Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

D’Zukunft vun RTL-Radio Lëtzebuerg? 

D’Zukunft vun RTL-Radio Lëtzebuerg?
Image par Samuel Morazan de Pixabay

D’Solden hunn ugefaangen an Bertelsmann mécht den Ausverkaf. RTL a Frankräich, RTL an der Belsch an RTL an Holland stinn zum Verkaf. An der Belsch ass den Deal zanter haut perfekt: 250 Milliounen Euro bréngt hien eran! D’Radio- an Televisiounschaînen ginn un zwee Kandidaten, déi sech zesumme gedoen hunn, ROSSEL an DPG. RTL an der Belsch, dat sinn RTL TVi, Club RTL a Plug RTL op der Säit vun der Fernsehsbranche, Bel RTL, Radio Contact a radio mint op der Säit vum Radiogeschäft. An d’Situatioun vun RTL Radio Lëtzebuerg?

Mam neie Konzessiounsvertrag gouf däitlech, datt déi Däitsch sech och wëllen vun de lëtzebuerger Geschäfter trennen, déi souwisou ni vill Cash bedeit hunn. De Vertrag hält fest, datt d’Regierung fir den Defizit opkënnt vun Tëlee Lëtzebuerg, an zwar bis e Plaffong vun 10 Milliounen Euro. De klengen nationale Publicitéitsmarché bréngt eben net vill Geld eran. Vu Bertelsmann ass et un d’Adress vun der Regierung näischt aneschters wéi en diplomateschen Klibbert eis! Wann Dir Iech op der Tëlee wëllt selwer gesinn, da muss Dir och dofir okommen.

Bei Radio Lëtzebuerg ass d’Situatioun eng aner. Zwar brécht och do d’Audience am daily reach ewech, ma d’Geschäft ass alles aneschters wéi defizitär. Radio Lëtzebuerg geschwënnoch  ënner dem Prabbeli vum Staat? Pardong? Do ass schonn de Soziokulturelle geparkt!

Déi Däitsch wëllen sech op den däitsche Marché konzentréieren a stoussen e Standbeen nom aneren am Ausland of. De Site Lëtzebuerg vum Mammekonzern war dobäi ëmmer an Dar am A, och wéi den Haaptaktionär nach aus der Belsch koum. Dir kascht ze deier! war ëmmer nees de Message un d’Vertrieder vun der Personaldelegatioun. Sinn si elo um Sprong, de Grand-Duché definitiv ze verloossen? De Bau an de Verkaf vun RTL Tower um Kierchbierg suergen allemol fir Spekulatiounen.

Kloer ass zanter Joerzéngten, datt déi puer Mécken, déi Radio Lëtzebuerg erabréngt, d’Aktionariat vun engem Multikonzern net interesséieren. De Moment ass gënschteg, sech vun deem Radio ze trennen. Dat huet sech ënner Investisseuren erëmgeschwat, an de Kulissen lafe Gespréicher. Eng Éiwegkeet wäert et net méi daueren, bis d’Bertelsmänner Fuerw bekennen.

D’Regierung ass net interesséiert, niewt der Tëlee och nach e weidere Radio ze iwwerhuelen. Also bleiwen zwou Méiglechkeeten: entweder e Begriefnes  oder awer eng Reinkarnatioun  vun där historesch éischter Radiostatioun am klenge Lëtzebuerg. Wiedergebuert steet jo och fir NEIT LIEWEN, eng nei Chance, och fir de Journalismus!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *