Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Vëlosbréck vum Cents op de Weimeschhaff: déi Neiduerfer wieren sech vehement! 

Vëlosbréck vum Cents op de Weimeschhaff: déi Neiduerfer wieren sech vehement!
Photo de Cristiana Raluca: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/panneau-de-signalisation-de-velo-blanc-686230/

 

Den Neiduerfer Interesse-Syndikat huet den Artikel op dëser Internetsäit iwwer d’Neiduerfer Bréck gelies a reagéiert op en Neits beim Stater Schäfferot. 17 Milliounen Euro stinn am Devis, ma gerechent gëtt wuel mat 24 bis 26 Milliounen. En houferege Präis fir eng Konstruktioun, déi warscheinlech net vill dierft benotzt ginn. Déi Stater Sektioun vun Natur&Ëmwelt hat kierzlech och hir Bedenken an engem Bréif un déi Responsabel um Knuedler formuléiert, net wéinst dem Goss, mä wéinst de Konsequenzen op d’Natur an op de Mënsch.

Hei elo de leschte Bréif vum Neiduerfer Syndikat. Verlaangt gëtt vum Schäfferot eng 180-Grad-Kéier….schliisslech sinn a 5 Méint Gemengewahlen.

Administration communale de la

Ville de Luxembourg

Bourgmestre et échevins de la Ville de Luxembourg

L-2090 Luxembourg

 

CONC: Fënster op an eraus mat dem Goss

 

Dir Damen an Hären,

Et schéngt wéi wa mir, den Syndikat aus dem Neiduerf, mat eise Fuerderungen, zu dësen onnëtze Projet vun enger Bréck iwwert den Neiduerf net méi alleng do stinn. Wei mir gesinn hunn huet “Natur an Ëmwelt “hier Bedenken och massiv ugemellt.

 

An hirem Schreiwes kritiséieren si :

  • Dass de Besch riets a lenks vun dem Neiduerf zerschnidde gëtt
  • Dass ënnert dëser Bréck éiwege Schued um Besch gemaach géif ginn
  • Dass de Waasserhaushalt verännert gëtt an déi Beem déi nach do stinn Problemer kréien
  • Dass des Konstruktioun negativ Auswierkungen op Deieren an dem Besch wäert hunn, well hiren intakte Liewensraum zerstéiert gëtt
  • Dass et negativ fir eise Klima ass well vill Beton a Makadam verbraucht gëtt deen sech am Summer vill op hetz, an des Hetzt laang späichert wat e regelrechte Klima killer ass
  • Dass Leit aus dem Neiduerf an och déi Leit beim Zou an Ofgang vun der Bréck ee ganz groussen Verloscht um Liewensqualitéit mussen erleiden
  • Dass et eng gréisser Liichtverschmotzung ass déi hei toleréiert gëtt

 

Wei dir gesitt sinn dëst Fuerderungen, déi vir eis net nei sinn, fir iech sécher och net. Dir hutt iech mat ärem oniwwerluegten Kreatioun ‘s Wut einfach iwwert all ons Fuerderungen ewech gesat, vun dem Resultat vun enger Ëmfro déi mir gemaach haten guer net ze schwätzen. Mir hunn héieren vun engem Schäffen, dass de Präis den dir op der Presentatioun gesot hutt net méi stemmt, mä laut senge Wieder géif de Präis mindestens em 50% méi héich ginn. Fannen dass dir hei är Kollegen an dem Gemengerot hannert Liicht gefouert hutt mat falschen Zuelen. Net nëmmen déi 27 Leit an dem Gemengerot mä och déi ganz Populatioun aus der Stad.

 

Wann een sech déi Käschten vun dësem Projet ukuckt dann iwwerschléit dëse Projet nach méi de Vëloswee op dem Belval. Hei leie mir bei iwwer 150.000€ pro Meter. Ass dëst eng responsabel Verwendung vun de Gemenge Finanzen respektiv vun eise Suen.

 

Wou ass déi Käschte Notzen Analyse? Esou eng hutt dir guer keng gemaach. Hei gëtt wierklech just aus der Heft geschoss, a nëmmen dass een oder zwee Leit bei verschiddene Veräiner gutt do stinn.

 

Et kann dach net sinn dass Leit an dësem Land einfach näischt méi ze soen hunn an dass déi Responsabel sech behuelen ewéi wann se nach an der Zéit vun Feudalhären hänke bliwwe wären.

 

Dir sidd déi dach, déi vun Offenheet an Transparenz schwätzt, mä dëst schéine just eidel Wieder ze sinn. Firwat gëtt bei esou Projeten net Populatioun aus der Stad oder de concernéierte Quartieren em hier Meenung gefrot, oder hutt dir Angscht virun der Meenung vun de Leit.

En Awunner aus dem Neiduerf huet Leit gezielt déi mat dem Vëlo duerch de Neiduerf fueren dat waren der tëschent 18 an 20 Auer 4 bis 6 Stéck. Dëst elo héich gerechent op 12 Stonnen géifen esou em déi 24 Leit des Bréck benotzen. Awer just nëmmen wann et net reent. Dat wier dann ongeféier 80€ pro Benotzung.

Kucke mir des Präisser, mussen se sech Fro gefale loossen op hei net einfach Suen zu der Fënster eraus geheit ginn.

 

Hoffen dass de ganze Gemengerot eng 180 Grad Kéier kritt an dëse Projet op Eis leet an sech mol déi Alternativen méi genee ukuckt an net nëmmen op Aussoe vun engem Minister lauschtert.

 

Annexe 1

Syndicat d´Intérêts Locaux Neudorf

Preis vun der Breck 24.000.000 24.000.000
Augmentatioun vun dem Preis 45% 10.800.000
Entretien pro Joer 200.000
Liewensdauer a Joren 100
Entretien total op Liewensdauer ouni Geldentwaertung 20.000.000
Kaeschten Total Breck op Laafzeit 54.800.000
Kaeschten pro Joer 548.000
Kaeschten pro Daag 1.501,37

 

 

Wuelvill Faktor Installatioun Neudorf
Spillplatz etc…
pers/jour Preis pro Persoun (eemol benotzt) -20,00%
Deeglegbenotzer 10 Leit / Dag 150,14 120,11
20 Leit / Dag 75,07 60,05
30 Leit / Dag 50,05 40,04
40 Leit / Dag 37,53 30,03
50 Leit / Dag 30,03 24,02
60 Leit / Dag 25,02 20,02
70 Leit / Dag 21,45 17,16
80 Leit / Dag 18,77 15,01
90 Leit / Dag 16,68 13,35
100 Leit / Dag 15,01 12,01

 

 

An engem wirtschaftlech schwieregem Ëmfeld wei mir elo sinn, an dëst net vun haut op muer wäert eriwwer sinn, froen mir eis, wei et méiglech ass dass eng Gemeng net ufänkt mat spueren wëssend, dass 30% vun de Leit hei zu Lëtzebuerg Problemer hunn um Enn des Mount ‘s Enner zesummen ze kréien.

Mat dese Suen kennt een ongefeier iwer 50 Wunnengen bauen. Daat waer de Leit vill mei gehollef.

Mä anstatt de Leit aus der Stad ze hëllefen, ginn léiwer Steiersuen fir Tirri-Lirri Tirri-Larri aus der Fënster geheit.

SIL – Neudorf

De comite

 

Annexe 2 – de Verglach mat der Vëlosbréck Belval

Syndicat d´Intérêts Locaux Neudorf

 

 

Belval
Länge des Weges 1900
Preis des Weges 47.500.000,00
Preis pro Meter 25.000,00
Neidorf Breck
Länge Brücke 213
Laenge Brücke mit Zu und Ab Gang 227
Preis bei Presentatioun 24.000.000,00
Preis mit 50% augmentatioun 36.000.000,00
ohne ZU und Abgang mit Zu und Abgang
Preis pro Meter Variante 1 112.676,06 105.726,87
Preis pro Meter Variante 2 169.014,08 158.590,31

 

Hei geseit een dass de Prais vun der Breck am Neiduerf Vis a Vis vun dem Wee um Belvel deen jo och an der Luut ass 4 bis 5 mol mei deier pro meter ass.

 

 

 

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Tom

    Des Breck muss onbedengt gebaut ginn. Se erlabt et fir vun dem grousse Quartier an deen aaneren ze kommen op d’Arbescht ze kommen ouni excessiven CO2 Ausstous, Emwee a Stau am Berufstrafic. Eng Majoriteit geif dovun profiteieren, och am Neidurf.

  2. Phil

    Virwat soll do nach wéider Geld zur Fenster erausgehäit gin. D’Gesellschaft bezillt iech genuch Méiglechkeeten fir op ären Terminus ze kommen. Et geet elo definitiv duer mat deem ganzen Gratisgedeessems wat awer an Wierklechkeet Milliounen Euro kascht!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *