Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Eise Pensiounsfong: wann d’Kaz sech selwer an de Schwanz bäisst! 

Eise Pensiounsfong: wann d’Kaz sech selwer an de Schwanz bäisst!

An eisem Pensiounsdëppen sinn 27 Milliarden Euro! Fir et manner salopp auszedrécken: d’Reserven am Fonds de Compensation sinn strubbelvoll. Et däerf een sech allerdéngs näischt virmaachen: zanter datt et deen FDC gëtt, goufen wuel massiv Cotisatiounen abezuelt, ma 12 Milliarden goufen vum Fong selwer erwirtschaft. D’Suen sinn do fir domadder ze schaffen an et kann een deene Responsabelen vum Fong net dacks genuch fir hir gutt Aarbecht felicitéieren. Leider gesinn dat eng Rei Leit aneschters.

Zanter Joerzéngten kachen ëmmer nees d’Gemidder héich, wann erausfonnt gëtt, datt den FDC en Deel vu senge Suen a Finanzinstrumenter gestach huet, déi op déi eng oder aner Manéier mat der Militärindustrie zesummenhänken. Dat kann ee jo verstoen, besonnesch wann et – demagogesch formuléiert- heescht: de lëtzebuerger Pensionär schléit sech d’Panz voll mat Spekulatiounsgeschäfter ronderëm Streebommen! Grotesk gëtt et awer zum Beispill, wann de Fong de béise Fanger gewise kritt, wann hien e klengen Deel vu senge Reserven an d’Atomindustrie investéiert! Fir eng ganz Partie europäesch Länner ass den Atomstroum schliisslech nohalteg!

AFrankräich gëtt et zanter ronn 6 Joer e Gesetz, dat déi ganz grouss Betriber dozou oprifft, éischter an déi Nohaltegkeet ze investéieren, am Sënn vum Klima, am Sënn vun der Mënschheet. Dovunner betraff ass zanter der leschter Woch d’Bank BNP Paribas, déi Gréissten an der europäescher Unioun. 3 ONG huelen d’Bank nämlech op d’Geriicht: Amis de la terre, Oxfam an Notre affaire à tous.

Si werfen der Bank fir, ënnert hirer Clientèle Gas- a Pëtrolgesellschafte ze hunn!Dat wier en no-go! D’Bank misst ophalen, esou Gesellschaften finanziell ze ënnerstëtzen,si dierft hinnen also keng Kreditter méi ginn. D’Situatioun ass bosseg genuch, ma et kann nach besser kommen. Wann d’Riichter a Frankräich nämlech deenen dräi ONG Recht ginn, muss d’Bank eng Strof blechen. An där BNP Paribas ass bekanntlech zanter der Finanzkris vun 2009 déi lëtzebuerger Bank BGL. Si misst déi Strof also mat berappen!

A wien ass esou alles Aktionär an där BGL? Zu engem groussen Deel de lëtzebuerger Stat mat enger Participatioun vun 34 Prozent am Kapital. Et wär also eise Stat deen op eng gewësse Manéier fir déi Strof aus Frankräich misst opkommen! Et huet een awer och ni seng Rou!

Villäicht wier et net vu Muttwëll, wann eise Fond de Compensation méi géing an den nationale Wunnengsmaart investéieren. 27 Milliarden sinn vill Suen! 93 Prozent vun deene Reserven sinn fifty-fifty an Aktien an a Bonds gebunkert an nëmme 5 Prozent an Immobilien. A vun deene 5% nach de Gros an Immobiliefongen, net a Wunnengen selwer. Hat do een eppes gesot vun enger Logementskris am Grand-Duché?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *