Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Een Dag aus dem Liewen vum Frank Schneider (3): Hëllefsruff op Lëtzebuerg! 

Een Dag aus dem Liewen vum Frank Schneider (3): Hëllefsruff op Lëtzebuerg!

De Frank Schneider sëtzt zanter 5 Méint zu Nanzeg am Prisong. Hie gouf e puer Meter vun der lëtzebuerger Grenz vun de franséische Sécherheetsbeamte festgeholl, op Demande vun den Amerikaner, déi mat säftegen Beschëllegungen opdëschen.

Et géing sech ëm Bedruch a Milliarden handelen.

De Frank Schneider sëtzt zu Nanzeg a wiert sech mat Hänn a mat Féiss dogéint, un déi amerikanesch Justiz ausgeliwwert ze ginn. Da wier hien nämlech tatsächlech geliwwert! Firwat? Hei seng Iwwerleeungen an Explikatiounen. Ech weess, datt seng Interviewen op desem Site vu Politiker, Riichter an Affekoten bis ewell gelies goufen. Et wier esou lues un der Zäit, sech ze hiewen an eppes ze ënnerhuelen:

De Frank Schneider aus senger Prisongszell:

D’Amerikaner léien a fuddelen, maachen engem Kanner an den Réck an sinn Verréider, sot den Jean-Yves le Drian den 18. September owes am Journal op France 2. Hien sot och, datt et guer net tëscht Frankräich an den Amerikaner géif goen. Dofir wier Kris. E puer Deeg drop sot den President vun der aussepolitescher Kommissioun an der franséischer Assemblée Nationale, den Jean-Louis Bourlanges, esou zimmlech dat nämmlecht op enger anerer TV-Chaîne an enger vun esou Diskussiounsronnen wou eisen Ausseminister gären setzt. An Frankräich schéngt laut deenen haarden Wieder den Exekutif an den Legislateur enger Meenung ze sinn: Den Amerikaner ass net ze trauen.

Et geet hei ëm Ënnerséibooter déi Australien bei den Fransousen fir 50 Milliarden bestallt hat an d’Amerikaner elo d’Australier, forcéieren, net déi franséisch ma hier U-Booter ze kafen. Et geet och ëm méi, nämlech ëm d’laangfristeg Entwécklung vun den Muechtverhältnisser am Pazifik, virun allem am chineeseschen Mier, zugläich och iwwer de Rôle vun Europa an d’Sécherheet op eisem Kontinent un deem d’Amerikaner ëmmer manner Interêt ze hu schéngen.

 

Wat denkt den 3. Pilier vum franséischen Staat, also d’Justiz a Frankräich vun den Amerikaner? Ech froen mech op se d’Meenung vun den 2 aner Staatsbranchen och deelt? Well hei geet et och ëm méng Kris, an där ech stiechen an dofir interesséiert dëst mech nawell staark. Et geet anscheinend och ëm Milliarden, Cryptoqueen a Onecoinen. Dowéinst huet Amerika Frankräich gefrot fir mech ze verhaften an esou séier wéi méiglech op New York, an meng Liblingstad, ze schécken, awer hei mat Handschellen an dohannen an e Prisong.

Sie soen ech hätt fir d’Cryptoqueen Ruja “wire fraud” begaangen, eppes wat sech net op lëtzebuergesch iwwersetzen léisst. An och Suen gewäsch, wat fir Lëtzebuerger jo dann scho méi verständlech ass. Bei enger Ausliwwerungsdemande sinn mir am internationalen Recht, an do ass Éierlechkeet an Loyauteit duerch d’Acteuren ugesot. An dat laut der Jurisprudenz vun dëser Matière. Ech gesinn hei, dass d’Amerikaner genau so léien, fuddelen,  an falsch spillen wéi an der Affär mat den U-Booter. An firwat och net? Wann den System an der Ganzt kromm ass, dann ass och dat wat ënnert dem System ass, net ze gebrauchen.

Den 29. Abrëll loossen d’Amerikaner mech am Kreesverkéier zu Audun-le-Tiche, eng 150 Meter vun der Grenz verhaften, wär et eng 100 Meter méi wäit gewiescht, da géif ech haut an d’Plaz vun den Gitteren vun menger Fënster  am Nanzeger Prisong op d’Fräiheet kucken warscheinlech mat menger Fra an den Steinhäuser fueren fir Tapéiten erauszesichen. Well Lëtzebuerg liwwert seng Staatsbierger net un Amerika aus. Dat wousst ech den 29. Abrëll net . Firwat och! Ech hat kee Grond dofir mech mat esou Gedanken ze beschäftegen. Ech gouf also am Rond-Point mat Vue op d’Belvaler Héichhiewen “par la force des mitraillettes” , wei den Här Kapellmeister Stanislas, interpretéiert vum Louis de Funès am Film “la Grande Vadrouille” zum Herr Major vun der Wehrmacht seet, wei deen seng Prouf stéiert.

Och wann den Kreesverkéier zu Audun bei wäitem net esou emblematesch ass wéi d’Paräisser Oper , sou wäert mäin Bouf den Jamie op sengem Gebuertsdag den Asaz vun Staatsgewalt net esou séier vergiessen, grad ewéi och nieft mir, hien an seng Mamm d’Waff un den Kapp gehalen krut, de Papp vun Terroristen déi hei fir d’Republique am Asaz waren aus dem Auto gezu gouf fir hien dann an engem vun hire Ween ze stiéchen a matzehuelen. Schwupdiwup! Fort war de Lëtzebuerger Papp. Bannent Sekonnen stoungen hien an d’Mamm eleng zu Audun am Rond-Point.

Laut dem Schreiwes vun den Amerikaner, wier ech nieft dem Pablo Escobar wuel déi louchste Gestalt. E Mann, fir beim de Funès ze bleiwen, dee sech wéi de Fantomas an Loft kann opléisen, oder fir eng Ames Bond-Analogie ze maachen, wéi den Blofeld op seng Organisatioun Spectre zielen kéint fir sech aus dem Stëbs ze maachen an sech an enger Gangsterhöhle ze verschanzen. Ech war um Wee  fir an d’Schoul, an duerno effektiv fir an de Steinhäuser. D’ Schauermärecher vun den Amerikaner un d’franséisch Justiz a Police waren esou schlëmm ,dass wann d’Fligerschëff “Charles de Gaulle” an d’Uelzecht géif passen, da wier deen och nach geschéckt gi fir den Schneider ze fänken. Haut, bal 6 Méint no dësem Evenement , schéngt d’franséisch Justiz e bëssen Rou fonnt ze hunn.

An der Rou gëtt elo den Dossier gekuckt an der Cour d’Appel zu Nanzeg gesäit haut emol pè d’mannst, datt den Schneider ni op der Flucht war. Dofir kuckt se am Moment fir eng Alternativ zur Detentioun ze fannen, d’Méiglechkeet vun engem Hausarrest zum Beispill, a si wäert den 18. November doriwwer tranchéieren. Well den Ausliwwerungsprozess riskéiert nach laang ze daueren. Ech wieren mech do dergéint. Den Grond dofir ass einfach. Ech hunn an Amerika, nach weder eppes mat “wire fraud” um Hutt, nach do iergendwellech Suen gewäsch. Wann ech eppes Illegales soll gemaach hunn, dann wier dat zu Lëtzebuerg gewiescht, am Kader vun menger Firma Sandstone, an do als responsabelen Direkter . Ma dann wier dat eng Affär fir d’Lëtzebuerger Justiz .

 

D’Amerikaner motivéieren hir Demande fir eng Extraditioun mat zwee sougenannten “Affidavits”, also Aussoen, déi d’Auteuren ënner Eed virun engem Riichter gemaach hunn. Et handelt sech hei ëm den FBI Agent Shimko an de Procureur McGinnis vun New York. Den McGinnis seet, hien confirméiert der franséischer Justiz, datt den Frank Schneider schëlleg ass. An esou enger Justiz wéi där doten, wier also ouni datt ech gehéiert, engem Riichter presentéiert gouf, am amerikaneschen System enger Jury, ouni Defense, ouni Zeien, den Procureur selwer Här an Meeschter, fir mech scho virun menger Ausliwwerung schëlleg ze schwätzen. Dat ass nawell eng effikass Justiz, op déi esou muncher Procureur jalous kéint sinn. Et sief dann wéi wann den Roby Biever an enger Bommeleeër-Sonndes – Presskonferenz einfach déi 2 Beschëllegt direkt verurteelt hätt. Dann hätte mir keng Sylvie Conter gebraucht, och keen Vogel an Lorang, keng 200 Zeien, an e ganzt Joer Prozess, fir nach ëmmer nach net fäerdeg ze sinn. Den FBI Agent Shimko stëtzt sech op en Krounzeien, den Konstantin Ignatov, den Brudder vun der Cryptoqueen. Hien wier ganz fiabel schreift den Special Agent an dee géif géint den Schneider an engem Prozess aussoen. Wat den Shimko vergësst der franséischer Justiz ze soen ass, dass d’amerikanesch Justiz den Konstantin Ignatov scho wéinst Falschaussoen an Meeneed an der selwechter Affär verurteelt huet. An dofir als Zeien an kengem Justizsystem  vun der Welt méi kann credibel sinn. Et gouf den Fransousen villes virenthalen an e Märchen virgegaukelt, wat awer lues an lues schéngt méi kloer ze ginn.

 

Firwat also dat Ganzt? Den Amerikaner hir Affär ass dënn, ganz dënn. Et brauch een en gudden säftegen Zeien a si hu sech den Schneider erausgesicht. Den Fokus gëtt hei op den Schneider geriicht. Als Letzebuerger muss hie jo scho bal Geldwäscher sinn, an den Charakter gëtt esou wéi hei virdrun beschriwwen. D’Scheinwerfer sinn op méch geriicht. Mir gëtt mat 40 Joer Prisong gedreet, wat am Alter vun 51 ganz einfach eng Doudesstrof wier, an zwar eng déi laang gestreckt wier a géif bäihalen.

Well et am amerikaneschen Strofrecht seelen zu Prozesser kënnt, fir genau ze sinn an nëmmen 5 Prozent vun allen Fäll, an déi aner 95% duerch esou genannten “guilty pleas” sinn, also Scholdbekennungen gereegelt gi, gëtt vun mir verlaangt, fir unzefänken mech emol scho schëlleg ze bekennen. Dat sinn ech awer net, ma et ass awer nëmmen mam Schëllegbekenntnis wou den Kouhandel mam Procureur kann ufänken, eventuell no Joren vun Prisong an Untersuchungshaft dann een Credit, esou nennt sech dat, beim endgültegen Schëllegsproch, ze kréien, fir net grad 40 Joer ze setzen. Et ass wéi am Mëttelalter bei den Hexen. Sot Dir wiert schëlleg, dann ass d’Exekutioun net grad esou penibel. Am anere Fall geet et op d’Schaffott an du gëss lues an lues dout gebrutzelt. Et ass dofir wou ech mech wieren.

En fairen Prozess zu New York ass ganz einfach net méiglech. Ech hätt natierlech d’Recht op e Prozess mat engem Jury wéi an engem Hollywood Film, ma dat kascht tëschent 6 an 10 Milliounen Dollar un Affekotskäschten fir meng Defense, trotz Cryptoqueen hunn ech déi Zommen net. Wou as Lëtzebuerg hei? Ech sinn, ob Lëtzebuerg dat wëll oder net, Letzebuerger.

Eis Botschafterin zu Paräis huet mir hire Consul op Nanzeg geschéckt fir sech ze versécheren ,dass ech gutt géif gefiddert ginn datt, ech duschen dierft, an eng Tele hätt. “Mir kënne hei näischt maachen” sot si dann nach zum Schluss. Dat ass awer net esou. Dass Lëtzebuerg eppes maache kann ass sécher. Doriwwer ginn et zolidd Jurisprudenzen mëttlerweil. Dass Lëtzebuerg esou guer eppes misst ënnerhuelen, gëtt laut Jurisprudenzen vum europäeschen Gericht och ëmmer méi kloer. Sie schengen awer net esou richteg ze wëllen, och wann soss Lëtzebuerg gären um Schouss vun Europa sëtzt. Mir schreiwen Mënscherechter ganz uewen um Rouden Léiw Fändel, mä beim Schneider, bof, dat ass esou en Onkamouden, deen sëtzt villäicht besser zu New York. Villäicht sinn meng Lëtzebuerger Famill an ech selwer ganz einfach net Mënschen genuch, fir dat déi Rechter och fir eis géife gëllen.

Et passt e bësselchen an d’Geschicht vun eisem Land: “Cessez tout secours aux Luxembourgeois” schreift den Joseph Bech am November 1942 un den hollänneschen Legatiouns Conseiller Van Pennuys dee sech fir déi onkamouden Lëtzebuerger Refugiéen an Spuenien asetzt fir se an England ze kréien. Déi meescht waren onerwënscht politesch lénks an e Grëtz ze vill fir d’Exilregierung warscheinlech.

Den Dick Marty, fréiere Schwäizer Procureur an President vun der Mënscherechtskommissioun vum Europarot sot viru kuerzem an enger Sendung op ARTE : “Lorsque j’ai découvert ce qui se passe dans ce qu’on appelle des Etats de Droit dans les démocraties, j’étais vraiment choqué de voir que sur simple requête des Etats-Unis on jette tout aux orties. Tous ces beaux principes, cette hypocrisie de toute une classe politique européenne”.

Mol kucken wéi et weider geet.

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *