Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Heeschen gëtt an Zukunft Sträppweis verbueden! 

Heeschen gëtt an Zukunft Sträppweis verbueden!
Photo by MART PRODUCTION: https://www.pexels.com/photo/a-homeless-man-at-a-parking-lot-8078399/

Et ass ëmmer nees erstaunlech! Et ass besser, eppes vu lénks unzegoen ewéi vu riets. Wann’s Du iwwer d’Strooss gees, kuck fir d’éischt no lénks…Lénks ass een op der gewonnener Säit, lénks huet een d’Häerz, riets den haarde Steen. D’Politik huet sech esou agedeelt, woubäi eigentlech bal all d’Parteien an der Mëtt krabbelen fir déi beschte Chancen fir déi meeschte Stëmmen ze hunn. An esou kënnt et vir, datt lénks a riets sech thematesch iwwerschneiden, der nämmlechter Meenung sinn. Nawell soll lénks besser sinn. Beispill: d’Heeschen.

An der Haaptstad sinn d’Strummerten schonn zanter iwwer 10 Joer en Thema. Si hunn an der Quantitéit zougeholl, leien an de Geschäftsentréeën Owes a Moies ze pennen, ginn op d’Leit duer fir eppes ze kréien…an eng ganz Partie ginn zum Heeschen gezwongen. Mënschenhandel also! D’Police mécht schonn zanter 4 Joer diskret dorobber opmierksam!

gkonline

Eigentlech missten do déi vu lénks sech fir d’Saach interesséieren, ma neen, et waren an der Haaptsaach déi Schwaarz déi et ëmmer nees an d’Aktualitéit bruecht hunn an déi “Lénks” goufen sech domadder zefridden, déi Schwaarz an den Eck vun den Ultra-Rietsen ze stellen, do wou sech Onmënschen a Cretinen d’Patt ginn. An elo, 5 Méint virun de Gemengewahlen gëtt an d’Pedalle gedréckt.

“…Déi Lénks komme vu riets…!”

D’Stad Ettelbréck geet jo elo net hin a verbitt d’Heeschen op verschiddene Plazen, a verschiddene Saisonen, zu verschiddenen Zäiten. Am neien Policereglement steet ze liesen:

gkonline

 

Aha! Also duerchaus restriktiv. An am Wanter ass d’Heeschen erlaabt, ma do ass et villen ze kal. Bon. Ettelbréck ass vun enger schwaarz-rouder Koalitioun gefouert. Do wonnert et de rout-gréng gesiften Observateur net wierklech: déi Rout goungen bleech virun de Schwaarzen an d’Knéien. Ma oh Grujel! An der Nopeschgemeng Dikrech hunn si dat nämmlecht Reglement ugeholl an d’Ieselstad ass eng vun de leschte Bastiounen vun der LSAP.

Den entspriechenden Text ass copy/paste, just d’Gaassennimm heeschen (sic) aneschters. Déi Rout verbidden also d’Heeschen op der Strooss, an zwar net am Numm vun der Mënschlechkeet, ma am Numm vun der Sécherheet a vun der Hygiène. Suergen d’Strummerten tatsächlech fir Onsécherheet? Ass et wierklech onhygienesch wann si an den Entréeën vun de Geschäfter sech de breede Wee néierloossen. Wann déi Konservativ et soen: jo! Wann déi Progressiv et behaapten: neen!

D’Kiischt um Kuch: déi zwee Reglementer si schonn vum Inneministère gutt geheescht ginn, kruten de Seegen vun der Madamm Bofferding. An déi ass? Richteg! Knallrout! Domadder ass et also definitiv: d’Heeschen verbidden ass virun de Wahlen salonfäeg!

“…an d’Stad Lëtzebuerg?…”

Wann déi Schwaarz an déi Rout et zu Ettelbréck an zu Dikrech fäerdeg bréngen, firwat net och déi Blo an déi Schwaarz an der Haaptstad? D’Iddi goung déi leschte Méint hire Wee, an een entspriechend Reglement fir d’Police ass elo  ënnerwee. An enger ganzer Partie Stroossen a Gaassen an der Stad an op der Gare gëtt d’Heeschen verbueden. Hei en Extrait aus deem Reglement:

Photo by MART PRODUCTION: https://www.pexels.com/photo/man-in-gray-coat-and-denim-jeans-sitting-on-a-concrete-stairs-8078428/

Article 42.  Dans l’intérêt de la sécurité et de la salubrité publiques, toute autre forme de mendicité est également interdite du lundi au dimanche inclus, de 7.00 heures à 22.00 heures, ceci sur toutes les aires de jeux et dans les parkings publics, ainsi que dans les rues, places et parcs publics suivants de la Ville de Luxembourg:

Quartier Ville Haute:

 

L’intégralité de la zone se trouvant à l’intérieur du périmètre délimité par les rues suivantes: boulevard Royal – Côte d’Eich –  rue du Palais de Justice – rue Wiltheim – rue Large – rue du Saint Esprit – Plateau du Saint Esprit – boulevard F.D. Roosevelt – boulevard Royal.

 

  • Quartier Gare:

 

avenue de la Liberté

avenue de la Gare

boulevard de la Pétrusse

Pont Adolphe

rue de Strasbourg

 

  • Places publiques:

 

Champ du Glacis

Place de la Constitution

Place de l’Europe

Place de la Gare

Place Léon XIII

Place de Paris

Place du Parc

Place de Strasbourg

Place Wallis

 

  • Parcs publics

 

Parc de Cessange

Parc Edith Klein

Parc municipal d’Edouard André

Parc de Gasperich

Parc Kaltreis

Parc Laval

Parc Mansfeld

Parc de Merl

Parc Central

Parc Tony Neuman

Skatepark Dommeldange

Skatepark Gasperich

Skatepark Péitruss

Article 43. Il est interdit d’ interpeller, d’accoster ou suivre, ainsi que d’entraver la libre circulation sur la voie publique des passants, automobilistes ou autres conducteurs, de sonner aux portes pour importuner les habitants et d’entraver les entrées d’immeubles et d’édifices publics ou privés, les entrées de commerces et les passages. 

Photo by MART PRODUCTION: https://www.pexels.com/photo/homeless-man-drinking-water-8078373/

Domadder gëtt d’Heeschen Joer-an, Joer-aus an der Stad verbueden, just net Nuets, mä do ass et bekanntlech tëscht Knuedler a Plëss d’Arem roueg wéi um Nordpol. An elo kënnt e ganze Batz Aarbecht op d’Police duer, well am Laf vun de leschte Joer d’Zuel vun den Heescherten extreem zougeholl huet. Eng ganz Partie Leit – also Wieler- wäerten dës Decisioun vum DP-CSV-Schäfferot begréissen: et waren där Heescherten net nëmme vill ginn, ma si goufen och ëmmer méi opdränglech, sinn hannert de Leit hiergaangen – esou guer bis an de Parking souterrain-, hunn d’Leit op den Terrassen belästegt, hunn d’Entréeën vun de Geschäfter besat a wou si reegelméisseg hiren Dreck hannerlooss hunn.

Wéi gesot, d’Stad Lëtzebuerg huet sech un Ettelbréck an Dikrech drugehaangen un zwee Reglementer déi schonn de roude Seegen aus dem Inneministère kruten. Ob dat Reglement eppes bréngt, bleift ofzewaarden. Strofen sinn iwwregens vun der Gemeng keng virgesinn. Et geet ëm den Image vun der Haaptstad, ma et geet och ëm dat organiséiert Heeschen, ëm Mënschenhandel. Leider ginn vun dësem Reglement och déi ‘traditionnell’ Strummerten aus der Stad verbannt, déi,déi roueg um Pawee sëtzen a sech iwwer all Cent freeën….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *