Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Klenge Mann vun der Strooss: besseren Dialog fir Transparenz an der Politik!(4) 

Klenge  Mann vun der Strooss: besseren Dialog fir Transparenz an der Politik!(4)
Image parArek Socha de Pixabay

de “klenge Mann vun der Strooss” huet dacks eng aner Meenung, op d’mannst eng aner Approche ewéi “d’Elite”, wat déi verschidden Entwécklungen an der Gesellschaft betrëfft. Zum Beispill a Saache Gesondheet: Bio-Geméis kann hien sech net leeschten, mécht net an der Smoothie- an Detox-Moud mat a reiwt sech um Bau – wann hien an der praller Sonn schafft- net d’Gesiicht an mat Sonnecrème. Eng breed Majoritéit vun den Handwierker fëmmt wuel net a muss nawell iwwer d’Antifëmmcampagne schmunzelen; ween nämlech all Dag zig Heizungskesselen ze botzen huet, weess, datt seng Longen vun anerem Dreck net méi grad rosa sinn. An där Beispiller ginn et Dosenden anerer, wou d’Gesondheet vum Aarbechter stänneg a Gefor ass, dat awer keng Bisamsrat ënnert den Elitären interesséiert.

Esou ass et och wat d’Diskussiounen iwwer de Klimachangement ugeet. De klenge Mann vun der Strooss huet grad esou wéineg eppes géint propper Loft ewéi déi méi elitär, ma hie kann déi ganz Hysterie net novollzéien. Wa mir dervunner ausginn, datt et an der Haaptsaach den homo consumens ass, dee fir den iwwerdriwwene Knascht um Planéit suergt, dann ass dee “klenge Mann vun der Strooss” souwisou manner am Spill: hien hëllt net esou dacks de Fliiger, fiert keen SUV, huet keng Piscine ze hëtzen an drénkt Waasser éischter vum Krunn an net aus dem Plastik. Um Ufank vum mouvement a Frankräich vun de “gilets jaunes” stoung jo eng geplangten Hausse vun den Accisen um Bensin, déi bei den Onzefriddenen d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. Näischt géint Ëmweltmoossnahmen, ma et muss ee grad dëse Leit de Sënn dovunner erklären an hinne soziaal Kompensatiounen an Aussiicht stellen.

Huel mer d’Beispill Lëtzebuerg: um Diesel a Bensin gouf den 1. Mee zejoert eng Extrasteier agefouert, vun 2, respektiv 1 Cent de Liter. Domatter kommen 2,5 Milliounen Euro zousätzlech eran, nëmmen d’Halschecht dovunner kënnt an de Klimafong, déi aner Halschecht an de Staatsbudget, fir Investitiounen an soziaal Moossnahmen. 2,5 Mio Euro ass eng Bagatelle, an nawell ass d’Politik gebieden, kloer a präzis ze soen, wou déi Suen higestach ginn. Soziaal Moossnahmen ass e vaguë Begrëff-dobäi ass déi nächst Hausse vun den Accisen ugekënnegt! Wann also an Zukunft weider steierlech Moossnahmen zugonschte vum Klima geholl ginn,-wéi z.B. eng weider Hausse vun den Accisen a vun der Autosteier- da muss de Bierger genee wëssen, virwaat datt hien zur Oder gelooss gëtt! Ass dat net de Fall, huet hien d’Gefill, eemol méi beduckst ze ginn…an dat ass dann op en Neits wouer besonnesch fir déi “kleng Leit”, mat deene jo souwisou net geschwat gëtt! Massiv Reaktiounen op dem Claude Turmes seng Ukënnegungen hu gewisen, datt d’Regierung -besonnesch déi Gréng- do nach e wäite Wee ze goen huet! Déi ganz Partei gouf am Politmonitor hefteg ofgestrooft!

De klenge Mann vun der Strooss huet sensibel Antennen fir d’Gerechtegkeet an der Gesellschaft! Wéi heescht et am Kleist sengem “Michael Kohlhaas”:

“….Verstoossen…nenne ich den, dem der Schutz der Gesetze versagt ist….”

…und wer mir ihn versagt, der stösst mich zu den Wilden der Einöde hinaus; er gibt mir, wie wollt Ihr das leugnen, die Keule, die mich selbst schützt, in die Hand”.

Souwäit muss et jo net kommen, oder? De franséische Soziolog Jean-Pierre Le Goff dréckt et am L’EXPRESS vum 23. Januar 2020 esou aus:” Je crois que beaucoup ne supportent plus les discours des politiques, surtout quand ils viennent d’en-haut, tant le manque de confiance et le ras-le-bol sont grands.(…) Le style d’intervention des porte-parole et des inconditionnels de Macron, leur difficulté ou leur incapacité de comprendre les mentalités populaires suffisent à lui ( Marine Le Pen) faire gagner du terrain.

Oder éischter Fassong Coluche schonn am Joer 1977:

“Ils veulent qu’on soit intelligent, mais ils nous parlent comme des cons. Alors, comment on va faire?”

No der Pandemie kënnt d’Wirtschaftskris, an do sinn op en Neits déi kleng Leit vun der Strooss méi vulnerabel. An der Haaptsaach déi méi schwaach Schëlleren wäerten déi meescht blo Flecken dervunner droen. Dofir ass et wichteg, grad dëse Leit ze hëllefen, ugefaangen domadder, datt ee mat hinnen schwätzt, Erklärunge gëtt, Perspektive weist.

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *