Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Krich an der Ukrain: just kollateral Schied fir déi Europäesch Unioun? 

Krich an der Ukrain: just kollateral Schied fir déi Europäesch Unioun?
Photo by Pixabay: https://www.pexels.com/photo/city-continent-country-destination-269790/

Aus dem éischte Weltkrich goung Europa geschwächt ervir. Et war net méi déi onkontestéiert Weltmuecht. Nom zweete Weltkrich war Europa definitiv zum ale Kontinent ginn, neien Här a Meeschter um Planéit waren (sinn?) d’USA. Mat Kricher ginn nei Muechtverhältnisser geschaafen. Déi sinn sech och nom Krich an der Ukrain ze erwaarden an Europa kéint duerchaus nach eemol als de Verléierer do stoen.

Do war an ass nach ëmmer de Problem vun der Energie, déi mir zanter dem Ufank vum Konflikt net méi en masse hunn. Mir goufen wéi aus dem Dornréischeschlof erwächt. De Schock huet sech um Enn glécklecherweis als net grad esou schro erwisen ewéi Uganks geduecht, ma huet nawell 3 Prozent vum europäesche PIB kascht. Also grad esou vill ewéi de Pëtrollschock an de 70-jer Joer. Vill europäesch Länner si komplett iwwerschëlt – virop Griechenland, ma och eisen Noper Frankräich kënnt op iwwer 3000 Milliarden Euro!

Déi héich Energiepräisser haten an hunn hir Ausleefer och op sozialem Plang. Déi ënnescht Gesellschaftsklassen – virun allem de Mëttelstand- goufen voll erwëscht: hir Liewensqualitéit goung drastesch zeréck, d’Onzefriddenheet goung erop an huet de Wee fräi gemaach fir Populismus. Deen huet sech bei deene verschiddenste Momenter entlueden, zum Beispill a Frankräich bei Geleeënheet vun der Pensiounsreform.

Moskau huet eng Zort Hybrid-Krich géint Europa gefouert. Zanter 2014 goufen 300 Milliounen Euro investéiert fir extremistesch Parteien an Europa ze ënnerstëtzen; donieft goufen et Cyber-Attacken op gewëssen Infrastrukturen ewéi Spideeler.

wikipedia

Militäresch steet Europa plakeg do vis-à-vis vu Moskau. Déi däitsch Panzer sinn zwar 10 mol besser ewéi déi russesch, ma et si bal keng do. Grad esou wéineg eng europäesch Verdeedegungspolitik an esou huet sech Europa nolens volens quasi ënnert de Kommando vun den USA musse stellen. Eréischt an der Halschecht vun dësem Juni huet déi däitsch Regierung en Entworf vun enger Verdeedegungsstrategie erausginn,- déi éischt zanter zwee Joerzéngten! Nom Kollaps vun der Sowjetunioun wär de Fridden éiweg, duechte mir an haten eis ofhängeg gemaach vun Importer aus Russland, China an Amerika, nom Moto: wien bezillt, dee kommandéiert.

Déi europäesch Unioun ass zanter hirer Grënnung kee Regisseur an der Weltgeschicht, si

Photo by Pixabay: https://www.pexels.com/photo/air-air-pollution-chimney-clouds-459728/

huet léiwer just nogekuckt. Haut kréie mir d’Quittung dofir! Op wirtschaftlechem Plang si mir net Här a Meeschter wéi den Energieschock eis et verdäitlecht huet. Vun enger europäescher Energie-Politik ass ëmmer nach net ze schwätzen! Esou sinn déi eng Länner fir d’Atomenergie, déi aner dogéint. Kuddelmuddelpolitik! Däitschland mécht d’Atomwierker zou a keeft Atomstroum aus Frankräich. Déi Logik hält een bal net aus!

Europa ass deemno wirtschaftlech net onofhängeg. Och net wat d’Alimentatioun betrëfft. Do soll et esou guer an déi entgéintgesate Richtung goen: mat der EU-Strategie Farm to Fork ass an den éischte Joer vun der Ëmsetzung eng Baisse an der landwirtschaftlecher Produktioun vun 12 Prozent virgesinn! Den F2F geet zwar a Richtung Bio – wat duerchaus ze begréissen ass-, ma wäert dach um Ufank zu enger Destabilisatioun am Sectur bäidroen. Also net nëmmen eis Pëllen a Sprëtzen kommen aus China, Indien…, ma och ëmmer méi dat, wat mir op den Dësch zervéiert kréien. Wou bleiwen do déi europäesch Initiativen? Nees eng Kéier léiwer nokucken?

Frankräich huet am Pharmaberäich reagéiert: 25 essentiel Medikamenter ginn an noer Zukunft nees am Hexagon produzéiert, weider 25 sollen nokommen. Zejoert haten ëmmerhin 3500 Moleküllen a Frankräich gefeelt. D’EU hat an deem Secteur d’Produktioun dacks geoutsourced u Länner ewéi Indien a China, offiziell fir dës auslännesch Ekonomien ze ënnerstëtzen ma awer grad esou aus Käschtegrënn.

Europa wëll de Klima retten! Den Historiker Nicolas Baverez sot sech viru Méint am L’EXPRESS iwwerzeegt, datt déi ekologesch Transitioun eng absolutt Zerstéierungswaff ass géint europäesch Betriber a gëtt e Beispill:. La taxe carbone aux frontière est contre-productive car elle est basée sur les produits bruts, et non sur les produits finis. Ainsi, la voiture électrique chinoise ne sera pas soumise à cette taxe, contrairement aux constructeurs européens. Absurditéit!

An der Tëschenzäit huet de franséische Staatspresident Macron op eng aner Manéier reagéiert. Elektresch Autoen aus China sollen net méi vum franséische Bonus kënne profitéieren. Ob dat juristesch d’Strooss laang hält an ob aner europäesch Länner nozéien sief emol dohinnergestallt, ma et ass a Krichszäiten eng normal Reaktioun.

“…Europa muss ganz séier géigesteieren!…”

D’Europäesch Unioun muss nees autonom, souverän ginn, virop a strategesche Secteuren ewéi d’Gesondheet, d’Energie, d’Landwirtschaft, d’Technologie an och d’Waffenindustrie. An et ass sécherlech net falsch d’Fro vum EURO opzewerfen. D’USA hunn ee staarken Dollar deen d’Wirtschaft ronderëm d’Welt dominéiert; China huet aus deem Grond de Petro-Yuan lancéiert fir an Etappen dovunner lass ze kommen; Brasilien an Argentinien probéieren eng Eenheetswärung fäerdeg ze bréngen! A mir, mat eisen 448 Milliounen Awunner?

Photo by Spencer Davis: https://www.pexels.com/photo/old-ruins-of-columns-of-medieval-temple-4388164/

De wirtschaftleche Wuesstëm klëmmt méi lues: 1 Prozent dëst Joer, 1,7 Prozent dat anert. Däitschland ass an enger Rezessioun mat engem Minus vun 0,3 Prozent vum PIB. Déi 27 Memberlänner kommen op e Bruttoinlandproduit vun 14,5 Billiounen, Amerika op 23,3 Billiounen. Domadder bleiwe mir drëttstäerkste Wirtschaftskraaft um Planéit, an déi Kraaft misst nach duergoen, sech vun den USA ze emanzipéieren. Einstweilen ass de Géigendeel de Fall: BASF investéiert a China, VW baut seng gréisste Batteriefabréck an den USA, Arcelor Mittal mécht zwee Siten an Europa zou a plënnert och eriwwer an d’States. Dat geet an déi falsch Direktioun, also oprëschten, ma net eleng am Waffenarsenal, ma och an der Ekonomie!

Et huet sech bannent kierzester Zäit enorm vill gedoen, gouf vun de Féiss op d’Kopp gestallt. Wann ee bedenkt, datt virun zwee Joer nach e Land ewéi Däitschland ni méi wollt an e Krich verwéckelt ginn an haut dat Land ass, dat direkt hannert Amerika déi meeschte Suen labber mécht fir d’Ukrain, da kann een do och vun enger ZEITENWENDE schwätzen. An iergendwann ass dee Krich jo dann eriwwer. Do däerf Europa net als Verléierer stoen, net eleng als Spectateur, ma och als Acteur!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *