Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

CSV virun enger Zerräissprouf? 

CSV virun enger Zerräissprouf?

D’CSV léist sech vun der Ëffentlechkeet dreiwen a wëll déi Aal géint méi jonker auswiesselen! Ass zum Deel gutt, zum aneren weess een net, wou d’Rees hiféiert. Et ass richteg, datt d’Partei wëll vum Image ewechkommen, eng Aal-Häre-Partei ze sinn, mä, gëtt et dees Gudden, sic dees Jonken net ze vill? Souwisou huet d’CSV-grad ewéi d’LSAP-, en décke Problem, wat d’Personaldecken ugeet.

 

 

Fir d’éischt koum d’Martine Hansen, fir de Claude Wiseler un der Spëtzt vun der Fraktioun ofzeléisen;dee Wiessel mécht Sënn, nom Debakel vum 14. Oktober. Elo dann d’Auswiesselen vum Parteipresident. Gebongt! De Marc Spautz huet net iwwerméisseg gutt ofgeschnidden, also mécht och dee Wiessel Sënn! Mä, d’Argument vun der “politescher Jugend” aleng bréngt et net. D’Martine Hansen gouf nach vum Jean-Claude Juncker an d’Regierung geruff, si huet an de leschte Joer eng Rei politesch Erfahrunge kënne maachen -besonnesch an der  Oppositioun-, ma eng Fraktioun féieren, ass dach en aanert puer Schong! Sie huet bis ewell mat hirer Aarbecht als Deputéierten kee schlecht Gefill beim Wieler hannerlooss, mol kucken, wéi et an e puer Méint fir d’Madame ausgesäit. Fir de Marc Spautz z’ersetzen, war direkt de Serge Wilmes am Gespréich: de shooting star aus der Gemeng Lëtzebuerg, déi nei Zukunft vun den alen Hären. Ma, et gëtt och eng Géigekandidatur, mam Frank Engel, dee sech déi lescht Joer exklusiv am europäeschen Ëmfeld opgehaalen huet, an deen elo, wou de JCJ net méi am Wee steet, wëll zeréck an d’Nationalpolitik.

 

“Matt zwou kandidaturen fir d’ParteispËtzt gëtt et kee gutt Resultat fir keen!”

De Frank Engel hat sech viru Joer virgeholl, de Juncker ze imitéieren: verschnörkelt Sätz, matt spatzer Zong formuléiert a vun enger gewëssener Arroganz agepaak. Keen domme Mann, just e bësselche vill vu sech ageholl a steet sech dacks selwer an de Féiss!

 

War et um Ufank kloer, datt de Serge Wilmes dës Course géing gewannen, esou heescht et neierdéngs, datt d’Resultat kéint enk ginn. Dat Resultat kréie mer den nächste Weekend servéiert, an der Tëschenzäit laafen déi sougenannten hearing, mat Echoen, ewéi: de Wilmes ass méi symphatesch, den Engel méi kompetent. Jenodeem wéi d’Wahl ausfällt, gehéieren déi Zwee net onbedéngt zu de Gewënner! An et stellt sech d’Fro: wee vun deenen Zwee bréngt et fäerdeg, mat engem relativ schwaache Resultat, d’Partei an hirer ablacklecher Desorientéierung ze eenen an hannert sech ze bréngen? De  Frank Engel huet sécherlech seng Militanten, ma hien huet virun allem hefteg Géigner. Sollt hie gewielt ginn, steet eventuel d’Zukunft vun der Partei um Spill!

 

 

“Dobäi geet et déikéier drëm, e wierkleche Plang fir d’Zukunft opzebauen!… “.

Den neien CSV-President muss net nëmmen seng eegen Truppen hannert sech hunn, hie muss och konsensfäheg no bausse sinn, wann et engkéier sollt drëm goen, mat enger anerer Partei an d’Koalitiounsbett ze goen. Hätten déi Gréng virun 3 Méint net esou kräfteg zougeluecht, wär de Xavier Bettel duerchaus bereet gewierscht, mam Claude Wiseler iwwer eng nei Regierung ze schwätzen. Wär dat och méiglech matt enger CSV, déi als President e Frank Engel huet? Ech sinn éischter skeptesch…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *