Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Frank Schneider: Flipp-Flopp un an Hopp? 

Frank Schneider: Flipp-Flopp un an Hopp?
marc Thoma

Franséisch Justiz confirméiert: Frank Schneider op der Flucht, ass den Titel vun engem Artikel um Radio 100,7. Ech felicitéieren ausdrécklech de Jean-Claude Franck, dee bis ewell als eenzege Journalist zu Lëtzebuerg sech fir déi neitsten Entwécklungen an der Causa Schneider interesséiert. Hien huet och den Anstand – esou wéi et déi journalistesch Deontologie verlaangt- , op mäi Blog ze verweisen: https://bit.ly/3CizcUr ëmmerhin hat ech d’Geschicht schonn den 26. Mee publizéiert. An den Exklusiv-Interview war net um 100,7 virun engem Joer, ma bei mir e Joer éischter.

Dee Reportage um 100,7 arrangéiert RTL guer net, wou ech aus den Alentouren vun de Chef-Etagen ëmmer nees ze héiere kréien, datt de Fall Schneider net wäert zu engem Thema ginn. Aus wat fir enge Grënn och ëmmer! Ma et erënnert un d’Ausso vum Staatsminister Bettel: fir de Schneider maachen ech kee Fanger kromm! Hei hunn si allerdéngs de Sujet mussen opgräifen an zitéieren den 100,7 als Ausgangsquell. Dobäi wëssen Guy Weber a Roy Grotz et besser.

De Rescht vun der groussherzoglecher Press huet sech déi lescht zwou Wochen glat a guer net fir d’Fortlafen vum fréiere SREL-Mataarbechter interesséiert. Do schéngt dann dach d’Sprangprozessioun méi wichteg ze sinn; et handelt sech jo schliisslech just ëm en Ex-Spioun, deen sech ë.a. ëm esou Banalitéiten gekëmmert huet ewéi Bommenattentater ze verhënneren. Ëm e Mann, deen op säi Prozess am Appell an der SREL-Affär waart.

Ass et ieren dowéinst, datt sech d’Medien net fir hien interesséieren, hien ignoréieren? Iergend ee Grond muss jo virleien! Ëmmerhin handelt et sech ëm e Lëtzebuerger, dee vu Frankräich aus hätt sollen un d’USA ausgeliwwert ginn. Dat hätt et nach ni ginn! Déi amerikanesch Justiz ass net kompatibel mat där Europäescher. Causa Schneider, e Sujet wou engem als Journalist gläich “x” Froen afalen:

Déi franséisch Premierministesch huet de “go” ginn, fir de Lëtzebuerger un Amerika auszeliwweren? Firwat?

De Lëtzebuerger hat bis zum Schluss Foussfesselen un. Also net einfach Huet wierklech keen him gehollef?

Wann een  -oder zwee- him gehollef hunn, wien war dat?

Ass déi franséisch Justiz tatsächlech  onglécklech iwwer déi ablécklech Situatioun? Ëmmerhin arrangéiert et si a gëtt net méi vum Schneider belaascht.

Wosst a weess de Parquet zu Lëtzebuerg guer näischt vun alldeem? Sollt dat tatsächlech de Fall sinn, wier et un der Zäit, de Beruff ze wiesselen!

Ma et ass wuel dervunner auszegoen, datt d’Press an déi ëffentlech Meenung de Frank Schneider zimmlech séier wäerte vergiessen. Doropper tabléiert wuel och de Parquet: d’Saache schleefe loossen ass eng vu senge Spezialitéiten an dann huerteg ënner de Perser domatter! An de Frank Schneider vergattert an där Zäit am Ausland op engem Basar.

Op dëser Websäit sinn iwwer 20 Artikkelen iwer d’Causa Schneider, dorënner ee méi rezenten Interview mam Marc Thoma an dem Schneider https://bit.ly/439jtT8

Related posts

2 Comments

  1. Kobs Gast

    Da warde mir mol op déi éischt Postkaard vum FS vu Sotchi. Da géif esouguer den XB waackereg ginn. A vleicht och seng gesponsert Chefredaktiounen.

  2. Jean

    D haptsaach a mengen aen ass de fait, dass den haer Schneider der ausliwerung un d US justiz entkomm ass.
    Hun eventuell leit vum franzeisesche geheimdengscht him bei der flucht gehollef?
    D franzousen si jo bekanntlech net sou washington hoerig wei d briten,dei jo kaum kennen erwaerden de Julian Assange un d amerikaner an iwwer 100 joer prisong do auszeliweren

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *