Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Reebësch a Flaamen! Auswierkungen an d’Lëtzebuerger Politik 

Reebësch a Flaamen! Auswierkungen an d’Lëtzebuerger Politik
Image parWerner Sidler de Pixabay

egal wéi een zu der Klimadebatt steet: wann een d’Biller aus dem Amazonas gesäit, blutt engem d’Häerz, an ech kann déi Jonk duerchaus verstoen, datt si dowéinst op d’Strooss ginn. Ech wënschen hinnen, datt si domatter méi Erfollech hunn ewéi meng Generatioun, well, wéi ech esou tëscht 12 an 20 Joer al wor, huet um ZDF e gewëssene Professor Bernhard Crzimek (Tschimek gelies) eemol am Mount seng Emissioun “Ein Platz für Tiere” presentéiert an doranner regelméisseg iwwer d’Ofholzen vum Reebësch geschwat. Dat si ronn 45 Joer hir, geschitt ass näischt bis guer näischt; de Bësch gëtt weider ofgeholzt an ofgebrannt, an der Lescht, schéngt ës, nach méi wéi sos, wéinst dem President Bolsonaro!

 

on! Meng Generatioun huet alt wéinstens d’Gebuert vun Ecologisten, vu Mouvement écologique, vu Greenpeace a vu grénge Parteie fäerdeg bruecht. Mat hinnen gouf d’Ëmweltbewosstsinn dach bedeitend méi grouss. Ma zanter Joer- a besonnesch zanter datt jonk Leit fir de Klima op de Macadam ginn- huet een d’Impressioun, wéi wa grad dës gréng Beweegungen staark op der Plaz déiten trëppelen, wéi wann hinnen d’Iddiën ausgaange wieren, wéi wann si iwerfuerdert wieren tëscht dem Wonschdenken vun de Jugendlechen an der Realpolitik, déi sech bei hinnen am Laaf vun der Zäit dach ëmmer méi déif ageschlach huet.

 

W at woren zum Beispill déi gréng Akzenter an de leschte 6 Joer, also zanter dem Ufank vun der Dräierkoalitioun? Ech resuméieren et mol esou: et huet een zwar seng eege Klimaziiler ëmmer méi héich ugesaat, ma et huet ee bis ewell keng eenzeg Decisioun geholl, fir dësen Ziiler en Dibbelchen méi no ze kommen! Ah! Dach! Et huet een d’Accisen um Sprit zëmperlech an d’Lut gesat. Wat nach? Eigentlech näicht! Dobäi wären déi Gréng grad haut esou wichteg, och an der ëffentlecher Klimadiskussioun! Ech kann zwar verstoen, datt déi ganz Regierung – a besonnesch déi Gréng- geschockt sinn vum Häerzinfarkt vum Felix Braz, an awer hätt iergendeen aus der grénger Fraktioun kënnen de Bleistëft eraushuelen, fir sech per Communiqué iwwer de brasilianesche President mol kräfteg ze iergeren. Dat war bis Sonndeg Moien net de Fall, par contre huet eng CSV et probéiert, duerch eng question parlementaire d’Regierung derzou ze zwëngen, politesch Positioun ze huelen.

 

Image parWerner Sidler de Pixabay

t war de franséische President, dee virum Sommet G-7 mat der Drohung koum, Frankräich géif den traité kënnegen iwwer de Fräihandel tëscht der europäescher Unioun an dem Mercosur-Raum (Uruguay,Paraguay,Venezuela,Argentinien a Brasilien)! Wat bleift engem och sos politesch aneschters iwwereg?! Schliislech ass dee gelungene brasilianesche President demokratesch gewielt! Et gëtt  näischt aaneschters, ewéi dee Mann a seng Regierung politesch ënner Drock ze setzen.

D’CSV huet also e copy/paste vum Macron gemaach, mat der Fro un de Premier Xavier Bettel: wäer et net och ubruecht, datt Lëtzebuerg grad esou dësen traité op Äis leet, esou laang, bis datt de brasilianesche President bereet ass, sech un dat ze halen, wat ofgemaach gi war?

Q.P. Mosar Hansen Mercosur 23.08.2019 01

Glécklecherweis war den Ausseminister Jean Asselborn erëm vu sengem Tour de France -Trip a konnt huerteg reagéieren: Brasilien foutéiert sech!”. Den Asselborn wëll um nächste Regierungsrot proposéieren, deen traité mat de Mercosur-Staaten tatsächlech op Äis ze leeën.  Wat awer gëschter an de soziaale Medien kommentéiert gouf, ass déi politesch Ofwiesenheet vun deene Gréngen. Et ass wéi gesot, evident, datt d’Partei duerch de gesondheetleche malaise vum Felix Braz kräfteg duerchgerëselt gouf, ëmmerhinn war et hien, deen déi zweet Editioun vun der Dräierkoalitioun méiglech gemaach huet; et soll een also schonn Versteessdemech fir d’Partei opbréngen, grad wat elo Brasilien ugeet. Ma ofgesinn vum Fall Bolsonaro huet een d’Gefill, wéi wann am politesche Kino d’Rollen getosch goufen: de Paul Galles(CSV) geet Beem planzen, twittert a facebooked dat, a wäit a breet keen Ecologiste méi do, fir sech un engem Baam unzestrécken!
D’CSV organiséiert e Velos-Tour duerch d’Land, wat just symbolesche Charakter huet, ma e Beispill méi ass, dat weist, datt déi Konservativ de Sujet Ëmweltpolitik (nei) entdeckt hunn! Vum Original, also vun deene Gréngen, huet een am Kontext Ëmwelt zanter Méint näischt héieren!

Dem fréieren Aarbechtskolleeg Felix Braz wénschen ech eng huerteg Besserung, senger grénger Partei, datt si zeréck zu hire Wuerzele fënnt.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *