Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 

Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen

Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten d’Awunner d’Nuecht net duerchschlofe wéinst der massiver Presenz vu Busser. An där Strooss sti reegelméisseg Busser an der Schlaang, si stinn do ze waarden fir bei der Betribspompel bäizekommen a kënne Sprit fir déi nächst Schicht ze zapen. Dat ass am Do de Fall, mä awer och an der Nuecht, tëscht hallwer 12 a 5 Auer Moies.

Wéi et schéngt loossen d’Chaufferen dobäi déi ganzen Zäit de Motor lafen. Firwat datt dat gutt ass, kéinten eis d’Busgesellschaften erzielen, ma et mécht der Kaz kee Bockel wat de Kaméidi ubelaangt. Motor stänneg aus- an umaachen stéiert op d’mannst grad esou d’Nuetsrou wéi wann een de Motor lafe léisst. Wéi gesot ëm deen Tapage goung et schonn virun 10 Joer, du gouf et méi roueg an deem Eck vun der Gemeng an elo – zanter zwee Méint- pätschen a fuerzen déi Bussen nees ewéi am Chouer. Si maache Kaméidi a si maache Knascht. Enger Awunnerin geet et duer a si huet den Dossier weiderginn un hiren Affekot Laurent Ries.

Deen huet der Busgesellschaft e Bréif geschriwwen, souzesoen als lescht Warnung éier et op d’Geriicht geet. il faut que cela cesse immédiatement et qu’une solution soit trouvée au plus vite afin que les riverains et habitants des maisons puissent dormir la nuit, en l’occurence ma mandante! D’Gesellschaft huet am Laf vun de Joer expandéiert, wat ekonomesch ze begréissen ass, mä wat – ewéi esou dacks- seng Auswierkungen huet op Natur an Ëmwelt, an dësem Fall speziell op de Mënsch.

D’Gemeng Weiler-zum-Tiermchen zielt 2500 Séilen. Et ass ee gewinnt mat den Hénger schlofen ze goen. Ma d’Nuetsrou ass gestéiert, op d’mannst an der Schmëttestrooss; bannent 24 Stonnen passéieren do alt bis zu 60 där schwéierer Maschinnen. D’Awunnerin huet eng ganz Rei Fotoen vun der Situatioun gemaach, hei eng dovunner.

 

Stop-and-go, d’Busser fueren wéi an der Prozessioun, jiddereen waart säin Tour of fir bei den Trach ze kommen, wëll heeschen bei d’Pompelstatioun. An da muss munchmol hannerrécks gefuer ginn, mam bescht bekannte Biipsen, d’Chaufferen verloossen och alt mol hier Maschinn fir ënnertenaner ze poteren,an ze gecksen. Je, e gesonnte Schlof ass do schwéier méiglech.

D’Kiischt um Kuch: mat där laanger Busschlaang kommen d’Persouneween net weider, onméiglech sech derduerch ze quëtschen: entweder gedëlleg sech hannert d’Busse stellen oder awer d’Nerve verléieren an duerch e sens interdit jauwen.

Eigentlech hätt d’Police scho virun 10 Joer mussen agräifen. D’Gemengereglement léisst kee Sputt fir Interpretatiounsdivergenzen: do wär mol den Artikel 24 iwwer d’Nuetsrou an zousätzlech den Artikel 26 iwwer de Verbuet, de Motor vun engem Gefier am Leerlauf onnëtz lang laafen ze loossen. Firwat ass op deem Plang näischt geschitt?

A wou ass d’Politik? Déi fréier Buergermeeschtesch Cécile Hemmen (LSAP) soll guer näischt ënnerholl hunn, ausser datt si sech iwwerschloen hätt mat der deemoleger Affekotin vun der Klägerin. Och e bekannte Riichter wunnt an där Strooss déi hien sech jo bestëmmt erausgesicht hat fir Nuets a Rou d’Scheewercher kënnen ze zielen. Scho virun enger Dose Joer war hien extreem aktiv fir Bréiwer no lénks a riets auszedeelen, zum Beispill un déi fréier Buergermeeschtesch. D’Madamm Hemmen huet sech op enger Partie Punkten net concernéiert gefillt an huet op den Ëmweltministère, respektiv op den Aarbechtsministère an op d’Gewerbeinspektioun verwisen.

An awer gouf et deemools e bësselche méi roueg, e bësselche manner Trafic. Oder haten sech d’Awunner un d’Situatioun gewinnt? Elo dann rebelote! Alles geet nees vu vir un! A wéi! Warscheinlech huet et domadder ze dinn, datt déi éischt Busgesellschaft mat enger Zweeter fusionéiert huet.

Den neie Buergermeeschter nennt sech Vincent Reding an ass vun der CSV. Dee Mann schéngt an engem éischten Ament d’Urgence vun der Situatioun erkannt ze hunn: an der rue des forges gëllt de parking résidentiel , an zwar eleng an där Strooss. D’Buschaufferen haten  nämlech reegelméisseg do mat hirem Privatwon geparkt. Dat ka keen hinne verdenken, ma et ass en Indice dofir, datt d’Situatioun der klenger Gemeng iwwer de Kapp wiisst!

Vun enger Invasioun vu Busser wollt de Buergermeeschter näischt wëssen. Wéi ech him d’Foto gewisen hunn, goungen him d’An op ewéi Ginzescheeken. Hien huet Kontakt opgeholl mat der Busgesellschaft déi him eng ausseruerdentlech Situatioun Enn Januar/ Uganks Februar confirméiert huet. Do hätt d’Busgesellschaft all (oder vill) Busser vun VDL, also aus der Gemeng Lëtzebuerg an den dépôt krut a wären och do opgetankt ginn. Dat wier exzeptionell gewiescht an et géing sech net méi widderhuelen

Bleift nach de Problem vun der Busgesellschaft selwer. Si huet expandéiert, besonnesch no der Fusioun. Misst si net och – esou wéi an anere Gemengen mat esou grousse Busgesellschaften- aus dem Gemengekäer erausgeholl ginn? Absolutt! seet de Vincent Reding. Hien hätt och schonn doriwwer mat de Responsabelen geschwat déi näischt géint eng Plënneraktioun op en anere Site hätten. Do mussen elo nach Verhandlungen mam Ëmweltministère gefouert ginn an déi kënnen daueren.

De gudde Wëllen schéngt do ze sinn. Elo musse just nach déi zwou Säiten sech un hir ‘Ofmaachungen’ halen an d’Awunner nach eng Zäitchen op d’Zänn bäissen mat QUIES an den Oueren, an da kéinten d’Scheewercher Nuets nees a Rou iwwer d’Wolleke sprangen an d’Awunner an e gléckleche Schlof bréngen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *