Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Sozial Ongerechtegkeeten vu muer ginn haut geséit 

Sozial Ongerechtegkeeten vu muer ginn haut geséit
Image par Frantisek Krejci de Pixabay

Et ass ewéi ëmmer. An all Kris gëtt et Gewënner a Verléierer, där, déi wirtschaftleche Profit aus der Situatioun kënnen zéien an där, déi sech bis op de Calçong mussen ausdoen. Also där mat der Hand um Portmonni, an där mam Fanger am Mond! Dës Andeelung vun eiser Gesellschaft ass näischt Neits. Si kéint sech allerdéngs an den nächste Joer därmoosse verschäerfen, datt a Frankräich esouguer eng gutt biergerlech Zeitung wéi den l’express virun der Méiglechkeet vun enger Revolutioun warnt.

D’Banque de France geet dervunner aus, datt bis d’Enn vum Joer d’Fransousen wärend deenen 20 Méint Pandemie ëm déi 200 Milliarden Euro méi wäerte gespuert hunn. Dat eleng ass schonn eng Belaaschtung fir d’Ekonomie. Donieft gouf e Sondage ënnert de Leit realiséiert: 27 Prozent vun de Stéit goufen un, iwwerhaapt näischt op d’Säit geluecht ze hunn, well si et net konnten. Zugläich ass statistesch beluecht, datt ronn d’Halschecht vum zousätzlechen Erspuertent vun 10 Prozent vun de Leit kënnt! 100 Milliarden op de Kont vun 3 Millioune Stéit!

Do ass se also nees, déi gehässeg Fratz vum Kapitalismus. Et ginn der, déi bueren mam Fanger an der Nues a stoussen op Pëtrol, iwwerdeems anerer Dag fir Dag iwwer 10 Stonne schaffen an um Enn vum Mount trotzdeem Problemer hunn, d’Enner beieneen ze strécken. An esou weist d’Statistik ëmgedréit, datt 10 Prozent vun deene manner Bemëttelten hu mussen un hir Reserve goen, also un dat Wéinegt, wat si hunn.

Image par lannyboy89 de Pixabay

A ville Länner kritt de Salarié an der Deelzäitaarbecht keng 80, ma just 60 Prozent vu sengem normale Loun; dat iwwer 20 Méint gekuckt, mécht de finanzielle Verloscht fir d’Eenzelpersoun risegrouss! Schonn wärend der Pandemie goufen dës Leit also e Batz méi arem, mat der Wirtschaftskris riskéieren se hir Aarbecht.

Krisen hunn de Virdeel, datt verstoppte Wouerechten un d’Dagesliicht kommen. An enger Rei Länner huet sech gewisen, datt d’Schwaarzaarbecht staark verbreet ass, zum Beispill an Italien oder a Spuenien. Eleng op 4 Kanareschen Inselen schaffen 150.000 Persounen an der Illegalitéit- also méiglecherweis och de Serveur, deen eis an der Vakanz den Aperol-Spritz iwwerreecht. Dat ass eng Schätzung, d’Donkelziffer läit wuel vill méi héich. Alles Leit ouni sozial Ofsécherung!

an trotz deem vill Erspuertenem zirkuléiert d’Geld massiv. Eleng zejoert sinn 400.000 Fransousen méi op d’Bourse gaangen, fir do hiert Kapital ze investéieren, an der Hoffnung, datt d’Mënzen schwanger ginn a sech verduebelen. Am Beschten, Drillingen! E Kont hunn op der Bank geet net méi duer, et muss schonn eppes Klengs méi sinn: family office héiert sech schick un, oder?

Image par Free-Photos de Pixabay

A wéi ëmmer, gëtt och wärend dëser Kris vill an de Steen investéiert, Eng Valeur sûre! Wann d’Bourssen enges Daags an d’Gette ginn, de Wäert vum Haus bleift bestoen. Am Grand-Duché besonnesch, wou 70 Prozent vun de Lëtzebuerger Hausbesëtzer sinn an dacks eng Zweet- oder Drëttwunnnecht un en Auslänner verlounen, meeschtens fir deiert Geld. An esou stinn vill Lëtzebuerger Moies aus dem Bett op a wëssen, datt si iwwer Nuecht nees e Stéckelchen méi räich goufen: Stonn fir Stonn klëmmt de Präis vun hirer Immobilie!

Déi Ongläichheeten ginn et scho méi laang, hunn awer am Laf vun de Joerzéngten zougeholl a wäerten nach emol eropgoen mat dëser Kris. D’Jalonen dofir sinn elo scho gesat. Wou bleiwen d’Stëmmen vu virun engem Joer, déi der Meenung waren: esou kann et net méi weidergoen?

Et sief d’Scholden vun de Staaten ginn einfach gestrach, esou wéi et Amerika gemaach huet no sengem Biergerkrich an Däitschland nom Zweete Weltkrich. Déi Kéier wär allerdéngs e ganze Planéit vun där Moossnam betraff, wouduerger si awer net méi legal gëtt….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *