Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Reiwereien tëscht der Police an hirem Minister Kox 

Reiwereien tëscht der Police an hirem Minister Kox
Lëtzebuerger Revue

D’Police grand-ducale huet hire Patréiner den Hellege Méchel gefeiert. The same procedure as every year. Der Police hiren Direkter Philippe Schrantz war Invité vun der Redaktioun op Radio Lëtzebuerg. Schonn e bësselche méi aussergewéinlech. De Mann ass nämlech Medieschei. Seng rezent Optrëtter muss een also op engem zweeten Niveau interpretéieren.

D’Relatiounen tëscht der Police an hirem Minister Henri Kox sinn net gutt. Eigentlech grotteschlecht. Dat huet engersäits domadder ze dinn, datt de Minister net genuch ënnerhëlt, fir seng Truppen ze ënnerstëtzen, anerersäits, datt de Politiker sech dacks guer net matt der Police ofschwätzt.

Den Henri Kox steet bekanntlech zanter Méint ënner Dauerbeschoss vun der blo-schwaarzer Koalitioun um Knuedler. D’Haaptstad verlaangt méi Asaz vun den Uniforméierten, fir d’Sécherheetsgefill vun de Matbierger nees ze verbesseren. Aus där Drocksituatioun eraus hat de Minister e Méindeg virun 10 Deeg eng Pressekonferenz ofgehalen, mat der Ukënnegung, datt d’Police sollt méi dacks duerch d’Stroossen patrulléieren, an zwar zefouss.

Héiert sech gutt un. Just datt de Minister vergiess hat, sech virdrun mat der Police ofzeschwätzen. Fir si war d’Pressekonferenz déi total Iwwerraschung. Dobäi wier et déi normaalste Saach vun der Welt gewiescht, wann op där PK e Polizist hätt kënnen zousätzlech Informatioune ginn iwwer de Verlaf vun esou Patrullen!

Den Direkter Schrantz konnt dat net op sech sëtze loossen. A wéi vum Hellege Geescht bestallt, koum d’Méchelsfeier engem zupaass. Do konnt een éischt Picke setzen, wéi zum Beispill, datt d’Diskussioun ronderëm d’Bodycam fir jidder Polizist elo schonn zanter 3 Joer gefouert gëtt!

RTL huet invitéiert an – une fois n’étant pas coutume- huet de Mann och vun där Geleeënheet profitéiert, fir an d’Ëffentlechkeet ze goen. Sachlech, brav am Toun an och an der Form huet de Chef vun der Police ugekënnegt, datt een an Zukunft engem Polizist deen an eng delikat Situatioun geglëtscht ass, d’office juristesche Bäistand kéint leeschten, him also direkt um Ufank en Affekot zur Verfügung stellen. Sollt sech spéider erausstellen, datt de Beamte tatsächlech e Feeler gemaach hat, da kéint de Staat jo a Recours goen, fir déi virgestreckte Suen erëmzekréien.

Den Optrëtt vum Philippe Schrantz gëtt natierlech besonnesch vill an de konzernéierte Kreesser kommentéiert. Déi an Uniform sinn net begeeschtert vun hirem Minister, déi an der Politik fänken un, mat de Féiss ze schären, schliisslech handelt et sech beim Corps vun der Police ëm 2600 potentiell Wieler.

Den Direkter Schrantz kann/däerf net op Frontalkollisioun goen mat sengem Minister, dofir muss een seng Ausféierungen tëscht den Zeilen interpretéieren.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *