Schlofkonten kënnen op déi verschiddenst Manéieren entstoen. Zum Beispill wann et bei enger Ierfschaft Sträit an der Familljen gëtt. Da bleiwen d’Suen um Kont bis Bridder a Schwëster sech eens sinn. An dat kann daueren, munchmol Joerzéngten, bis datt de Kont an der Famill an de Vergiess geréit. Oder zum Beispill wann eng Persoun Joer laang am Fleegeheem läit a sech méi ewéi dräi Joer um Kont absolutt näischt gedoen huet. Do ginn d’Banken an d’Post aktiv…nawell net grad zu hirem Nodeel!
Vun enger Bank weess ech, datt si ouni Virwarnung einfach mol sougenannten Onkäschten asäckelt. Dat nennt sech dann frais gestion clients inactifs. Dat ass schonn verwonnerlech. Ween näischt mécht, deen näischt brécht! En inaktive Client léisst jo seng Suen um Kont stoen, d’Bank kann an där Zäit bekanntlech mat deem Geld schaffen. Firwat also Onkäschten, déi sech doriwwer eraus och nach gewäsch hunn?
Ech weess vun engem Fall, wou dem Client mir-näischt, Dir-näischt 175,50€ verrechent goufen. Pro Trimester! 700 Euro d’Joer! Dat ass dach carrement iwwerdriwwen. Vun enger anerer Bank weess ech, datt si de Client per Bréif kontaktéiert huet fir hien drop opmierksam ze maachen, datt säi ganzt Erspuertent géing an e Safe kommen vun den inaktive Konten. Esou ageschriwwe Bréiwer ginn reegelméisseg un eeler Persounen, déi -bedéngt duerch hiren Alter- net méi ganz vun dëser Welt sinn.
Mat e bësselche Chance fält dee Bréif engem aus der Familljen an de Grapp. Dee stellt da fest, datt d’Bank dem Client just 10 Deeg Zäit ginn huet fir ze reagéieren an hie muss deementspriechend d’Féiss an de Grapp huelen. Natierlech sinn déi Suen am Kofferfort net verschwonnen, ma jee no Betrag sinn si dach aus den Augen, aus dem Sinn. An et ass nees mat Onkäschte verbonnen!
Zitat vum CSSF-Direkter virun 8 Joer op RTL: Wann d’Geld nämlech bis beim Staat, an der Caisse de Consignation léich, géing net méi aktiv no Ierwe gesicht, dat wier verlueren Zäit an d’Geld aus der Fënster geworf, well een den Titulaire souwisou net géing fannen, sou den CSSF-Direkter, dee fréier Chef war vun der Caisse de Consignation…Pech also, fir den Enkel…
“…Bim-Bam Biren, wéi ass et mat Den Hieren?…”
Ech ginn Iech e Beispill wou een sech freet, ob se an enger Bank “x” net an engem permanenten alkoholiséierten Zoustand sinn? Et ass de Fall vun enger eelerer Madamm déi sech ni vun engem Hiereschlag erholl huet an zanter 6 Joer an engem Heem gefleegt gëtt. D’Duechter huet vum Riichter d’Tutelle iwwerdroe krut a si këmmert sech zesumme mam Brudder iwwer déi verschidden Aufgaben déi ufalen. Dorënner de Bankkonto vun der Mamm, dee soll zougemaach ginn.
Wat fréier eng Saach vu Minutte war, gëtt haut zu enger Liewenserfëllung vu Méint! Do mengt jo net de Bankugestellten, de Jugement vun der Tutelle wär e bësselchen al. Potznennö! Deen Employé hätt also tatsächlech gären, datt de Riichtersproch vun Zäit zu Zäit erneiert gëtt?! Dee Mann huet warscheinlech och nach gekifft!
Weider gëtt eng Identitéitskaart verlaangt, eng rezent wannechgelift. A wann ee keng huet, wann si -ewéi dat bei eelere Persounen nawell dacks geschitt-, ofgelaf as? Rullt een dann mam Bett op d’Gemeng fir mat cheese eng Photo ze maachen? Weider gëtt eng Attestation de domicile gefrot, a well d’Boomchen hiert Doheem verloss huet, muss e Certificat de résidence nogereecht ginn: d’Direktioun vum Fleegeheem gëtt gebieden mat e puer Zeilen Text ze attestéieren, datt déi Fra tatsächlech bei hinnen am Gebai ënnerbruecht ass. An elo kënnt den Hummer.
Et ass also erwisen, datt déi Persoun hier eege 4 Maueren verlooss huet. An trotzdem gëtt eng Stroumrechnung verlaangt! Do fiert een sech méi ewéi eng Kéier un de Kapp! Sinn esou Bestëmmungen vun engem Finanzexpert à la Boris Becker opgestallt ginn? Et gëtt sech allemol hanner europäesch Direktiven verstoppt, schliisslech misst sécher gestalt sinn, datt et sech ëm proppert Geld handelt, keen Terroristegeld, kee Waffegeld, kee wäissgewäschtent Geld. D’Boma zitt vun hirem Bett aus un de Fissellen vun der ‘Ndrangheta!
Derbäi kënnt eng bosseg Entwécklung bei de Banke selwer. Ëmmer méi dacks gesinn ech Agencen, déi zou sinn. Net definitiv, ma einfach net besat. Wann een sech dann ëmfreet, kritt een gesot, et misst een e Rendez-vous huelen op engem bestëmmten Dag zu enger bestëmmter Zäit. Do geet dann zousätzlech Zäit verluer fir dee Client deen d’Bankrelatioun vu sengem Familljemember wëll an d’Rei kréien.
Datt ëmmer méi dacks d’Luuchten an de Filialen aus sinn, hätt iwwregens zwou Ursaachen. Déi Éischt natierlech de Käschtepunkt. Déi Zweet awer iwwerraschenderweis, datt sech ëmmer manner Bankugestellten bereet erklären, an eng Agence schaffen ze goen. Et sëtzt ee léiwer roueg hannert sengem Schierm, et wëll een de mënschleche Kontakt esou vill ewéi méiglech meiden.
Iwwerraschend an och net. Et passt an eis Zäit wou de beschte Frënd vum Mënsch de Smartphone ass. Dee stellt keng domm Froen a wann hien net dat mécht wat ee wëll, da kann een hien ëmmer nach an den Eck jummen.
Ganz gudden artikel.
D kujeneieren vum client sous pretexte vun iergend enger EU direktiv hellt scho grotesk zich un.
Sou froen banken oder d post mer e certificat de residence plus eng copie vun der carte d identite….nodeem ech schon iwer 40 joer do client sin an si meng adress de residence jo parfaitement kennen,well se mer hir extraits de compte dohinner schecken.
De clou ass dann d frechheet mer meng kreditkart ouni avertissement ze blockeieren…ganz witzeg bei enger auslandsrees wou ech zum gleck frenn hat dei mech konnten depanneieren…well ech net dans les delais utiles dei gefroten dokumenter geliwert hat.