Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Gesellschaft

Marc Thoma op apart tv am Interview mam Frank Engel 

Marc Thoma op apart tv am Interview mam Frank Engel

                                     

Lëtzebuerg huet zanter engem décke Mount eng politesch Partei méi. Den 21. Februar gouf dem Frank Engel seng FOKUS-Partei virgestallt. “Seng”, well si op seng Initiative hin entstanen ass. Dobäi huet ausgerechent hien deen Dag vun der Presentatioun gefeelt. Könschtlerpech! Him goung et gesondheetlech net esou gutt.

De Mann ass awer elo nees op de Been a gouf dem Marc Thoma e längeren Interview. Zanter dem 21. Februar huet een näischt méi vun där neier Partei héieren. Fairerweis muss ee soen, datt déi nei Organisatioun sech fir d’éischt muss intern opstellen, an datt et mam Krich an der Ukrain grad fir si et net einfach ass, elo vu sech schwätzen ze doen.

Wat huet de Frank Engel, wat huet Fokus wëlles? Wat fir Themen sollen am Mëttelpunkt stoen? Hei säin Interview am Gespréich mam Marc Thoma.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *