An e puer Deeg lant den Hellege Stull um Findel. Grad ewéi säi Virgänger Jean-Paul den Zweeten op engem 15. Mee 1985 fir eng Visite op Lëtzebuerg komm war. Fir déi kathoulesch Communautéit en absolutten Héichpunkt: an der Haaptstad rechnen se mat 100.000 bis 150.000 Visiteuren aus allen Häre-Länner, besonnesch natierlech aus Frankräich, Belgien an Däitschland. D’Hotelswiesen huet fir dës Woch de wäisse Fuendel ausgehaangen; all d’Zëmmer si besat, keent méi ze kréien. Taylor Swift wäert bleech sinn vun Näid. Dobäi huet an de leschte Joer a grad rezent den Afloss vun der kathoulescher Kierch op d’Gesellschaft drastesch ofgeholl!
An der Stad Lëtzebuerg mussen zwou weider Kierchen entweit ginn, am Rollengergronn an am Pafendall. Aus Käschtegrënn. Ëmmer manner Leit si bereet fir spirituell Gedanken eng hallef Stënnchen d’Woch vun hirer Fräizäit ze afferen. D’Kierche bleiwen eidel, d’éiwegt Liicht brennen ze loossen gëtt zu enger finanzieller Belaaschtung fir den Äerzbistum. Dat ass d’Retourkutsch aus dem Vollek, dat Joerhonnerte laang vun der Kierch ënnerdréckt gi war, vun enger Kierch déi hier Feeler vill ze spéit agesinn hat. Ënnerdréckung vun der Fra, Ënnerdréckung vun den Homosexuellen, eng méi ewéi doutéis Positioun wärend der Nazizäit, ëmmer an ëmmer nees sexuell Iwwergrëff an den eegene Reien asw.
De Mea Culpa koum zu engem Ament wou d’Kand schonn am Pëtz loung, wou d’Scheewercher aus der Pierch fortgelaf woren. D’Influenz vun der Kierch op d’Gesellschaft tendéiert géint NULL. An de Klinicken huet si scho lang näischt méi ze radetten, an engem Secteur deen si Joerzéngte laang eleng dominéiert hat; déi éischt Klinik am Land war d’Zitha, a si war ewéi all déi aner kathoulesch gepräägt. Haut ass awer an deene meeschte Gesondheetshaiser d’Kruzifix erofgeholl ginn. Nonnen déi d’Infirmièren gedrillt an och gepisakt hunn, si keng méi ze fannen.
Am Bankewiesen dann hat d’Kierch hier Hänn via den LCGB mat am Spill wéi 1920 d’Banque Fortuna an d’Liewe geruff gi war. Pech! Dat Finanzinstitut huet Faillite gemaach. Dee gréissten Afloss hat d’Kierch allerdéngs duerch d’Luxemburger Wort an aner Publikatiounen. Chef vun der gréisster Zeitung war vill Joren e Chanoine, e Kanoniker deen tatsächlech aus alle Réier geschoss huet, wann d’Gesellschaft riskéiert huet vum richtege Wee ofzekommen. 2020 huet de Bistum d’Sankt-Paulus-Dréckerei (sic) un de belsche Konzern “Mediahuis” verkaf.
Fir de Journalismus a fir d’Land déi richteg Decisioun, och am Sënn vun Trennung vu Kierch a Staat. An dach, e Riseverloscht fir d’Kierch, déi op déi Manéier en äusserst manipulatiivt Instrument aus der Hand gouf. An elo, d’Caritas! D’Kierch huet kal Féiss krut a verléisst de Betrib, kritt een ze liesen, wann et ëm d’Sue geet, hält d’Charitéit op. Geheit do awer d’Kierch net d’Bengelen ze fréi bei d’Tromm? Misst net grad si sech an dësen schwéiere Stonnen fir d’Iwwerliewen vun enger gréisserer Sozialstruktur asetzen?
D’Gegrommels ënner de Kiercheleit huet ugefaangen, besonnesch ënner de Lénks-Katholiken. D’Kierch misst eng sozial Vokatioun behalen, am anere Fall verléiert si nach méi un Ënnerstëtzung aus dem Vollek. D’Kierch krut Sozialaarbecht schonn an der Bibel an Optrag: Apostelgeschichte 30:35 – „Bei allem, was ich getan habe, habe ich euch gezeigt, wie wichtig es ist, sich für die Schwachen einzusetzen und sie nicht auszubeuten.“ Sech also fir déi Schwaach asetzen. De Bistum schéngt dat vergiess ze hunn!
De Poopst kënnt mat Sécherheet net an de Grand-Duché fir der Equipe ronderëm de Kardinol d’Leviten ze liesen. An nawell wäert de Vatikan am Bild sinn vun der kierchlecher Entwécklung zu Lëtzebuerg, dat nach virun net ze laanger Zäit méi gleeweg war ewéi den Helleje Papp. Ass sech de Kardinol Jean-Claude Hollerich – en déifferdénger Jong a Jesuitt- sech net bewosst, datt hien am gaangen ass, eng vu senge leschte Kaarten ze spillen? D’Kierch soll am Caritas-Skandal mathëllefen, opzeraumen, opzeriichten, ëmmer d’Bibel fest virun Aen: wien aneren hëlleft, deem gëtt gehollef!
Gudde Moien, Här Kaiser!
Een excellenten Artikel!
Eppes gëtt kaum an der Press ernimmt: den Erny Gillen! A mengen An ee vun den Doudegriewer vun der lëtzebuerger Kiirch.
Hie war vun 1989 bis 2011 Direkter vun der Caritas, vun 2007 bis 2025 Präsident vun Caritas Europe, Vice-Präsident vun Caritas Internationalis, vun 2011 bis 2016 Generalvikar a Präsident vum Verwaltungsrot vu St. Paul. Wat huet deen an der Caritas gemaach?
En huet 2015 een offene Bréif a Buchform un der Poopst geschriwwen mam Titel « Wie ein Papst Kurien-Krankheiten heilen kann ».
2016 huet en d’Soutan un den Nol gehaang – wat ech verstoe kann. An haut huet hien eng Firma fir Ethik…
Ech war tëschent 2005 an 2008 Benevol bei der Caritas, wou eemol fir déi Benevol ee Grillfest war. Do koum hien mat engem aneren dohinn, ass laanscht d’Leit gaangen, a kengem Mensch Moie gesot…
Elo gëtt d’Caritas lenks leie gelooss, et soll net méi vill Cheschtleches dru sinn… Memberen vum Opus Dei wäerte keng do dra sinn: déi streng riets Leit sinn ewell an der Schluss-Pressessioun vun der Oktav, bei den « Amts-und Würdenträger » Päischtdënschdeg zu Iechternach…
Ech si lenks-Katholik.
iech alles Guddes!