Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Innepolitik

Eng brisant politesch Woch ass erlaanscht! 

Eng brisant politesch Woch ass erlaanscht!
Image parGerd Altmann de Pixabay

showdown um Donneschdeg tëscht der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an dem CSV-Deputéierten Michel Wolter a Saachen “Dräi-Fënster-Gaardenhaischen” zu Déifferdeng. Den Deputéierten war messerschaarf preparéiert, d’Ministesch huet sech drop limitéiert, sech virun hir Beamten ze stellen, nach emol drop hinzeweisen, datt den Dossier Traversini säin normale Wee goung an eigentlech betount, datt si eng éierlech Haut wier. Egal op wat fir eng Säit ee sech méi higezu fillt, elo ass den Dossier politesch wahrscheinlech “dout” – et sief, et kéimen nei Elementer un d’Ëffentlechkeet- an et soll een de Parquet mat senger Enquête ofwaarden. Dee Parquet wäert sech déi Ried vum Här Wolter (60 Minutten) gutt ugelauschtert hunn. A Propos Geriichter: mir ass opgefall, wéi um Enn vun där verbaler Ausernaanersetzung de Staatsminister Xavier Bettel als Ofschloss sot: “Da waarde mir de Verdikt of vun der Justiz”! Dat ass wuel richteg, mä alles aneschters wéi eng politesch Ënnerstëtzung vum Regierungschef fir ee vu senge Memberen aus der Equipe. De Xavier Bettel wor vill méi virsiichteg ewéi de François Bausch, deen sech am Interview op RTL kategoresch vru seng Parteikolleegin gestallt huet. Opgefall ass och, datt während de Rieden DP- an och LSAP-Deputéierten de Plenum kuerzfristeg verloss hunn. Mä, dat gehéiert zu de Spekulatiounen, mir waarden als Observateur d’Konklusiounen of vum drëtte Pouvoir! An esou laang ass d’Ministesch ugeschloen! Dat kann daueren…. photos differdange-min-2

grousse Feeler vun der Majoritéit a Saache geheime Casier: et kënnt net zu enger Spezialkommissioun. Dobäi héiert een vun Divergenzen esou gutt an der demokratescher ewéi an der sozalistescher Partei. Um Enn huet d’Regierungsdisziplin priméiert an d’Motioun vun der ganzer Oppositioun gouf verworf. Wat an éischter Liésung wéi eng Néierlag fir d’Oppositioun kann interpretéiert ginn, wäert sech um Enn als Topegkeet vun der Majoritéit erausstellen. D’Oppositioun – virun allem d’CSV- wäert esou weiderfueren ewéi déi lescht Méint: parlamentaresch Froen, Mediespektakel, d’Convocatiounen vun den normale Chamberkommissiounen mat ‘invités surprises’ etc.

Dobäi wier et esou einfach gewierscht! Et hätt ee sech fir déi Spezialkommissioun entscheed an et hätt een d’Presidence dovunner der CSV iwwerlooss. Op déi Manéier wären d’Hären Mosar a Roth kaal gestallt gewierscht, hätten net méi wéi mam Läffel an de Bräi kënne schloen. Virwaat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet? Ma hei sot sech d’Regierung: mir wëllen net, datt ënner dem Vollek d’Meenung sech breet mécht, mir wären dem Drock vun der Oppositioun net méi gewuess! Dobäi ass “noginn” dacks en Zeechen vun Intelligenz, vu Wäitsiicht!

Alles an allem also net déi bescht Woch fir d’Regierung, besonnesch wann ee bedenkt, datt se ugefaangen huet mat der Ried vum Staatsminister iwwer d’Lag vun der Natioun. Esou eng Geleegenheet gëtt normalerweis genotzt, fir déi eege Stäerkt ze demonstréieren, dem Land ze weisen, datt een d’Situatioun beschtens ënner Kontroll huet an datt et Weeër gëtt, fir d’Wielerschaft an eng nach besser Zukunft ze féieren. Villäicht klappt et jo déi nächste Kéier!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *