Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

De Claude Turmes verléiert d’Sandalen! 

De Claude Turmes verléiert d’Sandalen!
Photo de Taryn Elliott: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-pieds-motif-texture-4502961/

Gebongt! De Claude Turmes wäscht seng Hänn an Onschold wat déi ablécklech Energiekris betrëfft, an ech wënschen him eng glécklech Hand fir déi nächste Méint. Et géing scho villes hëllefen wann den hellegen Zinniklos net ze vill Keelt géing mat erof bréngen. Ech bleiwen allerdéngs bei menger Kritik, datt de Minister wäit ewech ass vum Vollek!

An der Zeitung l’essentiel gëtt de Mann esou zitéiert: ” il est encore temps de passer à une pompe à chaleur, afin d’utiliser une énergie plus verte”. Do ass d’Ideologie nees mam Mann erduerchgaangen. Natierlech kann een esou eng Pompel installéiere loossen, mä dacks ass dat technesch bal net méiglech an et kascht la peau des fesses trotz de staatleche Subsiden!

Eng Wäermtpompel kënnt net op déi nämmlecht Hëtztleeschtung wéi eng Gas- oder Masuttheizung wou een ouni Problem d’Waasser kann op 60 bis 80 Grad eropsetzen. Eng Wäermtpompel kënnt op maximal 40 Grad; et kann een bis op 50 Grad goen, ma dann ass d’Pompel zimmlech séier futti. Bei enger Waassertemperatur vun 30-40 Grad geet d’Rechnung net op! Wann nämlech d’Waasser um 1. Stack ukënnt, huet et eng Temperatur vun ëm déi 20 Grad, net genuch fir anstänneg ze hëtzen.

energie-experten.org

Aneschters bei der Buedemheizung. Do däerf d’Temperatur net iwwer 40 Grad leien, schonn nëmmen eleng well sos d’Chape freckt fiert an awer och well de Mënsch seng Féiss ze vill gebrode kritt. Eng Wäermtpompel ass also fir vill Haiser keng Léisong. Et gi wuel Nidderegtemperatur-Heizkierper, an nawell kritt een d’Zëmmer net richteg waarm. Op d’mannst net dann, wann ee just déi Pompel installéiere léisst, an dat ganzt Ëmgeréits lénks leie léisst, an dat ass net näischt: Isolatioun vun der Fassade, Isolatioun vu bannen, Isolatioun vu Keller a Späicher, Dräifachverglasung. Wéi sot de Minister: il est encore temps de passer à une pompe à chaleur, afin d’utiliser une énergie plus verte.

“…Dann awer elo Dalli-Dalli! An et kascht, wat et kascht!…”

do kënne gären Onkäschten entstoen an der Gréisstenuerdnung vun 40.000 bis 90.000 Euro. De Minister awer geet dervunner aus, datt eng Pömpelchen duergeet. Oder hie mécht bewosst eng Vortäuschung falscher Tatsachen. Wat grave wier, wat ech him allerdéngs zu dësem Ablack net ënnerstellen.

energie-experten.org

De Marc Thein, President vun der Federatioun vum Génie technique huet sech zimmlech diplomatesch ausgedréckt wéi hien op Radio Lëtzebuerg Invité war: Seng al Masutts- oder Gasheizung duerch eng Wärmepompel ersetzen, wier net sou einfach. Et bräicht ee groussflächeg Heizkierperen. Hei wier eng gutt Berodung ganz wichteg. Bei engem ganz kale Wanter géife soss Wärmepompele riskéieren net duer ze goen, sou de Marc Thein.

Also nach eemol fir matzeschreiwen: eng Wäermtpompel kann a verschiddene Fäll eng Alternative sinn, meeschtens awer net. Och ouni Krich an der Ukrain an ouni den Energiesträit mat Russland war d’Gesetz zu Lëtzebuerg schonn ee Joer fäerdeg: nom nächste Chrëschtdag gëtt et keng nei Masutts- an och keng nei Gasheizung. Si däerf wuel nach gefléckt, ma net méi ersat ginn. Dat bréngt eng Onmass Leit an d’Labyrinthen, déi elo zousätzlech veronséchert ginn.

Dobäi kënne grad déi 70.000 Stéit déi mat Masutt schaffen dem Wanter éischter geloossen  entgéintkucken. Wann et net u Sue feelt, fëllen si hiren Tank an hunn 12 bis 24 Méint hir Rou. Ma och dat däerf net gesot ginn, am Sënn vum politesch korrekte Vokabulär!

Esou eng Wäermtpompel brauch am Joer tëscht 2100 an 2500 kWh Stroum. De Fall gesat, 25.000 Stéit switchen ëm: wou huele mir all dee Stroum hir? Aus der bronger Kuel, aus Gas, aus Atom…? Ah! Neen! Et ass vill méi einfach. Mir kréien dee jo aus dem Ausland geliwwert! 1&1. Ding Dong.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *