou Persounen – d’Geschlecht ass egal- sech gären hunn a sech drop freeën, zesummen eng Aventure anzegoen. Déi modern Koppel steet souwisou op wackelege Féiss: bal jidder Zweet geet an d’Bréch. Elo gëtt chronometréiert, observéiert, notéiert a virun allem ugeschmiert, opgeschriwwen, protokolléiert.

D’Ekologisten probéieren, d’Privatliewen ëmmer méi ze politiséieren, a sief et nëmmen, fir wéinstens e puer Deeg an der Aktualitéit ze sinn!

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    An der Zäit vum Fernandel waren d’Leit vläicht net esou wohlhabend wéi hautzedags, mä sie haten all e Reichtum am Kapp. deen huet sech kloeren an logeschen Menschenverstand genannt. Gett haut als seltene Spezies gefouert 😉

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *