Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Gemengewahlen: e Pronostik fir d’Haaptstad 

Gemengewahlen: e Pronostik fir d’Haaptstad
ville de Luxembourg

Viru 6 Joer war an der Stad Lëtzebuerg d’CSV de Gewënner! Si krut 2 Sëtz bäi a war domadder no 12 Joer Oppositioun zeréck un der Muecht. Dobäi hätten déi Liberal duerchaus kënnen d’Koalitioun mat de Grénge weiderféieren, déi sech a Prozenter nach eemol ganz liicht konnte verbesseren. Ma op mënschlechem Plang war d’Dëschelduch tëscht deenen zwou Parteien längst gerass. Och fir dës Wahlen ass den Trend däitlech, ma d’Sëtzverdeelen ëmsou méi komplizéiert.

An dësem Trend gesinn ech déi Gréng als Verléierer. Si hu keng gutt Oppositiounsaarbecht geleescht, waren ni groussaarteg an der Ëffentlechkeet opgefall. Hir Wahlcampagne war carrement schlecht: François Benoy a Claudie Reyland hu Campagne gemaach fir hir Wielerschaft, awer net fir nei Wieler bäizekréien.

Derbäi kënnt, datt sech fir dës Wahlen thematesch kee Support aus dem Ausland ze erwaarden ass, ganz am Géigendeel! De Lëtzebuerger kuckt ARD an ZDF, kritt den ekologesche Schlamassel an Teutonien mat an zitt d’Konklusioun: léiwer keng Péng mat Gréng! D’Partei huet wuel en treie Sockel vu Supporter an nawell ginn ech vun Verloschter an de Prozenter aus, déi e Minus vun engem Sëtz am Gemengerot kéinte bedeiten.

Zweete Perdant: déi Liberal. Si hate schonn viru 6 Joer e Mandat verluer a wäerte wuel och déi Kéier een hänke loossen. D’DP ass zanter iwwer 40 Joer Här a Meeschter um Knuedler, do loossen sech Alterserscheinungen net vermeiden. Wéinst dem intrus Corinne Cahen kaum d’Campagne bei deene Bloen net richteg un d’Rullen, d’Dynamik an der Equipe koum net op. Den Effet vum politesche Botox blouf aus.

Alamy

Dobäi huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Parcours sans faute gemaach mam Koalitiounspartner, besonnesch wat den Thema vun der Sécherheet an der Haaptstad betrëfft; et kann een allerdéngs dovunner ausgoen, datt d’CSV dorausser méi Wielerkapital kann erausschloen. D’Verloschter fir déi demokratesch Partei wäerten sech a Prozenter a Grenzen halen, ma ech erënneren drun, datt d’DP viru 6 Joer e Reschtsëtz krut, deen déi Kéier op der Kipp steet! Also minus 1 fir d’DP, plus 1 fir d’CSV.

D’Sozialisten hu sech déi leschte Méint ze soen net op der Strooss gewisen, scho guer net op wichtege Rendezvousen. Sozial Phobie? Wien esou Mënscheschei ass, huet an der Politik näischt ze sichen. Déi stater Sozialisten sinn allerdéngs a Prozenter esou déif (11%), datt si net nach vill weider kënne falen an also bei 3 Mandater bleiwen.

D’ADR huet déi lescht 6 Joer eng miserabel Oppositiounspolitik um Knuedler gefouert an hätt u sech eng Strof verdéngt. Trotzdeem ginn ech dovunner aus, datt si hiren eenzege Sëtz behält. Idem fir déi Lénk: deenen hir zwee Vertrieder waren zwar méi äerdeg, ginn dowéinst awer net sonnerlech vum Wieler belount. An d’Piraten? Si haten viru 6 Joer eng éischte Kéier an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert a woren op 2,6 Prozent komm. Dës Kéier kéinten si hiren éischte Sëtz kréien. FOKUS geet eidel aus.

…an der Haaptstad stinn all d’Optiounen op

DP an CSV kéimen also allebéid op 8 Mandater. Dat kéint bedeiten, datt et bei enger blo-schwaarzer Koalitioun bleift an där allerdéngs d’CSV méi Gewiicht géing kréien. De Serge Wilmes wëll jo onbedéngt d’Schlësselen vun den “Zwee Léiwen” an de Grapp! Zanter awer gescheit Käpp erausfonnt hunn, datt et de Wielerwëllen iwwerhaapt net gëtt, kann een sech duerchaus zwou aner Optioune virstellen.

Déi Schwaarz maachen eng Koalitioun mat Gréngen a mat Sozialisten. Déi Méiglechkeet huet een an de leschten 3 Méint méi ewéi eng Kéier ze héiere krut, an der Haaptsaach wat d’Persoun Corinne Cahen betrëfft. Sollt déi ablécklech Ministesch tatsächlech e gutt Resultat akasséieren, hätt si deementspriechend méi Matsproocherecht bei de stater Liberalen, also och an enger Koalitioun. An déi Schwaarz hu scho bal Haassgefiller op hier Persoun. D’CSV-Leit ginn allerdéngs grad esou wéineg mat de Gréngen eens.

A well déi zwou grouss Parteien a mengem Pronostik ex aequo sinn mat 8 Sëtz, kéint ee sech grad esou eng Dräierkoalitioun virstellen, mat DP, LSAP a Gréng; ma och do ginn et gréisser Meenungsverschiddenheeten esou gutt um politeschen ewéi um mënschleche Plang. Et ass sech also e mathematescht Resultat ze erwaarden vun enger liicht ugeschloener DP a vun enger liicht gestäerkter CSV. D’Lydie Polfer wéilt wuel am Léifsten mat deene Schwaarzen weiderfueren, de Serge Wilmes tendéiert och éischter zu esou enger Zesummenaarbecht.

Op der leschter ligne droite kënnt allerdéngs dach ëmmer méi dat zum Virschäin, wat déi Blo bis elo ganz geschéckt ënner engem kompakten Perserteppech gehalen hunn, nämlech décken Zoff an den eegene Reien. An deen hat ugefaangen mat der Kandidatur vun der CC. Beim Vote vum 11. Juni geet et deemno och ëm en interne Muechtkampf an der Partei!

Opgepasst! Dëst ass keng Wahlrekommandatioun. Et si just meng perséinlech Iwwerleeungen!

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Keng peng mat greng….dat ennerschreiwen ech direkt.
    Pour le reste….on verra.

  2. Frank Bertemes

    …déi awer wuel absolut zoutreffend dierfte sinn, Här Kaiser! Als fréiere politësch Aktiven an der Haaptstad kann een hei allerdings just ee blot Trauerspil suivéieren, dat natierlech vun “der CC” befeiert ginn ass – mat entspriechender interner Konsequenz! Wann een allerdings esou eng schwaach Géigner wéi gréng a roud huet (vun deenen anere schwätze mir mol net!) da brauch ee sech wuel net ze wonneren, dat hei kéint eng schwaarz-blo Pattsituatioun erauskommen – déi weem dann notzt? Wait and see…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *