Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Déi nei Räichesteier vun der LSAP 

Déi nei Räichesteier vun der LSAP

 

Esou léisst sech liewen: d’Steiersuen drop maachen an dann d’Steieren eropsetzen! Dat Ganzt da Politik nenne fir méi Sozialgerechtegkeet. Schonn e leschte Samschdeg hat d’Inneministesch Taina Bofferding et duerchblécke gelooss, an dëse Méindeg huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert präziséiert. Extrem vill Leit aus der Privatwirtschaft an och e groussen Deel vun der Fonction publique wären vun dëser “Gerechtegkeet” betraff. Hara-Kiri vun der LSAP!

Nom Optrëtt e Samschdeg vun der Madamm Bofferding op Radio Lëtzebuerg huet dëse  Méindeg d’Madamm Lenert um sozio-kulturelle Radio Kloertext geschwat :” De staarken Akzent ass ënnen, den Mindestloun soll steierfräi sinn. Dann proposéiere mir Tranchen déi sou gezu sinn, datt méi eng luess Progressioun kënnt, d’Kaaftkraft ass schon extrem wichteg wéinst der Deierecht déi mir hunn, dofir sinn mir der Meenung, datt een dat soll héich zeien. Dei Tabell déi mir proposéieren, féiert konkret dozou, datt déi Leit réischt ab engem Revenu vun 11.650 € brutto an der Steierklass 1, wou een ufänkt méi ze bezuelen….an duerno geet et progressiv erop. Wann d’Indextranchen erfalen dann bénéficéiren déi an den ierwëschte Klassen méi staark soen ech elo mol, dat ass d’Essenz vum Index, dat ass do eng Iwwerkompensatioun vum Kaafkraftverloscht, an an deem Moment ass et fanne ech ass et net méi wéi fair dass een an denen Beräicher och bësse méi zereckhëllt iwwert Stéiren. Et gläicht sech aus…”

Dat héiert sech gutt un, ma et wäert der Partei méi schueden ewéi notzen. Bis ewell hat d’LSAP ëmmer déi ganz Déck am Viséier, wat een nach iergendwéi konnt verstoen. Also Top-Manager mat engem Monatsgehalt vun iwwer 50.000 Euro; esou Gehälter wierken jo iergendwéi moralesch bedenklech. Dat huet sech dann och Räichesteier genannt. De Wahlbezierk Osten – also deen vun der Spëtzekandidatin Paulette Lenert- huet sech ausdrécklech zu där Räichesteier bekannt https://bit.ly/3Pva6Yq

Mat deenen neien Aussoen vun den zwou Ministeschen riskéieren d’Genossen elo allerdéngs ganz vill Leit ze treffen: Leit aus der Privatwirtschaft, Patronen vu Betriber, Dokteren, Indépendanten an zu gudder Lescht wäert och d’Fonction publique erwächen, virop hir Gewerkschaft CGFP. En Akommes vun 11.650 € brutto de Mount ass nämlech och beim Staat net grad rar geséit an et ass grad an deene besser gestallte Kreesser wou d’LSAP bekanntlech hir Stëmme fänke geet, net bei den Aarbechter. Vun dëser Steierhausse wären also zum Beispill beim Staat och Professeren betraff, Lycée-Direkteren, Psychologen, Regierungsbeamten, héijer Carrièren bei Police an Arméi, Riichter…

Si alleguerten géingen déi geplangten Steierhausse vun de Genossen ze spiere kréien, progressiv bis zu engem Maximum vun 49 Prozent, je no Akommes. Dat erënnert un dem fréiere Premier Juncker seng Ausso: breet Schëlleren musse méi droen ewéi schmueler. D’Sozialisten hunn déi breet Schëlleren elo definéiert: d’Upper Class!

D’Räichesteier kritt domatter eng komplett aner Nues: net nëmmen déi ganz déck Bonzen, ma déi gehuewe Klass aus der Privatwirtschaft an aus der Fonction publique, d’Gemengen mat abegraff. D’CGFP wäert vu Begeeschterung un de Plafong gespronge sinn. Woubäi ee muss soen, datt déi ënnescht Gehaltskategorieen souwisou keng Steieren bezuelen oder ze soe keng. A woubäi een sech nach Froe stelle muss.

Déi geplangten Hausse gëllt an deem, wat déi zwou Politikerinnen soten, fir en individuellt Monatsakommes vun 11.650€ brutto. Wéi ass et dann am Fall vun enger Koppel, wou se allenzwee 6000€ brutto verdéngen? Nach gin si zesumme besteiert. Gehéieren si och zu deenen, déi méi musse stäipen?

Hutt of, Dir Dammen an Hären vun der LSAP. Fir esou eng Reform brauch ee vill, ganz vill politesche Courage? Oder?

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Wéini ass ee räich’ Ab wat fir engem Monatsakommes (Loun oder Gehalt) huet een een “héicht” Akommes? Eenzel gesinn oder am Cumul vun zwee Léin, Gehälter oder Pensiounen? An dat alles am Kontext vun héige Präisser an opgrond vun der Explosioun vum Präis vum Logement deen een Exodus vu (ville?) Lëtzebuerger an dat not Ausland provozéiert huet, wou dunn déi Leit sech Heiser a Wunnénge leeschte konnten, déi si sech hei am Luxusländchen nimools hätte leeschte kënnen-mat allerdings alle Konsequenzen fir déi respektiv Gemengen (Stéchwuert Infrastrukturen), d’Präisser vum Logement fir déi Länner awer och fir d’Leit selwer. Een Debat, deen onendlech ass…a wou d’Politik opgrond vun deenen diversen Empfindlechkeeten sech permanent op extrem dënnem Äis beweegt. An dat besonnësch elo, am Wal-Endspurt, wou et gëllt, sech et jo mat kengem ze verdierwen, wat speziell natierlech fir déi “Etabléiert” an der Parteielandschaft gëllt..
    Egal wéi: den Index ass een Inflatiounsausgläich, deen ëmmer een nohinkende Mechanismus duerstellt an déi jeweileg Kaafkraaft erhale soll, déi no deem respektive Revenu selbstverständlech ënnerschiedlech ass an deemno keen instrument vun enger “gerechter” Sozialpolitik ka sinn, awer duerchaus – an dat zanter laange Joren – ee wierksaamt Instrument vum soziale Fridden duerstellt. Solle mir dat tatsächlech a Fro stellen? Sozialpolitik leeft e.a. nu mol iwwer de Wee vun der Besteierung, déi net nëmmen d’Lounsteier ka sinn, mä och aner “Sources de revenu” beinhalte muss. A jo, deen Här Juncker hat duerchaus recht mat senger Feststellung, datt méi breet Schëlleren och méi kënnen – jo mussen! – droen… Ech géif do schonn op een aalt Buch ” Das Evangelium des Reichtums” vum Ultra-Räichen a wierklechem “Gutmensch” Andrew Carnegie verweisen, deen eindringlech op déi sozial a gesellschaftlech Verantwortung vun deenen Räichen higewisen huet. A wat deemools scho richteg war, kann haut net falsch sinn, oder? Just, (etabléiert) Politiker: Wie sag ich’s meinem Kinde ? Oder och: Wéi maache mir et a wou setze mir dann de “Räichtum” un? Egal wéi: ee “Weiter so” zitt ganz einfach net méi!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *