Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Divers

De Polizeistaat bis an d’Kachdëppen! 

De Polizeistaat bis an d’Kachdëppen!
Photo de Donald Tong provenant de Pexels

viru Joer gouf et zu Lëtzebuerg en echte Prozess. Eng Fra hat e Mann ugeklot, well deen plakeg duerch seng Stuff getrëppelt war a bei der Fënster säi beschte Kolleeg gewisen hat. Dat mécht een net! An nawell gouf de Mann fräi geschwat. My home is my castle! Doheem kann ech maachen a loossen, wat a wéi ech et wëll. Ausser natierlech de Conjoint schloen. Mä déi Zort Privatbuerg ass am gaangen ze bréckelen.

Norwegen gëllt als eent vun de Länner, wou d’Demokratie grouss geschriwwe gëtt. Zu Oslo gouf virun engem Joer e Gesetz ugeholl, mat deem et verbueden ass, an der Ëffentlechkeet déi Homosexuell, Bisexuell an Transsexuell ze beleidegen. Déi Kategorie vu Leit gëllen als besonnesch geschützt vum Gesetz. Fir all Beleidegung, respektiv Frechheet un d’Adress vun deene Leit riskéiert een bis zu 3 Joer Prisong. Gutt esou! A sollt sech dëse Leit hir Situatioun an den nächste Joerzéngten normaliséieren, kann d’Gesetz jo ëmmer nach réckgängeg gemaach ginn. D’Gesetz geet awer méi wäit.

Fir all méi oder manner topeg Remark, déi een doheem hanner dem Kolonnenuewen iwwer Homosexueller mécht, riskéiert een grad esou Prisong. Zwar nëmmen maximal ee Joer, ma ëmmerhin! A Schottland gouf en änlechen Gesetzprojet diskutéiert: Hate Crime and Public Order, dat och Persounen mat Migratiounshannergrond betrëfft. De schottesche Justizminister war der Meenung, datt d’Privatsphär net kéint lénks leie gelooss ginn. Net ganz zu Onrecht!

Schliisslech däerf ee bei sech doheem net Fra an/oder Kanner schloen, mëssbrauchen an et däerf een och net egal wéi vill Kaméidi maachen, scho guer net no 10 Auer Owes. Also gëtt et duerchaus eng Vermëschung vun der Privatsphär mat der Ëffentlechkeet. An nawell ginn esou Iwwerleeunge wäit! Et ass e groussen Ënnerscheed, ob een d’Fëmmen a Bistro/Restaurant verbidd oder doheem an der Stuff!

Home sweet home? Tempi passati! Do muss een neierdéngs oppassen wéi e Spëtzbouf. Wann d’Bomchen sech Froe stellt, well eent vun de Kandskanner mat engem Auslänner erausgeet: e Prozess! Wann d’Elteren hirem Fils soen, datt et net glécklech ass, sech als neie Virnumm “Claudine” erauszewielen: e Prozess! E graffe Witz vum Monni no der 6. Drëpp? E Prozess! Et muss een nach just dat Ganzt als Beweismëttel enregistréieren, ma den Handy ass jo ëmmer derbäi… d’Alexa och net vergiessen. An d’Police kréich eng nei Unitéit, spezialiséiert op sex and crime doheem.

Nach si mir zu Lëtzebuerg wäit ewech vun esou enger Welt. Ma et erféiert mech schonn, wann ech esou Artikelen an der auslännescher Press liesen. De Sylvain Fort huet am l’EXPRESS d’Léisung: “Ne resterait pour y échapper que le silence. Chacun deviendrait sa propre prison. Seules les pensées seraient libres, comme dit la chanson”.

 

Related posts

1 Comment

  1. Birddog

    “Déi Kategorie vu Leit gëllen als besonnesch geschützt vum Gesetz.” Wat ass de Grond virwat déi sollen besser oder méi geschützt gin wéi déi aner Leit? Virum Gesetz soll jo jiddereen gläich sin. Awerr wann dat doten d’Définitioun vun enger neier Demokratie soll sin, ass et jo awer och fir ze erféieren.
    Et kann een alles iwwerdreiwen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *