Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Weltënnergang gouf verréckelt! 

Weltënnergang gouf verréckelt!
Photo de Markus Spiske provenant de Pexels

de 24. September- dat neit Schouljoer hat nach keng 10 Deeg um Bockel- goung d’Jugend mol nees op d’Strooss. Vollen Asaz fir d’Ëmwelt, géint de Klimawiessel. Flott, datt d’Jugend sech fir Politik interesséiert. Leider war et e schwaarze Freideg. Der Studentebeweegung, wann et da jeemools eng war, geet d’Loft aus. D’Schüler krute Schoulfräi a si bloufen massiv am Bett.

Um Makadamm vun der Haaptstad waren der deen Dag tëscht 2500 an 3000. Déi éischt Zuel kënnt vun der Police, déi Zweet vun de Schüler. Wien deen Dag selwer an der Stad war, koum éischter zu der Schätzung vun 1500 bis 2000. Et sief! Loosse mir guttwëlleg déi 3000 gëlle loossen. Éischter schappeg, wann ee bedenkt, datt de Weltënnergang fir geschwënn soll sinn!

49.000 Schüler*innen sinn an de Lycéeën ageschriwwen. Do muss een allerdéngs déi puer dausend ofrechnen, déi hallef an d’Schoul ginn an hallef am Apprentissage, also bei engem Patron an der Léier sinn. Déi hunn et méi schwéier, fir de Streik fräi gestallt ze ginn. Eng genee Zuel erauszefannen, ass schwiereg, well d’Situatioun vu Beruff zu Beruff komplett verschidden ass.

Eenege mir eis op 45.000 Studenten, déi hätte kënnen demonstréiere goen. Wann se dann nëmme gewollt hätten! 3000 vu 45.000, dat sinn 6,8 Prozent, e miserabelt Resultat. Et bedeit net méi an net manner, datt fir 93 Prozent d’Apokalypse esou eppes vun egal ass. Dobäi ass eng Jugend-Demo ëmmer eppes Flottes, mol net onbedéngt fir sech fir de Klima anzesetzen, awer op alle Fall fir Zodi ze schloen, fir op Kasserollen déi een bei der Boma geklaut huet, décken Tam-Tam ze maachen, den Erwuessenen de Scharriwarri ze blosen.

D’Lëtzebuerger Jugend ass midd, schonn ier et esou richteg ufänkt. Mä dat ass och de Fall am Ausland, wéi eis d’Wahlen an Däitschland gewisen hunn.

déi Gréng hunn bei eisem Noper ëm ronn 6 Prozent zougeluegt ( 14% bei den Eischt- an 14,8% bei den Zweetstëmmen). E schéint Resultat! An nawell kann ee grad esou gutt soen, datt fir 86 Prozent vun der däitscher Populatioun déi gréng Partei weider net wichteg ass. Kloer! Dat nämmlecht kann ee mat all deenen anere Parteien behaapten, esouguer mat der SPD, déi vun dräi Véierel vun de Wieler lénks leie gelooss gouf. Ma et geet jo hei ëm d’Ëmweltpolitik, de fonds de commerce vun deene Gréngen, an et geet ëm de Weltënnergang.

Déi gréng Klassespriecherin Annalena Baerbock krut d’Ënnerstëtzung vun 11,2 Prozent vun de Wieler. All Respekt, obwuel ee sech d’Fro stellt, mat wat fir engem Recht si sech als potentiell Kanzlerkandidatin konnt opstellen an och deementspriechend vun all de Medien avantagéis behandelt gouf! Ah, jo, de Weltënnergang ass virprogramméiert. An nawell halen 89 Prozent vun den Däitschen keng déck Stécker vun där Fra.

23 Prozent vun deene ganz jonke Wieler ( déi eng éischte Kéier un d’Urne goungen) hunn d’FDP gewielt, 22 Prozent déi Gréng. Iwwerraschend ass dobäi de Sukkurs fir d’Fräidemokraten, ëmmerhinn d’Partei vun deenen Décken, vum Patronat. Verschidden Observateuren mengen, dat hätt eppes mat Corona ze dinn. Grad d’Jugend, déi selwer bal net krank gouf, huet sech de Restriktiounen aus der Welt vun den Erwuessenen mussen ënnerwerfen a si huet d’Positioun vun de Liberale begréisst, déi reegelméisseg eng Partie Restriktiounen vun der Regierung a Fro gestallt hunn.

Bal grad esou vill Jonker hu gréng gewielt, en décke Fënneftel. Wann een déi zwou Parteien zesummeschléit, déi vun der Jugend prioritär um Wahlziedel ugekräizt goufen, kënnt een zu der Konklusioun: jonk Leit maachen sech wuel Suergen ëm d’Ëmwelt, ma awer a Moossen. Si maachen sech grad esou vill Gedanken, wat hier berufflech Zukunft ugeet!

also duerchaus Pragmatismus ënner der Jugend. Eng Zort pubertär Realpolitik déi nozevollzéien ass. Et confirméiert mech allerdéngs an der Fro: wann zu Lëtzebuerg mol keng 10 Prozent vun der Jugend bereet ass, fir de Klimawiessel op d’Strooss ze goen, muss een dann deenen aneren 90 Prozent Schoulfräi ginn? Wär et net un der Zäit, domadder opzehalen an de Streik an der Fräizäit ofzehalen? Oder gëtt gefaart, datt dann nach manner ewéi déi 7 Prozent erreecht ginn?!

Dat wär bedauerlech! Esou ëmwerfend ass de Klima-Pak vun der Regierung schliisslech net.

E leschte Freiden hat sech viru verschiddene Fast-Food-Restaurant eng Mënsche-Schlaang vun iwwer 10 Meter forméiert. Jongen a Meedercher stoungen do op hire Ravitaillement ze waarden. Fritten (dat si Gromperen), Hamburger (dat ass Fleesch) an e Blat Zalot, alles schéin am Kartong an am Plastik verkaf. Nees e Stéckelchen méi no beim Weltënnergang?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *