Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Sozialistesche Fiasko am Gesondheetswiesen 

Sozialistesche Fiasko am Gesondheetswiesen

De lëtzebuerger Gesondheetssystem ass krank, schwéier krank, läit quasi am Koma. D’Symptomer ka jidderee gesinn, um eegene Leif gewuer ginn. Wien an d’Urgence muss goen, kann do bis zu 18 Stonne waarden. Fir e Rendezvous fir en MRT ze kréien, muss een tëscht 3 a 6 Méint waarden. Fir d’Mammographie kënnen et bis zu 18 Méint sinn, fir d’Koloskopie bis zu 12 Méint. An der Kardiologie huelen se dacks keng nei Patiente méi op! Ech frot am Mee no engem Termin a krut als Äntwert: mir hunn nach net de Kalenner vum nächste Joer. De Schëllege fir dës Situatioun ass séier fonnt: d’LSAP!

Zanter 1984 nämlech war de Gesondheetsministère mat enger eenzeger Ausnam ënner der Tutelle – oder éischter ënner der Fuchtel- vun de Sozialisten. Hei déi verschidden Ministeren aus de leschte 40 Joer:

  • 1984 – 1989: Fir d’éischt de Benny Berg, duerno de Jacques F. Poos
  • 1989 – 1994: Johnny Lahure, den zugläich Minister war vu der sécurité sociale
  • 1994 – 1999: Johnny Lahure, ofgeléist duerch de Georges Wohlfahrt. D’sécurité sociale hat d’Mady Delvaux
  • 1999 – 2004: Carlo Wagner DP (déi eenzeg net rout Ausnam)
  • 2004 – 2009: Gesondheet plus Sozialversécherung mam Mars di Bartolomeo
  • 2009 – 2013: Rebelote
  • 2013 – 2018: Lydia Mutsch (santé) a Romain Schneider (secu sociale)
  • 2018 – 2023: Etienne Schneider, duerno Paulette Lenert; d’Sozialversécherungen ënner dem Romain Schneider, duerno ënner dem Claude Hagen

Also quasi 40 Joer laang Genossenschaft vun der LSAP. Dat ass Rekordverdächteg. Si kënnen sech net aus der Responsabilitéit fir déi ablacklech komatös Situatioun erausrieden. Derbäi komme Klüngeleien mam Ojebl, mat héijer Beamten déi der rouder Partei nostinn. 1999 huet de Carlo Wagner op d’Mëssstänn higewisen an zwar an engem Artikel vum Marc Gerges datéiert op den 30. Dezember, also kuerz nodeem de Liberalen de Ministère iwwerholl hat.

le Quotidien

Dem Mann mussen d’Schuddere kal de Réck erofgelaf sinn: Wagner reproche aux anciens ministres en charge de la Santé, et  indirectement aux gouvernements qui les ont laissé faire, d’avoir ignoré les éléments de base pour appliquer une politique de santé cohérente, et, pire, les accuse d’irresponsabilité. De Mann wosst no e puer Méint a senger Funktioun, datt hien am Ministère als Liberalen agekesselt war vu roude Léiwen, datt hien do net vill ze radetten hat. De Callo, wéi hien och alt genannt gouf, war ausgebremst, politesch kal gestalt.

No der Aera Wagner – aus sozialistescher Siicht en Ausrutscher an der Geschicht- koum et bei der LSAP zu engem strategeschen Ëmdenken: wichteg Decisioune goufen net méi an der Santé geholl, ma an der Sécurité sociale. Awer weder am Sënn vum Patient, nach am Sënn vun der Dokterschaft.

D’Zuele schwätze fir sech! Iwwer 50 Prozent vun den Dokteren sinn iwwer 55 Joer al. An anere Wieder: an den nächsten 10 Joer ginn iwwer d’Halschecht vun de wäisse Schiertecher an d’Pensioun an den adequaten Nowuess steet bei wäitem net an Aussiicht. Op Drock vun der AMMD (Associatioun vun Dokter an Zänndokter) huet den Etienne Schneider eng Etude decidéiert iwwer d’Demographie vun de Gesondheetsberuffer. Mam Resultat dat sech ze erwaarde war: d’Situatioun ass allgemeng prekär, an de Gesondheetssecteur ass komplett ofhängeg vun auslännesche Fachkräften.

De Rapport Marie-Lise Lair huet d’Santé plakeg ausgedoe mat der Feststellung, datt weder déi zwee betraffe Ministèren nach d’CNS déi néideg Daten haten, fir d’Dokteschdemografie iwwerhaapt ze plangen, respektiv ze dirigéieren.

“…Deementspriechend sinn d’Patiente méi ewéi onzefridden!…”

De Secteur huet ze soe keng Daten. Wann also Suen investéiert ginn, dann ass et dacks e Schoss an d’Blannt. Kee weess Präzises iwwer den IST-Zoustand, wéi kann een do iwwer d’Zukunft nodenken? D’Patienten maachen d’Fauscht an der Täsch oder si gehéieren zu deenen déi duerch Relatiounen méi séier weiderkommen ewéi déi Normal-Stierflech, respektiv si ginn an d’Ausland.

De Claude Wiseler hat also duerchaus Recht, wéi hien elo kierzlech zu der Konklusioun koum, datt déi sozialistesch Ideologie de Gesonndheetssecteur futti gemaach huet https://bit.ly/453MboY Hie schwätzt vun 10 Joer Planwirtschaft, ech vun 35!

Den FHL-Kollektivvertrag gouf mat der Hëllef vum OjeBL un den ëffentleche Secteur ugepasst. Dat kann duerchaus Sënn maachen fir de Spidolsecteur attraktiv ze halen, ma et kascht iwwer 70 Milliounen Euro d’Joer an et gëtt keng Géigeleeschtung.

twitter

D‘Ausgabe fir d’Spideeler maachen an der Tëschenzäit 50 Prozent aus vum CNS-Budget. Un eng Analyse, wat déi Käschten dann esou bréngen gouf mol net geduecht. A missten déi Spideeler net och e Rapport eraginn zu wat fir Zwecker déi Suen agesat goufen, respektiv, wat si bruecht hunn? Et handelt sech ëm ëffentlech Suen! Also ëm eis Suen! Oder déi vun der Finanzplaz, d’Mëllechkou vun der Natioun.

Déi verschidde Gesondheetsministeren hunn bannent 40 Joer komplett déi demografesch Entwécklung vum Land ignoréiert, op d’mannst kräfteg ënnerschat. 1984 ware mir nach nëmmen zu 366.000, 2022 schonn zu 648.000; net ze vergiessen déi vill Frontalier: an der CNS sinn iwwer 800.000 Leit affiliéiert! D’LSAP huet ëmmer refuséiert , iwwer de 700.000 – Awunnerstaat nozedenken, och a grad am Domän vun der Gesondheet. Spuerenelementer dovunner fënnt een an deene verschiddensten Artikelen an der Press erëm:

https://www.wort.lu/politik/vom-schlampigen-umgang-mit-wichtigen-berufen/1605536.html

https://www.wort.lu/politik/kein-zusaetzlicher-kinderonkologe-fuer-luxemburg/1601314.html

https://www.wort.lu/luxemburg/wie-es-heute-um-die-kardiologen-im-nordspital-steht/1184244.html

https://www.wort.lu/politik/die-aerzte-werden-hinausgeekelt/1193737.html

gouvernement.lu

Déi ablacklech zoustänneg Ministesch Paulette Lenert gouf um Ufank vun der Pandemie vill gelueft fir hier Politik vun der roueger Hand, ma hire Stär goung duerno grad esou séier nees ënner. Och si mécht de Feeler, de ganzen Jackpot op d’Klinicken ze setzen. Aus parteipolitescher Siicht ass et ze verstoen: Spideeler si politiséiert op allen Niveauen an deementspriechend liicht ze kontrolléieren. De Patient an d’Dokteren ginn dobäi allerdéngs eidel aus.

Dat ass eng vun den Haaptursaachen firwat d’Genosse strikt géint ambulant Behandlunge sinn. D’Wuert AMBULANT fäerten si wéi den Dracula d’Kruzifix! Ambulant, dat heescht Dezentraliséierung, méi Acteuren, also manner Kontroll, manner Muecht. Fir d’Genosse gëllt eemol ewéi d’aner Kéier d’Planwirtschaft. An si genéieren sech net, domadder weiderzefueren: kierzlech gouf bei der Presentatioun vum Plan Santé d’Zentraliséierung nach eemol zum ieweschten Ziel deklaréiert. An et kennt zu Exzesser!

Well net genuch Dokter an Apparater zur Verfügung stinn gouf proposéiert, datt d’Patienten iwwer eng Zentral (Lieblingswuert!) sollte kënnen e Rendezvous froen fir eng Consultatioun bei engem Dokter ze kréien. Méi grotesk geet et wuel net! Dat erënnert un d’Mënscheschlangen virun der Bäckerei zu Moskau a Sowjetzäiten.

lsap.lu

Den elektronesche Patientendossier (dossier de soins partagés, DSP) kënnt grad esou wéineg virun. 9 Joer sinn et hir, datt ech de Minister Mars di Bartolomeo am Background op Radio Lëtzebuerg dorobber ugeschwat hat. Dee kënnt esou sécher wéi den Amen an der Kierch, war d’Äntwert. Et muss sech wuel ëm eng onheemlech laang Mass handelen, well geschitt ass bis dato guer näischt. Ausser Gestreits mat den Dokter.

https://www.wort.lu/politik/wie-die-regierung-die-aerzteschaft-sabotiert/1391734.html

“…nëmmen Datzen op der LASEP-Zensur!…”

Keng aner Partei hat esou laang e Ministère ënnert hirer Tutelle ewéi d’Sozialisten d’Santé! Bal 4 Joerzéngten. Mam Thema Gesondheet ass een no bei de Leit, et kann een vill Stëmme rafen. Virausgesat, et huet een eppes dofir geschafft. Do zielt net nëmmen d’Pandemie!

  •                                   Net genuch Dokteren do = 0
  •                                   Net genuch Infirmièren do0
  •                                   Ambulant Chirurgie = 0
  •                                   Digitalisatioun = 0
  •                                   DSP = 0
  •                                   Nationalen Informatik-System fir all d’Spideeler = 0
  •                                   Regëster (fir déi verschidde Kriibszorten, AVC, Prothesen = 0
  •                                   Präventivmedezinn(z.B.Mammographie) = 0
  •                                   Transparenz an den Ausgaben vun de Klinicken = 0

35 Joer Cooperative LSAP ginn duer! Et ass un der Zäit, nei Weeër ze goen. Esou vill Dokter waarde just drop, méi ambulant Agrëffer maachen ze kënnen. https://guykaiser.lu/dpaulette-lenert-madonna-fir-dspideeler-domina-fir-ddokteren/Net nëmmen si, och d’Patienten hätten eppes dovunner

Related posts

1 Comment

  1. thomas dominique

    Et ass schons erstaunlech dass een pdf Breif vum 16. September deen circuleiert op verschiddenen Passagen quasi identesch ass mat Passagen an desem Artikel vum 17. September: cui bono?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *