Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Pandemie: nom Krich kee Fridden an Aussiicht 

Pandemie: nom Krich kee Fridden an Aussiicht
Photo de Nataliya Vaitkevich provenant de Pexels

Op dëser Internetsäit koumen déi lescht Méint d’Impfgéigner an d’Impfskeptiker zu Wuert, aus dem einfache Grond, well si vun de klassesche Medien gréisstendeels royalement ignoréiert ginn. Dobäi sinn och bei mir eng Rei krass Beiträg d’Affer ginn vun Zensur. Bei allem Respekt fir jiddereen, ë bësselchen Rationalitéit muss schonn nach present sinn, et kann een net alles an den Tirang leeën vum Obskurantismus!

Ech selwer plädéieren fir d’Impfung an huele mir d’Fräiheet, aus där Siicht ze kommentéieren. Wann et net falsch ass, datt d’Regierung am gaangen ass, d’Gesellschaft ze splécken, esou muss een awer och an aller Sachlechkeet feststellen, datt déi zwee Campen – Impffrënn an Impffeinden – selwer vill zu där Spléckung bäidroen. Grad d’Antivax hunn dacks eng gëfteg Philosophie, wéi d’Anne Rosencher am L’EXPRESS schreift.

Fir Verschiddener vun hinnen gëtt de Prometheus-Mënsch an d’Spënnche gestallt, also dee Mënsch, dee vun de Beem erofgeklommen ass, sech emanzipéiert an ugefaangen huet, Afloss op d’Natur ze huelen, si zu senge Gonschten ze änneren. Dat wat de Mënsch, a besonnesch deen aus de leschte Joerzéngten esou alles u Fortschrëtt fäerdeg bruecht huet, gëtt dacks vun deene Leit bei der Däiwel geschéckt.

D’Welt ass korrupt, de Systeem faul, et vertraut een sech just selwer plus de Memberen aus der eegener Familljen, eventuell nach de Gesinnungsgenossen(STAMMESgenossen). Op kee Fall den Autoritéite gleewen! Wann ee sech nach kann drop eenegen, datt Politiker esou gutt wéi Wëssenschaftler grad am Ufank vun der Pandemie vill Blödsinn getrotert hunn – Masken, large scale testing asw.- esou muss een awer nach wäit ewech sinn vun der Konklusioun, datt do däischter Muechten um Wierk sinn, déi drop aus sinn, de Mënsch duerch e Vaccin zu Zombie ze maachen.

Bedéngt duerch dat staarkt Mësstrauen virun allem an d’Politik, geet de Gedanken vun der Fraternitéit verluer. Gepocht gëtt op déi individuell Fräiheet. Sinn awer net grad d’Antivax am gaangen, déi Fräiheet ze zerstéieren?

“…D’Basis vun der Diskussioun ass d’Deklaratioun vun de Mënscherechter…!”

Am Artikel 4 vun deem Text aus dem Joer 1789 heescht et: “ La liberté consiste à pouvoir faire tout ce qui ne nuit pas à autrui…”. Ech huele mir d’Recht, d’Fräiheet fir ze fëmmen, ma ech respektéieren mäi vis-à-vis, deen dat net esou gutt verdréit. A anere Wieder: meng Fräiheet hält do op, wou deem aneren seng ufänkt!

An de Kontext Covid iwwerdroen: eng ekrasant Majoritéit vu Wëssenschaftler ass nun emool dovunner iwwerzeegt, datt geimpfte Leit séier wéineg de Virus weiderginn. Dat bedeit: sech impfe loossen, ass eng Zort Altruismus, Fraternitéit fir een virun deem aneren ze schützen. An der Symetrie also schued den Antivax deenen aneren, an zwar nach éier hien sech selwer schued.

D’Gesellschaft ass an där Situatioun ukomm, virun där ech schonn viru Méint gewarnt hunn: eng Zwou-Klasse-Gesellschaft, déi eng Leit mat Pass, déi aner ouni, déi eng mat méi Fräiheet, déi aner mat manner. Keng Impfflicht? Datt ech net laachen! Och op deem Punkt hat d’Politik an deene verschiddene Memberlänner vun der Europäescher Unioun de Mond ze vill voll geholl: déi verschidde Restriktiounen déi geholl goufen, ziilen alleguerten doropper eraus, d’Liewen den Impfgéigner esou schwéier wéi méiglech ze maachen, si also duerch d’hënnescht Paart zu der Vaccinatioun ze zwéngen! Dës Situatioun schaaft mat Sécherheet keen zousätzlecht Vertrauen!

Ass esou eng Situatioun iwwerhaapt acceptabel? U sech schonn. Et geet drëm, deenen anere Persounen hier Gesondheet, jo hiert Liewen ze schützen. De Wee vun der Politik – net nëmmen zu Lëtzebuerg- fir dohinner ze kommen, stëppelt onnéideg Onrou ënnert den Antivax. Dat ass e Schued, deen esou bal net méi kann riicht gebéit ginn. An awer ass et (warscheinlech) juristesch richteg, den Impfgéigner e Stéckelche Fräiheet ofzehuelen.

De Planéit léisst sech net retten, andeems jidder eenzel Persoun sech just fir hir eege Fräiheet asetzt, ma och fir deenen aneren hier! Virun allem deene Leit hier Gesondheet schützt, déi duerch Krankheet an/oder Alter besonnesch ugeschloe sinn. Eng Impfflicht a Spideeler an an Alters- a Fleegeheemer ass ubruecht. Esou wéi et awer den Ament an der Gesellschaft leeft, ass total kontraproduktiv.

Keng Impfflicht per Gesetz, dofir awer duerch zeg verschidde Reegelen. Domadder hëtzt ee just d’Gemidder vun den Antivax nach méi un. No ronn 10 Méint Diskussiounen stinn menger Meenung no d’Fronten souwisou fest: d’Provax akzeptéieren d’Argumenter vun der Wëssenschaft, d’Antivax stellen si entweder radikal a Fro oder geheien se an d’Piffkaul vun iergendwellechen lügübere Muechten. De Premier Bettel sot jo e leschte Freideg: ons widderhuelten Appeller, sech impfen ze loossen, hu leider keng Friichte gedroen!

D’o schéngt keng Säit méi vun där anerer kënnen iwwerzeegt ze ginn! Also mécht et och kee Sënn, datt déi zwou Säiten openee lassginn. D’Gesellschaft muss zur Rou kommen, schliisslech kritt jiddereen enges Dags de Virus, déi eng iwwert eng Sprëtz, déi aner iwwer eng natiirlech Ustiechung. D’Gesellschaft schützt duerch Spezialreegelungen déi Al an déi Krank a léisst fir de Rescht jiddereen säin eegene Wee goen.

Natierlech mam Risk, sech géigesäiteg unzestiechen! Fir déi Geimpften misst dee Risk sech a Grenzen halen, fir déi Net-Geimpften wär et wuel Russesch Roulette, fir si eben de fräie Choix. Déi eng erwëscht et schro, déi aner manner, mä relativ séier wär déi sougenannten Herdenimmunitéi erreecht.

Der Politik kann een no enger esou laanger Zäit net méi de Virworf maachen, net alles probéiert ze hunn, d’Liewen vun de Bierger ze schützen. Souwisou bleift hir net vill aneschters iwwereg, wann si an den nächste Méint d’Sortie aus der Pandemie muss plangen.

De Premier ass vu sengem Standpunkt am Recht, ze soen: et ass net onst Ziel, deenen Net-Geimpften d’Liewen méi einfach ze maachen! Wann ech dann awer d’Reaktiounen dorobber an de soziale Medien liesen, stellen ech fest: d’Fronten hu sech nach eemool verhäert. Mir mussen eis also dorunner gewinnen, datt et och an dëser Problematik méi wéi eng eenzeg Meenung an Iwwerzeegung gëtt. Fir eng Demokratie eigentlech näischt Aussergewéinleches!

Related posts

3 Comments

  1. Peter Freitag

    Geéierten Här Kaiser,

    Och wann ech Iech a verschiddene Punkten zoustëmmen an Äer Meenung respektéieren, och wann ech se nët deelen, sou muss ech leider soen, datt Dir di Situatioun dach e bëssi ze einfach duerstellt.

    Ech sinn een vun de Géignet vun « dëser » « Impfung » an dat aus guddem Grond:

    – ët ass kéng Impfung, mee e Gen-Massenexperiment
    – ët ass mëttlerweil kloer, datt « d’Impfung » nët dat gehaal huet wat versprach ginn ass
    – grad wat d’Wësseschaft ugeht, gëtt gläich mol fir de COVID, d’Rad nei erfonnt, alles wat viru COVIDiotie établéiert Wësse war, gëtt mol klaak fir de COVIDignoréiert. Wësseschaftler an Experten, di dem Narrativ widderspriechen, ginn zenséiert, diffaméiert an zerstéiert. (Ech hu mech säit iwwert 2 Joerzéngte fir Genetik a Virologie interesséiert, wollt dat an enger fréiher Zäit vu méngem Liewen suguer studéieren)
    – di meescht Studien pro-Narrativ, ka suguer ee wi ech mat Fangerschmippen an der Loft zerrappen.

    Ech muss leider och gestoen, datt mäi vertrauen an d’Medizinn staark gelidden huet, duerch di ganz Dokteren di widersprochslos matmaachen. Dat ass op kee Fall eng gudd Entwécklung, desse sinn ech mir bewosst, mee d’Relatioun tëscht Dokter a Patient, war ëmmer eng vun bedingungslosem Vertrauen an genau dat ass fort. Zum Gléck hunn ech dierfen d’Erfahrung maachen, datt nët dat ganzt medizinnescht Personal, sou « nazitaire » sinn, wi d’Politik dat gäer hätt an och portraitéiert, dat gëtt mir e bëssi Vertrauen zeréck.

    Ech waarden nach haut drop, datt een, och gäer en Dokter, mir op all méng Froen uerdentlech äntwerte kann, ech brauch nämlech nët de selwechten Niveau vu Vulgarisatioun, wi di Meescht.

    Wat wësst Dir genau iwwert de Virus, « d’Impfung » genauer « dës Impfung »? Wat wësst Dir iwwert Genetik a Virologie? Wéi funktionéiert Äerer Meenung no e Virus? Wat wësst Dir (nach) iwwert den Ooflaaf säit Ugang vun dëser COVIDiotie? Hutt Dir Iech Zäit geholl, dat alles ze recherchéieren, allkéiers wann sou « Volléksverräter » eppes vu sech ginn hunn, respektiv di TV-Dokteren, di u sech eppes wi e schlecht « Dr. Sommer Team » sinn?

    Ech hunn dat vun Ugangs un gemeet, dat war verdammt vill Aarbecht an ass ët ëmmer nach. Ech hunn och di Zuelen daks nogerechent, unhand vun dem wat offiziell verfügbar war. Ech hu mer och Statistiken an Etuden zur Broscht geholl, méng Joeren Science Po, Sozialpsychologie a Volkswirtschaft waren do ganz nëtzlech, och wann ech keen Diplom hunn.

    Dofir loosst Iech nët vun denen Politfuzzien op d’Aan drécken, datt all Géigner vun der COVIDiotescher Politik, gläich muss e Schwurbler, Fanatiker oder wéi se sou gäer och soen « Esoteriker » ass (wat souwisou e Mëssbrauch vun dem Terme ass).

    Bei mir versichen all pro-COVIDiotie um Enn just de Mann ze spillen amplaaz de Ball, vun dohier, sichen ech ëmmer nach en « Zeugen Coronas » dee mir « Schwurbler » de Bass hält an ët fäerdeg bréngt mech an enger éierlecher an éierbarer Diskussioun ze Iwwerzeegen.

    Wat d’Politiker ugeht, do schwätzen ech definitiv aus Erfahrung a beim Thema COVID, do daacht absolutt kee vun hinnen eppes. Dofir däerf ech och all dat soen a schreiwen a wäert nie e Geriichtssall dowéinst vu banne gesinn. Ët ass nämlech besser « just ëffentlech vu mir eng op de Baak ze kréien, am Plaaz viru Geriicht och nach eng mat der Fauscht an d’Gesiicht, wann ech fräi misst gesprach ginn » (alles natierlech am iwwerdroene Sënn).

    Wi gesot, ech respektéieren Iech an Äer Meenung, och wann ech se nët an all Punkt deelen.

    Mat Bäschte Gréiss,
    Peter Freitag

    1. admin

      Léiwen Här Freitag,
      Iech geet et ewéi mir. Och ech respektéieren Äer Meenung, ma deelen si net op alle Punkten.
      An ech sinn perséinlech a journalistesch skandaliséiert, wéi wéineg sachlech iwwer dat Ganzt zu Letzebuerg diskutéiert gëtt. Eng Sträitkultur kenne mir net, a wann dach, da gëtt direkt gestridden, datt d’Fatze fléien.
      Mä, et ass ni ze spéit fir et besser ze maachen.
      Léif Gréiss
      Guy Kaiser

      1. Peter Freitag

        Do si mer eis eenz 🙂

        Ech giff fuerchtbar gäer Sachlech a mat Fakten diskutéieren, dat ass leider nach ëmmer nët dran. Mir hunn nët fir näischt Samsdes en “oppene Mikro” mee den Niveau vun denen di pro-Narrativ sinn an dem wat sie da soen, hält sech däitlech a Grenzen, fir ët diplomatesch auszedrécken. Wann een dann nach bedenkt, datt e Bettel an e Bausch léiwer fortlaafen, amplaaz sech der Diskussioun endlech ze stellen di säit Mäerz 2020 gefrot gëtt, dann hëlleft dat der pro-Mesure Säit kee Meter.

        Léif Gréiss,
        Peter

        (Ech soen Iech och Merci, datt Dir mäi Kommentar zougelooss hutt)

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *