Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Casino Royal am Gesondheetssecteur 

Casino Royal am Gesondheetssecteur

Wann ee bis an der Pensioun ass, huet ee besser Zäit, Leit bei den Dokter ze begleeden, Persounen an d’Klinik besichen ze goen. Do erliewt een dann esou munneches, an et wënscht ee sech bal zeréck an d’aktivt Liewen. Dat, wat ech hei opzielen, betrëfft an der Haaptsaach déi Klinik, déi vu sech behaapt, déi Bescht am Land ze sinn. Ech well och net falsch verstaane ginn. Trotz där fatzeger Kritik, déi ech unzebréngen hunn, gëtt et och Personal, jo esouguer Dokter, déi méi wéi korrekt sinn, op professionellem an um mënschleche Plang.

CNS - Caisse Nationale de Santé
CNS – Caisse Nationale de Santé

Beispill 1 : Eng Persoun soll e klenge chirurgikaleschen Agrëff gemaach kréien a passéiert virdrun beim Anesthesist.Um Enn vun der consultatioun – et geet schonn ëm d’Bezuelen- huet déi Persoun eng nawell net onwichteg Fro ze stellen, wat d’Anesthesie selwer ugeet. D’Aentwert vum Dokter, mam Fanger op d’Maschinn vum Bancomat: “Bitte zahlen!” D’Persoun hat hir Kreditkaart schonn am Grapp, duecht awer, den Dokter hätt hir Fro net matkruut an huet se also nach emol gestalt. Seng Aentwert war déi nämmlecht, just nach méi rabiat:”Zahlen Sie JETZT!”. Dat nennt ee fachmännesch Berodung!

Et bezillt een, et kënnt ee sech vir wéi e Lompekréimer an et geet een heem, an der Hoffnung, datt alles gutt ausgeet. Patienterechter? Fir an d’Poubelle, wou mat neierdéngs manner Plastik, nees méi Plaaz ass fir aner Saachen.

“Kee Kriibs! Tiptop! Ma elo weess ech och net weider. Tschüssikowski!”

Beispill 2: Eng Persoun huet grouss Probleemer mat Mo an Daarem. De Spezialist wëll eng Daarmspiggelung maachen. D’Persoun huet zwar réischt eng hannert sech, ma de Monni Dokter mengt, bannent 20 Méint kéint sech eppes verännert hunn. Wat bleiwt engem aaneschters iwwereg, wéi anzewëllegen?! Et kritt een also e puer Meter Schlauch hannenra gedréckt, no e puer Minutten ass alles aus an unn, mat der Feststellung: et huet sech absolutt näischt verännert.

“Tschüüss! Wir sehen uns nicht mehr wieder!”, woren déi lescht Wieder vum Spezialist, deen eriwwerhoppst bei den nächste Patient, fir déi nächst 5 Meter Schlauch eranzejummen. Dat geet am laufenden Band esou, op d’mannst 10 Patienten am Moien. Datt den Dokter prioritär no Kriibs gesicht huet, ass normal. Datt fir hien duerno d’Behandlung scho fäerdeg ass, äusserst anormal! Wéi gesäit et aus mat “solution management”? D’Persoun war jo an d’Klinik komm matt Problemer a Mo an Daarm! Den Dokter war fein, schéngt awer séier um Enn vu sengem Latäin ukomm gewierscht ze sinn. Kee Kriibs! Tiptop! Ma elo weess ech och net weider. Tschüssikowski!

Source: pixabay.com

Beispill 3: Eng eeler Persoun gëtt an d’Klinik ageliwwert. Si ass allgemeng schwaach, d’Famill geet si reegelméisseg besichen a wënscht sech natiirlech déi eng oder aner Informatioun vum Personal. Fir un een Dokter ze kommen, vergiess et! Um ganze Stack begéint een net engem eenzegen, oder awer, si hu sech gutt verstoppt. Also Informatiounen vun den Infirmier(en).

… a wann een da freet:” wéi geet et der Patientin”, kritt een lakonesch d’Aentwert:”ni mieux, ni pire qu’hier …

Et soll net sexistesch eriwwerkommen, ma et handelt sech em lauter Fraen, déi hir Aarbecht mat engem Mouden-Défilé verwiesselen. Ganz Jonker – dofir kënnen se net-, awer esou erausgefiizt, datt ee

sech freet, ob ee wierklech nach an enger Klinik ass. Am LTPS (Lycée technique pour professions de santé) gi jonk Mënschen op de Beruff preparéiert, an do heescht et: et soll ee keng Bijouen droen, sech net schminken, aus hygienesche Grënn, an och – a villäicht virun allem- aus Respekt virun engem Patient, deem et gesondheetlech, physesch a séilech, net gutt geet, deen eventuel am fin de vie ass.

Image Credits: pixabay.com

Ma an dëser Klinik klimperen d’Infirmièren mat laangen Neel matt grousser Virléift op de Computer, si gekämmt a gestyled bis zum Geht nicht mehr a wann een da freet:” wéi geet et der Patientin”, kritt een lakonesch d’Aentwert:”ni mieux, ni pire qu’hier!”. Ma wann näischt Negatives gemellt gouf, géing dat wuel bedeiten, datt déi Persoun effektiv giess a gedronk huet. Kléngt natiirlech wéineg rassurant, bausse si grad 30 Grad. Ech kéint nach weiderfueren mat aaneren, ma net esou eklatante Beispiller.Ech halen hei awer op, well et soll kee bashing sinn ob d’Personal.

“… de Patient respektéieren, hien net eleng als ‘machine à fric’ betruechten …”

Et soll just d’Feststellung sinn, datt et an de Kompetenzzentren dacks u Kompetenze feelt, professionneller a virun allem mënschlecher Natur. A ganz kloer: et gëtt Personal, dat sech exemplaresch ëm d’Patiente këmmert, och an de Fleegeheimer.

Et gëtt och Dokter, déi de Patient respektéieren, hien net eleng als ‘machine à fric’ betruechten, ma och nach als Mënsch, mat all sengen défauten.

D’Ongewëssheet läit just doranner: wee ka mir soen, wann et mool engkéier bis eescht gëtt, ob ech op e bad doc oder op e good doc gerooden?! Nach sinn ech gesonnt, ma bei där Fro gëtt et mir e bësselche komesch ëm d’Häerz.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *