Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Featured

De Frust sëtzt déif bei Franz Fayot a Co 

De Frust sëtzt déif bei Franz Fayot a Co

Et si gelungen Zäiten an der Politik, besonnesch an der Chamber. Déi nei Regierung ass installéiert, ma ier vun hier e Gesetzprojet op den Instanzewee geschéckt gëtt, dat brauch wuel nach eng Zäit. An nawell si vill Sëtzunge vu parlamentaresche Kommissioune virop vun der CoFiBu, also der Kommissioun fir Budget a Finanzen. Et ass eng vun de ganz wichtege Kommissiounen, well do dacks politesch Virentscheedunge getraff ginn a wéi eng Richtung d’Regierungspolitik histeiert.

Interessant ass d’Behuele vu verschiddene Sozialisten ze observéieren. Klamer op: déi Kommissiounssëtzunge solle vum nächste Joer un ëffentlech ginn. Op d’mannst soll d’Live-Iwwerdroung vun där enger oder anerer Sëtzung ausprobéiert ginn. Jidder Bierger kann sech also dann eng Nues voll huele vun deene méi oder manner intelligenten Interventiounen a politesche Subtilitéiten déi do vum Stapel gelooss ginn. Klamer zou. Grad an der CoFiBu hunn déi Rout gläich um Ufank aus alle Réier geschoss fir ze weisen, datt vun hinne mat enger knallhaarder Oppositiounspolitik ze rechnen ass.

Si hu bis ewell bei den eenzele Gesetzprojet villes hannerfrot, ëmmer erëm Prezisioune verlaangt, genee Zuelen. Wat hiert Recht ass. Dat Grotesk dobäi ass allerdéngs, datt et sech hei ëm Projeten handelt, déi nach vun der fréierer Regierung – also och vu Sozialisten- op den Instanzewee geschéckt gi sinn. Kënnen si sech schonn net méi dorunner erënneren, oder geet d’Oppositiounspolitik esou wäit, datt si sech selwer mësstrauen?

Eigentlech wär et un der CSV esou kritesch Froen ze stellen, ma déi ass jo elo an der Regierung a muss déi Projeten vun der Aarbechterpartei finaliséieren. Fir sech ze tréischte mécht déi CSV de Spunnes mat de Genossen a schwätzt an de Kulisse vun enger LSAP 1 a vun enger LSAP 2 an dëser Kommissioun.

gouvernement.lu

Déi éischt besteet aus der Paulette Lenert, déi jo wollt Staatsministesch ginn an déi sech no de Wahlen wäit an d’Schleekenhaischen zeréckgezunn huet. A si besteet aus der Taina Bofferding déi an hirer Plaz d’Roll vun der Fraktiounscheffin an also vun der Oppositiounscheffin iwwerholl huet. D’LSAP 2, dat ass aus der Siicht vun der CSV de fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Dee Mann soll richteg granzeg sinn, ëmmer nees Froen zu “senge” Projeten stellen, reegelméisseg de Kapp rëselen. Dobäi léichen d’LSAP 1 an d’LSAP 2 nach laang net ëmmer op där nämmlechter Ligne.

gouvernement.lu

Den Ex-Wirtschaftsminister ass och ze bedaueren! Him wäert d’Häerz bludde wann hien sech drun erënnert, datt et am Januar e Joer hier ass, datt hien berufflech am Costa Rica ënnerwee war. Dat waren nach Zäiten: do goufen d’Jalone gesat fir eng nei Strategie vun der lëtzebuerger Cooperatioun an Zentral-Amerika! https://bit.ly/3GzY9wF

Eng aner Zort vun Entwécklungshëllef also, wat fir eng genee bleift ofzewaarden. De Costa Rica huet e PIB vu 64 Milliarden US$, vun 12.400 pro Awunner an ass domadder dat räichste Land a Latäin-Amerika. Et lieft an der Haaptsaach vu Kaffi, Banannen an Ananas an och ëmmer méi vum Tourismus.

Firwat mécht Lëtzebuerg deemnächst an deem Land eng Ambassade op? Villäicht hannerfreet dat de Franz Fayot selwer op enger weiderer Sëtzung vun enger Kommissioun an hie vergësst dobäi, datt et seng Iddi war? Och am Benin soll am neie Joer eng lëtzebuerger Ambassade opgoen, an engem Land dat nu wierklech net zu de Räiche gehéiert.

Zwee Projete déi net bëlleg ginn fir eist Land an déi vun CSV an DP musse politesch matgedroe ginn. Scho vergiess?! Et ass dovunner auszegoen, datt dat sozialistescht Spillchen nach eng Zäitchen esou weidergeet, mä op Rosenmontag wäert et da gedoe sinn. Da sinn déi 100 Deeg Schounfrist erlaanscht, och fir d’Oppositioun!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    …an elo d’Europawalen-wat fir eng LSAP erliewe mer dann do? A besonnësch:Wat fir eng Kandidaten? Wee wëll sech dann nach alles op Bréissel/Stroossbuerg aus dem Stëps maachen? Als elo Oppositiounspartei muss et tatsächlech penibel sinn, wann een haut (wou et ze spéit ass) erkenne muss, datt een als Regierungspartei sou munche (liberale) Bock matgeschoss huet, deen een elo als Oppositiounspartei éischtens mol erkennt an zweetens dann och nach muss bekämpfen…’t dierft flott ginn, wann een als intresséierte Bierger déi turbulent Commissiounssitzungen (do wou déi eigentlech politësch Aarbecht – soll – gemaach ginn) ” live und in Farbe ” dierf materliewen – an all déi Leit an hire Widersprëch suivéiere kann -da kommt Freude auf!
    Och d’Petitiounen an der Chamber dierften entspriechend spannend ginn – wat fir eng ech hei viséieren, dierft wuel kloer sinn…
    Egal wéi: d’Logik vun der LSAP verstinn ech scho laang net méi-intressant dobäi, datt den Här Fayot anscheinend d’sozialistësch Wuerzelen an den Anti-Kapitalismus rëmentdeckt huet (woufir en ze luewen ass) – dat awer an engem interne Kampf mat Kaviar-Salonsoziën, déi elo iergenwéi musse Faarf bekennen…An deem Sënn fir de Franz Fayot dee richtegen Oppositiounschef gewiescht amplaz déi zwou Dammen, déi sech do zimlech onglafwierdeg produzéieren….Mol gespaant, wat do nach alles an där neier “rosa-rout-gréng-rouder” Oppositiounsaarbecht, gewierzt mat Zentristen (Piraten) a rechtslastegen ADR-ler , op déi nach sou Munches duerkënnt, konkret erauskënnt. Mir freeën eis jiddefalls op eng faarweg Debatt, déi enger Demokratie wierdeg ass!

  2. Jean

    FF war kurzzeitig in der regierung da sein vorgaenger sein leben zurueck wollte.
    Nun drueckt er wieder die bank in der chamber und dazu noch in der opposition…da kommt natuerlich frust auf

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *