Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Wéi solle mir eis op déi nächst Pandemie virbereeden? 

Wéi solle mir eis op déi nächst Pandemie virbereeden?
Photo by Matilda Wormwood: https://www.pexels.com/photo/man-people-woman-industry-4099083/

 

D’Pandemie ass esou gutt ewéi eriwwer. Kee schwätzt méi dovunner, d’Medien net an och d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert léisst als LSAP-Spëtzekandidatin de Sujet léiwer lénks leien. Dobäi hat grad si zejoert an der Chamber eng Diskussioun an Aussiicht gestallt, fir de Bilan ze zéien iwwer d’Krisepolitik vun der Regierung. Wat wor adequat? Wat manner? Wat misst een bei der nächster Pandemie änneren? Esou eng Diskussioun – sot si-, sollt een zu engem Ablack féieren, wou d’Gemidder sech berouegt hätten, an aller Sérénitéit. Also zum Beispill elo, oder?

Do deet sech awer näischt! Dëse Weekend ass allerdéngs an deem Kontext eng ganz interessant Konferenz. Thema: wéi solle mir eis op déi nächst Pandemie virbereeden? Eng Partie Dokteren hale Konferenzen, et ginn Ronndëschgespréicher http://bit.ly/3HFMEDO Organisateur ass de Collectif Fräi liewen. Ee vun hire Memberen ass de Jean Huss, en Urgestein ënnert deene Gréngen, deen an der Zäit gehollef huet, déi Partei an d’Daf ze huelen. Mat him hunn ech dësen Interview gemaach:

Comment se  préparer à la prochaine Pandémie, dat bedeit jo eigentlech näischt aneschters ewéi: aus de Feeler léieren. Wat ass dann Ärer Meenung no an der Covid-19-Pandemie schif gelaf?

Jean Huss, fréieren Deputéierten vun “déi Gréng”: Comment se préparer à la prochaine pandémie bedeit fir d’éischt emol, ze analyséieren an ze verstoen wat di sougenannt Pandemie iwwerhaapt war a wéi se entstanen ass.

Et ass aus villen Dokumenter a Quellen, zu 90% aus den USA, bekannt a nogewisen, datt praktesch zanter 2001 vu wirtschaftspoliteschen Elitten, Milliardärsstëftungen, Big Pharma, Gavi, US-Geheimdéngschter, ënner Abezéiung vu Gesondheetsministeren, Politiker a Leitmedien ëmmer erëm, all 2-3 Joer, gréisser Pandemie-Simulatiouns-Exercicer duerchgefouert goufen, an deene scheinbar geféierlech ,,Killerviren” zu weltwäite katastrophale Pandemien géife féieren, di lescht 2017 ënnert de Nimm MARS a Spars, Clade X 2018 an am November 2019 Event 201. Ëmmer goung et dobäi em geféierlech Viren aus der Natur, duerch Zoonose op de Mënsch iwwerdroen, oder am Labo kënstlech hiergestallte Viren, déi accidentell oder vu Bioterroristen hiergestallt, aus dem Labo an déi mënschlech Ëmwelt komm sinn.

An um Programm vun dëse ,,Pandemie-Simulatiounen” stoungen dann ëmmer och all di Meenungsmanipulatiounen an déi politesch Mesuren di mer elo iwwert 2 Joer laang weltwäit erlieft hunn: Aschränkungen vu Rechter a Fräiheeten, Lockdownen, Masken -an Impfpflichten, Kontroll an Iwwerwaachung duerch QR-Coden, Impfpäss asw. Mir wëssen haut bal zu 100%, datt de Sars-Cov-2 am Labo duerch syntheetesch-genetesch ,,gain of function” Experimenter um SpikeProtein méi infektiéis gemaach ginn ass, fir iwwerhaapt a mënschlech Zellen eranzekommen, wat besonnesch bei immungeschwächte Mënschen, virun allem a Fleegeheemer, zu schwéiere Virleef an Doud konnte féieren.

Do war villes geplangt, vu laanger Hand, vu Gates, Fauci a Konsorten an am Ënnerscheed zu der AH1N1-Schwéngsgripp vun 2009-2010, déi vum Conseil de l’Europe an onofhängege Wëssenschaftler a Medezinner als grousse Pandemieschwindel hat kënnen entlarvt ginn, war dës nei “Coronapandemie” vun de virdru genannte Kreesser vill besser virbereet: Angscht- a Panikkampagnen , Gläichschaltung vun der dominéierender Politik a vun den Haaptleitmedien an Hischaffen op déi “eenzeg méiglech Rettung” aus der Pandemie ,nämlech wäitgehend massiv Impfkampagnen an Impf- a PCR-Test-Kontrollen. Fir Milliardärsstëftungen à la Bill Gates an anerer, déi massiv a Big Pharma, an m-RNA-Impfungen an an déi sougenannt  “Gafa-en” investéiert haten, an och fir di grouss Investitiounsfongen wéi Black Rock a Vanguard ass näischt “schifgelaf”, am Géigendeel se hu sech grandios beräichert.

“Schifgelaf” ass et just fir gréisser Populatiounsdeeler, déi an ënnerschiddlecher Form ënnert alle Pandemiemesüren gelidden hunn.: grouss psychesch a sozial Schied bei ville Leit, grad och bei Kanner a Jugendlecher.

A “schifgelaf” ass et nach vill méi schlëmm bei enger wuessender Zuel vun Impfgeschiedegter, vu ville fréizäitege plëtzlechen Doudesfäll mol net ze schwätzen (Iwwerstierflechkeet).

A wat elo “schif leeft”, an engem Moment wou alles schéngt esou lues op en Enn ze goen, dat ass , datt déi grouss Mass vun der Bevëlkerung elo opotemt an déi schlëmm Zäit wëllt verdrängen, ouni ze realiséieren, wat wierklech geschitt ass a wat an den nächsten Joren riskéiert sech ze widderhuelen.

D’WHO hat deelweis bei enger rezenter Entwarnung nämlech betount, datt ee misst virbereet bleiwen fir di nächst Pandemien, di geschwënn géife riskéieren ze kommen a wann een di gentechnesch Fuerschnungs- a Manipulatiounsméiglechkeeten (gain of function) am Labo kennt, déi zu Sars-Cov2 geféiert hunn, dann ass dat duerchaus reell. De Bill Gates hat bekanntlech jo och schonn de 13.Oktober 2022, an änlecher Besetzung wéi soss, déi nächst schlëmm Pandemie ënnert dem Numm ,,Catastrophic Contagion” zu Bréissel bei der EU Kommissioun an der Madame Ursula von der Leyen organiséiert. Wann ee gläichzäiteg weess, datt hannert de politesche Kulissen un engem neie WHO-Vertrag gebastelt gëtt, deen der WHO eleng géif d’ Vollmuecht ginn, fir nei Pandemien ze deklaréieren an dann iwwert d’ Souveränitéit vun den Nationalstaten ewech eleng d’ Recht hätt fir all ,,Pandemie-Mesuren” ze diktéieren, da missten dach eigentlech bei jidderengem d’Alarmklake lauden, dee sech em d’Oprechterhalung vun Demokratie a Fräiheet Suerge mécht.

Et geet net eleng em d’Milliarde-Profiter vu Big Pharma, Gafa-en an Investitiounsfongen, et geet em eist demokratescht a fräit Zesummeliewen insgesamt!

Dat heescht, Dir féiert keng Diskussioun iwwer Moossnamen déi virun 2 Joer geholl goufen an déi elo sollen iwwerpréift ginn? Beispill Maskeflicht, oder large scale tracking? Oder Impfungen etc? Wann ech Iech richteg verstaanen hunn, besteet fir Iech d’Preparatioun op déi nächst Pandemie doranner, datt d’Bierger besser mussen informéiert ginn, datt dat Ganzt eng “Konspiratioun” war, eng Manipulatioun vun der Mënschheet zu Gonschten vun elitäre Leit?

Natierlech féiere mir zanter ronn 2 Joer, zanter de sougenannte “Marches Blanches”, all dës Diskussiounen iwwert de Sënn vu Maskeflicht, PCR- oder Schnelltester, an iwwerall fräiheetsaschränkend vun uewen diktéiert autoritär Moossnamen , an dat wäert och den 11. An 12. Februar zesumme mat den invitéierten Wëssenschaftler, Medezinner an aneren Experten de Fall sinn, woubäi kloerweis esouwuel d’Maskeflichten, di wëssenschaftlech extreem ëmstridde sinn wéi och d’ Seriositéit vum Testen wäerten a Fro gestallt ginn. An en Haaptpunkt dobäi wäert virun allen och déi ganz Propaganda ëm dat sougenannten “Impfen” sinn, a Wierklechkeet genteschnesch Injektiounen vun m-RNA vum Corona-Spike-Protein, bei deenen et sech elo ëmmer méi däitlech erausstellt, datt se éischtens Ustiechung an Infektioun net verhënneren, zweetens och d’Weideriwwerdroen net verhënneren an drëttens deenen hir Wierksamkeet mat all nei “Impfung” oder Booster net nëmmen ëmmer méi schnell ofhëlt, mee ëmmer méi schnell bei ëmmer méi Leit an de Géigendeel ëmschléit, nämlech an ADE (anticorps dependent enhancement), d.h. enger verstäerkter Infektiositéit bei gläichzäiteger verbonnenen Gesondheetsrisiken net emol ze schwätzen.

Den 2.Deel vun ärer Fro bezitt sech op d’Léieren, di ee muss zéien aus dëser gesamter Kris, fir datt esou eppes net nach eng Kéier ka passéieren. Mir haten an eiser Äntwert op är 1. Fro schonns drop higewisen, dat gewësse Pharmamilieuen a mat hinne verbonne Milliardärstëftungen an Investitiounsfongen an och aner privat Organisatiounen wéi de WEF zu Davos an déi vum Gates a Company ofhängeg WHO schonn an de Startlächer sëtzen, fir di nächst sougenannte Viruspandemien, déi mat der “gain of function” Technologie kënne künstlech kreéiert ginn an op déi dann eng WHO, no de geplangte “Reformen”, méi autoritär, iwwert de Wëllen vun de Regierungen ewech, kéint iwwerall Mesuren, virun allem nei “m-RNA-Impfungen” eleng diktéieren, wat mer onbedéngt kuerzfristeg musse verhënneren.

Et geet also ganz kloer doran, fir der Majoritéit vun de Leit all dës Informatiounen, all dës Opklärung iwwert di wierklech Hannergrënn vun der sougenannten “Corona-Kris” an d’Hand ze ginn, fir datt se dee ganzen “Narrativ” vum “Covid-19” duerchkucken, fir datt se sech besser kënne wieren an datt et net schonn an 2-3 Joer zu där nächster “Pandemie” ka kommen.

A schliisslech jo, dat Ganzt war noweisbar wäiten Zich virgeplangt, an di Haaptplaner, déi viru Geriicht gehéieren, riskéieren natierlech, wa kee breede Widderstand geleescht gëtt, an derselwechter manipulativer an ondemokratesch Manéier virunzemaachen. Wehret den Anfängen!

 

Dir hudd iwwer de Weekend ë.a. 7 Dokteren als Riedner. Sinn dat elauter Medezinner, déi éischter skeptesch agestallt sinn vis-à-vis vun Impfung etc oder sinn och där anerer drënner, also Verteideger vun der klassescher Medezinn a vun der Pharmaindustrie? Et wier jo héich interessant, wann déi zwou Säiten géingen openeenstoussen fir eng Zort wëssenschaftlech Ausernaanersetzung déi ech perséinlech besonnesch zu Lëtzebuerg vermëssen….

 

Déi Medezinner, déi mer fir den 1. Dag ageluede hunn si keng einfach duerchschnëttlech Dokteren, mee gréisstendeels medezinesch Wëssenschaftler vun allerhéchsten Niveau aus dem frankofone Beräich, Frankräich, Belsch, an zwar Epidemiologen, Mikrobiologen, Genetiker, Wëssenschaftsjournalisten an e fréieren virologeschen Haaptberoder vun der franséischer Regierung. Si all si keng systematesch Géigner vum Prinzip “Impfung” allgemeng, mee schaarf Kritiker vun den hei neien experimentellen m-RNA-Injektiounen, also experimentell total onausgeräiften Gen-Impftherapie un der Weltbevëlkerung. Wéinst hire kritescher Haltung dozou an hiren Warnungen viru villen méiglechen Impfschied -woubäi se leider sollten Recht behalen, an dat wäert nach zouhuelen – waren si wéi vill aner wëssenschaftlech a medezinesch Kritiker europa-a weltwäit – vun hiren jeeweilege Regierungen, Santés-Ministeren a “Collège médicalen” aus dem offiziellen ëffentlechen Diskurs ausgeschloss ginn, well jo vun Ufank un just déi offiziell “Impfnarrativen” als eenzeg Rettung virun der “viraler Katastroph” hu misse vis-à-vis vun allen anere medezinesche Mesuren an Alternativen duerchgesat ginn. Dës offiziell vun uewen autoritär diktéiert “Impfmedezin” huet sech allerdéngs an de leschte Wochen als ëmmer méi onhaltbar, als Schwindel, praktesch als Voodoo-Medezin erausgestallt, am Haaptinteresse virun allem vun der “Gesondheet” vun den Aktiewäerter vu Pfizer, Moderna an de groussen Investment-Fongen wéi Vanguard oder Blackrock, deenen hir Aktiekueren sech an de Pandemiejoren och ganz gehéiereg gesond gestouss hunn.

Mir selwer wieren säi laangem och schonn un ëffentleche kontradiktoreschen Debaten mat “Verdeedeger vun der “klassescher” Medezin a vu Pharmaindustrie interesséiert gewiescht, ech perséinlech hat 2-3 Mol eis sougenannte Regierungsexperten zur ëffentlech Debatt virum “grand public” invitéiert, bis haut huet allerdéngs nach keen vun dëse sougenannte Experten dorop geäntwert. Firwat dat iwwerloosse mer äre Lieser!

Mir waren a bleiwen en faveur vun esou engem kontradiktoreschen Debat, well mir mengen dass dat ganzt “Pandemiegeschéihen” endlech demokratesch opgeschafft muss ginn.

Et géif der Gesellschaft allemol gutt doen! Ass dat net och schonn eng Zort Preparatioun op déi nächst Pandemie?

 

Zitat: “There are two ways to be fooled: one is to believe what isn’t true, the other is to refuse to believe what is true.”

                                                                                                                         SoereKierkegaard, Philosoph

                                                                                                                   

Et ass absolut noutwendeg, fir dat ganzt Geschéien aus de vergaangenen 3 Joer ronderëm di sougenannten Covid-19-Kris réckbléckend ze analyséieren an an hire wichtegsten Komponenten opzeschaffen.

Natierlech si vill vun den Haaptverantwortlechen, op “Experten”, Virologen, “Impf-Medezinner, sougenannten “Ethiksspezialisten”, Politiker, Journalisten a “Faktenchecker” vun eise sougenannten nationalen “Leitmedien” net un enger schounungsloser Opklärung interesséiert, woubäi am Ausland ëmmer méi Stëmme sech an esou engem Sënn engagéieren, bis a gewësse Leitmedien eran. (z.B.: Zeit online, ZDF, MDR, Servus TV, Arte TV, asw.

Vill Verantwortlecher wëllen haut, an net eleng wéinst den ëmmer méi evidenten Impfschied, léiwer alles vergiessen a vergiessen doen, an och vill “einfach” Leit, op “geimpft” oder net, géifen och léiwer dat Ganzt vergiessen a verdrängen, fir hir Rou ze hunn an erëm dat selwecht Liewe wéi virdru kënnen ze féieren.

Dat ass awer aus e puer Grënn net sënnvoll an esouguer geféierlech:

  1. allgemeng an historesch zeréckgekuckt op Faschismus oder Stalinismus. Ouni Analys vun den Ursaachen an de Bekämpfungsméiglechkeeten dogéint wäert d’Gesellschaft ëmmer erëm esou Geforen ausgesat ginn.
  2. datselwecht gëllt fir dës ëmmerhin 3-jähreg Covid-Kris mat all hire battere Konsequenzen.

Wann d’Politik, ob Ministeren oder Parlamentarier, sech net endlech besser, dat heescht kontradiktoresch informéieren, da riskéieren se och nächst Kéier erëm vu sougenannten “Expert-Virologen” hei heem, ob EMA oder OMS-Niveau, déi am Interesse vu BIG Pharma & Co agéieren, iwwert den Dësch gezunn ze ginn, well all international Acteuren hannert de Kulissen, vun deenen mer virdrun geschwat hunn, nach ëmmer do sinn an nach ëmmer déi selwecht Ziler vu Profit, vu Meenungsmanipalutioun a vu gesellschafter Kontroll an Iwwerwaachung weiderverfollegen. Viral m-RNA ass bëlleg hierzestellen a versprécht der Pharma-Industrie Riiseprofiter, well se niewend der “Gripp” geplangt och géint Alzheimer, Kriibs, asw. asetzbar soll sinn, bis haut allerdéngs mat 0-Erfolleg, ausser fir d’Gesondheet vun hiren Aktiekursen vun der Wall Street.

Wat vill Leit ubetrëfft, déi dat Ganzt, wat vläicht mënschlech verständlech ass, einfach esou wëlle verdrängen, do wëlle mir elo scho warnen virun engem béist Erwächen: Di virdrun erwäänten “gain of function” – Gentechnik erméiglecht et jidderzäit, nei “Killerviren” ze entwéckelen, déi dann einfach esou aus de P3 + P4 Laboen “fortlafen” an zur nächster “Pandemie” féieren.

Wann ech zynesch wier, da géif ech all de Leit roden: Kaaft méiglechst vill Aktien vu Moderna, Pfizer-Biontech & Co. All kommend nei “Pandemie-spiller” wäerten de Wäert un ären Aktien dann a ganz “gesond” Héichten eropdréinen.

All “gain of function” Genexperimenter si potentiell kriminel,l vue d’Resultater vun dëser Kris a sinn och militäresch notzbar.

Si mussen definitiv verbuede ginn am Kader vun engem neien UNO-Vertrag iwwert “Biowaffen”. Punkt!

Perséinlech wär ech schonn zefridden wa mir zu Lëtzebuerg kéintn eng ëffentlech Diskussioun féieren ewéi gëschter Owend beim Markus Lanz um ZDF. De Gesondheetsminister Karli Lauterbach huet verschidde Moossnamen géint d’Pandemie verdeedegt, anerer als Quatsch ofgestempelt a gouf gehéiereg vun aneren Invité an dMaangel geholl. Wéi gesäit et bei Iech aus? Kann en sech nach fir de Weekend umellen?

Eisen Event ass esou gutt wéi ausverkaf. D’Leit kënnen och d’Videoen vun der Konferenz op eisem Internetsite am Nachhinein kucken op https://frailiewen.info/ an och live iwwert eis facebook Säit https://www.facebook.com/frailiewen .

Related posts

3 Comments

  1. Jean

    Ganz interessanten interview mam grengen urgestein Jean Huss.
    Ech faerten allerdings,dass dei nei greng en an de schmuddeleck vun de schwurbler stellen,well en sech erlabt sou koryphaen wei Bill Gates oder Pfizer ze kritiseieren.
    Mais bon…ech denken domat kann de Muck och liewen.

  2. Frank Bertemes

    Wéi ëmmer ass de Muck Huss kloer an däitlech, een “Uergestein” och vun der fräier Meenungsäusserung an der Opklärung an diverser Hisiicht (cf. AKUT a Patientevertriedung) , déi am Kontext “Corona” natierlech mat alle Mëttel am Sënn vum “Respekt” vum offiziellen Narrativ an der manifester Ënnerdréckung vun eeben där fräier Meenungsäusserung an enger würdeger Sträitkultur (Stéchwuert Pro a Contra) bekämpft ginn ass – dat ass dann déi villgelueften “Demokratie” no US-amerikanëschem “Virbild” . Et gëllt dem Orwell seng Maxime: Wann eng Liggen ëmmer erëm widerholl gëtt, da gëtt déi enges Daags zur Wourecht – an dat selwécht “Spillchen” gëllt och erëm am Kontext vum “Ukraine-Krich” – et gëllt just dat, wat d’USA wëll – no Biden-Diktat, deen awer och rëm just eng Marionett vun deenen ass, déi hanner allem stiechen an d’Fiedem zéien…
    Zum Gates (lo kierzlech op “Besuch” bei eisem Super-Premier-firwat wuel?) an zur WHO, déi entgéint der Meenung vun der Allgemengheet keng ëffentlech Ariichtung ass, mä eng PRIVAT – a vu weem bezuelt gëtt?
    – alt erëm mat massive Gelder vun der Gates-“Stëftung”…Mir loossen eis deemno vu Gates a WHO beherrschen, déi just am Sën vu Big-Pharma agéieren – a wou bleiwt d’Politik??
    Tango corrupti??
    Noch Fragen, Kienzle? Nein, Hauser!
    Dat just als Bemierkung…Ech freeë mech jiddefalls drop, dee Video vun där Konferenz am Sënn vun der “Opklärung” dierfen ze kucken.
    An zu deene “Grénge” vun haut? No comment – de Muck ass sécherlech skandaliséiert iwwer esou eng Entwécklung, déi mir als GAP-Membere vun deemols sécherlech ni wollten!
    MERCI am Viraus !

  3. Jeannot Hansen

    A propos: An desem Moment leeft eng öffentlech Pétitioun,Nr2489 Mise en place d’une commission d’enquête pluridisciplinaire. Sie huet bis haut 11/02/22 iwer 3700 Ennerschreften .Et bleiwen nach 17 Deeg. Avis aux amateurs

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *