Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

En Ëmdenken vum Ëmdenken? 

En Ëmdenken vum Ëmdenken?

De Bësch ass kee Park. Et soll net alles gebotzt sinn ewéi doheem an der beschter Stuff. D’Beem sollen och net do stoen ewéi Tableauen am Musée hänken. Bësch soll authentesch sinn, mat vil Fräiheet fir d’Natur. Zanter Joer dominéiert ënner de Feeschter d’Mentalitéit, fir de Bësch sech quasi ganz eleng ze iwwerloossen. Fréier gouf e faule Bam ëmgeseet, haut gëtt hien stoe gelooss bis hien enges Daags sech midd op de Buedem leet, vermuuscht. Wat ass besser fir de Bësch? Ech weess et net, obwuel ech mir meng Gedanke maachen.

gkonline

Esou soll d’Kroun vun enger breeder Eech oder Bich 40 mol méi CO2 opsuckelen an deementsriechend Sauerstoff ausstoussen ewéi e mickrege Stomp. Also awer villäicht net vu Mutwwëll, reegelméisseg nom Gehëlz ze kucken, déi schwaach Beem ewech ze haen, sou datt déi méi gesonnt ëmsou besser vun der Sonn kënne profitéieren? Just esou e Gedanken vun engem Laien, keng Konklusioun!

Oder belieft och hei d’Konkurrenz d’Geschäft? Honnerte Beemercher op engem Hiwwel, nëmmen déi Stäerkst iwwerliewen? De wëlle Bësch ass allemol méi pittoresk a gëtt dem Wëld zousätzlech Méiglechkeeten, ze iwwerliewen. An dach kann dee Bësch eng Faal sinn grad fir d’Déieren- wann de Bësch nämlech a Flaame steet. Zugläich och eng Gefor fir de Mënsch!

gkonline

Duerch de Klimawiessel ginn d’Summeren méi waarm a méi dréchen. Schonn eng Glasschiebel an der décker Sonn kann den Ufank vun enger gréisserer Katastroph bedeiten. D’Pompjee hunn dann hier léif Méi, d’Flamen an de Grëff ze kréien, an eng vun den Ursaachen wär dat villt Gehëlz, dat leie gelooss gëtt. Et géif ëmmer méi schwiereg, bal onméiglech ginn eng Schneis an de Bësch ze haen fir datt d’Flaamen sech net permanent kënne weiderfriessen.

A wann ech dann vun der Corniche beim Huelen Zand erof an den Dall kucken, stellen ech fest, datt Clausen an Neiduerf ëmzéngelt sinn vu Beem. Wann et do bis brennt, sinn honnerten Haiser a Gefor. An och do gëtt de Bësch net gebotzt. Ech wëll den Däiwel net un d’Mauer molen, ginn awer fir meng Iwwerleeung en anert Beispill.

Natalie Oxford

Viru Joer hunn ech viru Fassaden aus Styropor gewarnt. Wann dee bis brennt, ass d’Läschen quasi onméiglech! Gréng orientéiert Reporter wollten net un de Sujet erugoen, mam Argument: et kann een eng gutt Iddi och futti rieden! De Reportage gouf vun engem Stagiaire gemaach, mam Resultat, datt d’Beruffspompjee tatsächlech e grousse Risk am Styropor gesouchen- och wann een do tëscht verschiddene Matièren muss ënnerscheeden, wéi zum Beispill dem Polyurethan-Schaum.

Joren drop waren wéinst dëser Isolatioun iwwer 100 Leit am Grenfell-Tower zu London an de Flamen ëm d’Liewe komm. Haut weess een, datt et op d’Qualitéit ukënnt vun der Isolatioun. Fassaden gi weider isoléiert, ebe just aneschters! Déi 100 Doudeger allerdéngs hätten net musse sinn, et hätt ee just mussen d’Warnungen vun de Pompjee eescht huelen

A grad esou gesinn ech d’Saach mam Bësch: ech wëll mech net amëschen an d’Forstwirtschaft, well ech net genuch dovunner kennen. Ma et géing jo näischt kaschten, wann de stater Schäfferot mat de Beruffspompjee dowéinst géing an d’Gespréich kommen. Am Ausland -wou d’Bëscher an de leschte Joer massiv gebrannt hunn-, lafen esou Diskussiounen.

Meng Iwwerleeungen gëllen natierlech och fir all aner Gemeng, wou d’Beem no bei den Haiser stinn.

Related posts

2 Comments

  1. Luc Wener

    Här Kaiser,
    Ech liesen är Commentairen wierklech gären, allerdéngs iwwerhuelt dir hei leider den Mythos, deen vu de Medien besonnesch am Héichsummer blann iwwerholl gëtt: de Mythos vu der Glasschierbel déi een Brand ausléisen kann.
    Wann een bëssen an der Physik opgepasst hätt, wéist een, dass et dozou e bëssen méi braucht wei Sonnestralen, déi op eng Glasschierbel treffen, déi zu engem Groussbrand féieren.
    Sécher, 100% kann een et net ausschléissen, allerdéngs muss dann schonn Chrëschtdag op Ouschteren falen, well dann misst schonn een Brennglas 20 cm am richtege Wénkel iwwert dem Bueden un enger Planz hänken bleiwen fir dass d’ Sonn laang genuch drop knallt, sou dass sech d Vegetatioun entzünden kann.
    Dir kennt dat ganzt hei eng Kéier noliesen.
    https://www.swr.de/wissen/brennglaseffekt-koennen-glasscherben-einen-waldbrand-ausloesen-100.h

    Deen doten Mythos bleift leider an de Käpp dran an do hëlleft och keen RTL Faktenchecker.

    1. Guy Kaiser

      Gudde Moien Här Wener! a Merci! Wann ech mech do verdoen hunn, dann entschëllegen ech mech. Als klenge Bouf hunn ech esou Feier gemaach….allerdéngs, Dir hutt Recht, et war d’Glas vun engem ale Liesbrëll. An ech duecht, et géing och mat einfachem Glas goen…hunn dat also effektiv iwwerholl. Mä et geet jo hei éischter ëm d’Problematik vum Bëschbrand….do ginn et jo méi Méiglechkeeten: Zigarettestomp, Grillen….
      Merci op alle Fall mech dorobber opmierksam gemaach ze hunn

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *