Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Gemengewahlen um Beispill vun der Haaptstad 

Gemengewahlen um Beispill vun der Haaptstad
vdl

Nom Feierdag lafen d’Kommunalpolitiker – an déi, déi et wëlle ginn- sech waarm fir de Marathon bis den 11.Juni. Ënnert hinnen ass och eng ablécklech Ministesch. D’Corinne Cahen schéngt net wëlles ze hunn aus der Regierung ze demissionéieren. Wat ee finanziell ka verstoen, wat awer alles aneschters ewéi politesch korrekt ass. Esou léisst si sech kee Rendez-Vous entgoen fir als Familljen- oder als Integratiounsministesch opzetrieden an zugläich op d’Propaganda-Trommel fir sech selwer  ze schloen. Deloyal Konkurrenz!

Keen kann hier dat verbidden, déi lescht Hoffnung läit beim Wieler dee mat sengem Kräizchen muss tranchéieren. Och an der groussherzoglecher Press gëtt sech net weider gemuckst, éischter sech drop limitéiert, d’Madamm ze filmen wéi si mam VëlooooH duerch d’Groussgaass pedalléiert. Schliisslech wëll d’Madamm jo eng ganz aner Haaptstad ewéi déi, déi déi al DP-Garde hannerléisst. Auto eraus oder 30 KmH-Zonen drop an derwidder, vive den Drotiesel! D’CC mécht eng aner Campagne ewéi de Rescht vun hirer Equipe.

Déi Campagne huet nach net richteg ugefaangen a geet elo schonn fir e puer dausend Wieler hirem Enn zou: bis de 17. Mee kann ee sech nach fir d’Bréifwahl aschreiwen déi ëmmer méi beléift gëtt. A ronn 20 Deeg also ginn déi éischt Bierger hier Stëmm of, fir si ass d’Wahlcampagne quasi eriwwer. Doheem seng Kräizercher gemoolt a Wochen drop aus senger Vakanz op Kreta, Palma, Gran Canaria d’Resultat per Facebook kommentéieren.  D’Bréifwahl ass esou eppes vu kamoud! Sinn sech d’Lokalmatadoren dees bewosst?

“…D’Auslänner net nëmmen dat fënneft Rad um Won!…”

All ze gären gëtt bedauert, datt d’Wahlbedeelegung bei der auslännescher Populatioun esou niddereg ausfält. Déi Participatioun ass vu Gemeng zu Gemeng verschidden, läit awer an der Moyenne tëscht 15 an 20 Prozent. An der Gemeng Lëtzebuerg ginn am Juni 43.500 Leit hier Stëmm of, dovunner sinn der 12.600 Auslänner. Also net grad en Drëttel…genuch fir mat ze decidéieren, de Pendel no lénks oder no riets ausschloen ze loossen!. Hunn déi eenzel Parteien déi auslännesch Wielerschaft an der Stad genuch ugeschwat?

Ënnert de Lëtzebuerger decidéiert sech d’Wahl an der Haaptstad um Thema Sécherheet, an zwar net nëmmen ënnert den eelere Joergäng, mä an allen Alterskategorien. Et vergeet nämlech kee Weekend, wou Jugendlecher net iwwerfall an zerschloen ginn, Handy a Portmonni ofgeholl kréien. Esou gouf nach d’lescht Woch e Jugendlechen schwéier mam Messer blesséiert, net Nuets, ma géint 18 Auer, also am hellen Do. Tatort: d’Kinnekswiss, ewéi esou dacks.

rtl.lu

Déi stater Politiker maachen sech Suergen, well et huet sech e Clan forméiert vun 20 West-Asiaten. Géint esou eng Clique unzekommen ass bal onméiglech, et sief de Minister Kox géing seng Polizisten méi dacks an d’Stad eraus schécken. Wat hien net mécht. D’Geschäftswelt mécht de Spunnes a seet: et erféiert ee scho bal, wann een an der Groussgaass engem Polizist begéint. D’Polizisten selwer resignéieren: Owes huelen si ee Mënsch fest, den Dag drop begéinen si him an der Kuelegaass! Als Rappel: zejoert goufen et am Ganzen 54.500 Infraktiounen!

Lydie Polfer a Serge Wilmes leien also richteg, wann si eng Sécherheetsfirma domadder

Photo by Amina Filkins: https://www.pexels.com/photo/asian-child-in-policeman-costume-in-studio-5560553/

chargéieren, net eréischt vun 17 Auer un duerch de Park ze patrulléieren, ma 2 Stonnen éischter. Zitat Polfer: Déi Messerpickereien, déi mer bal all Dag an der Zeitung liesen, weist, datt et keen Onsécherheetsgefill ass, mee leider eng Realitéit. A mam dolce far niente vum Minister läit et op der Hand, datt grouss Gemengen, op alle Fall d’Haaptstad nees sollen hier eege Police kréien.

Déi däitsch Haaptstad huet et viru Wochen gewisen: a betraffene Quartieren huet den Thema Sécherheet d’Wahlen dominéiert an decidéiert an et koum zu engem Regierungswiessel. De Weltklima huet dobäi ze soen keng Roll gespillt. A sos Gemengen zu Lëtzebuerg kënnen et komplett aner Sujeten sinn: Käerjeng mam Contournement, hei de Bauperimeter, do e gréissere Wunnengsprojet… D’Haut ass engem eben dach méi no ewéi d’Hiem! Gemengepolitik.

 

Related posts

1 Comment

  1. Pete

    Leider haben Sie mir der Beschreibung des Sicherheitsdefizites v.a. in der Hauptstadt allzu recht. Drogen und Kriminalität sind in den letzten Jahren komplett außer Kontrolle geraten, und der zuständige Minister ist bekanntermaßen rückgratsfrei. Nicht nur für Ältere ist der Bereich zwischen Blvd Joseph II und Prince Henri zur ganztägigen Angst- und Gefahrenzone geworden –Neubürger in Luxembourg staunen ungläubig, wenn man ihnen erzählt, dass man vor 25 Jahren Auto- oder Haustür auch einmal unabgeschlossen lassen konnte. Jetzt geht es weit über Diebstahl hinaus, physische Gewalt hat Einzug gehalten – nicht nur nachts, nicht nur im Garer Quartier. Besucher sind vom tolerierten, offenen Konsum harter Drogen und Betteltourismus mit dazugehöriger Vermüllung in einer der wohlhabendsten Städte Europas schockiert.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *