Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Aussepolitik

D’Weltuerdnung gëtt nei getässelt. Ouni d’EU? 

D’Weltuerdnung gëtt nei getässelt. Ouni d’EU?
Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/2-soldat-avec-des-fusils-sur-un-tas-de-roches-grises-tenant-un-baton-de-fumee-pendant-la-journee-163489/

Bravo! Do hunn d’Europäer nees gutt geschafft. Mir hunn eis 3 Joer hanner d’Ukrain gestallt a riskéieren elo eis déi geopolitesch Kontroll aus der Hand huelen ze loossen. D’Sécherheetskonferenz zu München gouf vum amerikanesche President Donald Trump dominéiert, ouni datt deen iwwerhaapt present war. Den Donald huet mam Wladimir telefonéiert, an déi zwee Egozentriker waren sech eens: et soll esou séier ewéi méiglech iwwer Fridde verhandelt ginn. Schonn elo ginn et zwee Verléierer, d’Ukrain an déi europäesch Unioun.

Et ass kaum unzehuelen, datt Russland op déi Deeler vum ukraineschen Territoire verzicht, déi et den Ablack besat hält. Éischter gëtt nach e Stéckelche méi op d’Wo geluecht! A Washington wäert sech 500 Milliarden $ op d’mannst vun der Ukrain zeréckfroen; d’Bomme vun de leschte Joer hu schliisslech och hire Präis! De Virement dierft an der Haaptsaach gemaach ginn via Exporter vu “seltene Erde”. An anere Wieder: d’Ukrain, souwisou net räich, gëtt nach méi aarm! Flott Zukunft fir dat Land!

Photo de Derek French: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/gens-personnes-individus-rallye-11337820/

An déi Situatioun féiert wuel derzou, datt Milliounen Ukrainer hir Heemecht verloossen, an zwar gréisstendeels an Direktioun Europäesch Unioun. Mat Sécherheet sinn dat déi Männer, déi déi lescht Joer d’Land verdeedegt hunn; si ginn an dat Land, wou Fra a Kanner op si waarden. Vill ginn an Däitschland, an et kommen der och op Lëtzebuerg. Ma och sos wäerten eng ganz Partie Ukrainer decidéieren, d’Land ze verloossen. Besonnesch Jonker gesinn an hirer Heemecht keng Zukunft.

Ass d’EU doropper virbereet? D’Kommissioun zu Bréissel mat hiren 30.000 Mataarbechter hat jo iwwer 30 Méint Zäit net nëmmen iwwer gebéite Kornischongen nozedenken, ma och iwwer gréisser Migratiounen aus der Ukrain. A wat si sos d’Pläng? Eng eventuell Memberschaft an der EU war der Ukrain an Aussiicht gestalt ginn, steet awer elo op wackelege Been. Dat kann d’Europäer nach iergendwéi arrangéieren. Eng Memberschaft an der NATO gëtt op ale Fall ausgeschloss. De Witz dobäi ass, datt net d’NATO dat decidéiert, ma den Donald.

D’Europäer stinn nees eng Kéier do mam Fanger am Mond! D’Friddensverhandlungen sollen a Saudi-Arabie sinn. Neutralen Terrain, kéint een argumentéieren. Quetschen och! Den Zitrounemann vu Washington weess genee, wou ee sech ka bäischmieren, fir zum richtegen Ablack Geschäfter ze maachen. Et handelt sech manner ëm Friddensverhandlungen, ma éischter ëm en Deal, ganz nom Gusto vum Donald!

Photo de Aaron Kittredge: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/maison-blanche-129112/

Fazit: d’USA hu méi ewéi däitlech den Europäer de Réck gedréit, oder wéi sech den däitschen Ex-Ausseminister Sigmar Gabriel ausgedréckt huet: de mëttelste Fanger gewisen. Den US-Vize-President D.J. Vance huet den Europäer an an der Haaptsaach den Däitschen d’Lewitte gelies: si géingen d’Meenungsfräiheet ëmmer manner respektéieren. Gemengt ass d’AfD, eng rietspopulistesch Partei, ma gewielt vum Vollek, an deem misst een nolauschteren. Esou guer wann hie Recht hätt, waren déi Aussoen dach aussergewéinlech.

Dat kënnegt sech un ewéi e  Kulturkampf tëscht zwee Kontinenter déi Joerzéngte laang gutt Frënn waren an elo sollen zu Rivalen, zu Géigner mutéieren. Och zu Feinden? Dann elo, den Handelskrich. Wer ihn will, wird ihn bekommen, sot den Effendi Luc Frieden rezent virun der internationaler Press. D’EU misst méi selbstbewosst optrieden, well Europa hätt net vill Frënn op der Welt. An deem Handelskrich kënnen et nëmme Verléierer ginn. Wirtschaftlech Aktivitéiten op méi ewéi engem Plang wäerten dorënner ze leide kréien.

Mam Mini-Sommet vun 8 europäesche. Staats- a Regierungscheffen goufen op en Neits d’Lächer an der EU-Solidaritéit méi ewéi evident. De frsanséische President Macron hat invitéiert, wuel an der Haaptsaach fir an der Weltgeschicht nach wéinstens ganz e bësselchen relevant ze wierken. De Luc Frieden -deen net mat um Dësch duerft sëtzen-, ass der Meenung, datt schonn zimmlech séier d’Ausgabe fir militäresch Oprëschtung op 3 Prozent vum PIB missten eropgoen. Wéi vill mécht déi eventuell Hausse aus an Euro? (Klamer op: den abléckleche Staatsminister war an engem fréiere politesche Liewen Arméiminister)  An Däitschland wär et eng Hausse vun zousätzlechen 100 Milliarden Euro! Dat si vill Suen. Dat Geld feelt dann op anere Plazen am Staatsbudget; bei eis wuel quantitativ manner, ma prozentual d’nämmlecht. Ka sech de Westen op laang Siicht nach säin deiere Sozialstaat leeschten?

Déi éischt Ronn goung domadder kloer un d’USA…Europa setzt sech midd op de Stull!

 

Related posts

4 Comments

  1. Jean

    Seitdem unser JCJ die EU kommission verlassen hat geht alles den bach runter😒Ich bin mir wohl nicht sicher wie unser JC die sache anno 2022 gemanagt hatte…aber sicherlich besser zls die deutsche blondine welche wie viele frauen in diesem alter auf den schmierigen charme des hochstaplers aus kiew reingefallen ist.🙈
    Nun haben wir den salat…noch gut dass der Donald die ukr kuh endlich vom eis holt.
    Das schlimmste ist ,dass die unbelehrbaren nun den bankrotten zelenski staat noch in die EU holen wollen.

  2. Phil

    Dat ganzt Gedeesems zwëschen der EU an der Ukrain, respektiv “Machtwort” aus den USA erënnert mech un meng Zäit als Bouf dohéem.
    Wann mir ons als Geschwëster gestridden hun, an et ass zevill gin, koum de Papp an huet gesot: “Schluss hei… elo geet et duer! Gitt op är Kummer an maacht är Hausaufgaben!” An an där Zäit konnt hien roueg mat der Mamm iwwer Dësch diedegen. Op däitsch géifen sie soen “Und gut ist!”

  3. Frank Bertemes

    Dem Schauspiler seng Zäit ass riwwer-dat war och scho méi laang kloer. Dee konnt sou laang seng Ronnen dréien, wéi hien den Amerikaner an hirem Stellvertriederkrich mat de Russen als “idiot utile” eeben “nëtzlech” war. Lo huet den Donald mam Wladimir een “Deal” gemaach, si si sech iwwer d’Opdeelung vun de Buedemschätz an der Ukrain eens ginn a “gut iss”., Rubel an Dollar rullen, den Euro hat Pecch! .Wéi et lo weider geet, dat dierfe mir dann als EU-Europäer nokucken-a mir kréien net mol d’Grimmele vum Kuch, mä duerfen awer blechen – d’Spill vum Neoliberalismus a vum Dschungelgesetz si mol eeben kloer…

  4. Phil

    Tjo, esou ass et eben. Wann déi zu Bréissel 3 Joer lang tripotéieren an näischt färdeg brengen ausser sech an hiren eegenen Leit an d’Fleesch ze schneiden, ass et jo kee Wonner, dass een wéi den Trump kennt a seet: “Gitt mol op d’Sàit, ech machen dat elo!”

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *