Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Europa

Covid 19: de Fall SPUENIEN weist den Duercherneen an der EU! 

Covid 19: de Fall SPUENIEN weist den Duercherneen an der EU!
Image par Ryan McGuire de Pixabay

eigentlech ass et fir ze laachen. A Länner wéi Frankräich oder Däitschland sinn d’Sécherheetsmoossnamen géint de COVID an den eenzelnen Departementer / Bundesländer verschidden. Dat ass schonn grotesk genuch, kritt awer nach eng drop gesat, wann een sech d’Kaart ukuckt vun der europäescher Unioun: hei Mask un, do net, an a ville Länner d’Box erof. Zanter e puer Deeg huet Spuenien de Schëllege fonnt: de Fëmmert!

Op den Inselen an och op verschiddene Plazen vum spuenesche Kontinent ass dat provisorescht Fëmmverbuet äusserst hefteg. Besonnesch op Palma ass et net méi méiglech, de Ballermann erauszeloossen! Datt net méi duerf op den Terrasse gefëmmt ginn, liicht jo eventuell nach an, mä et duerf och net méi an der Strooss gepatscht ginn, net méi am Park, néirewou, ausser an de 4 eegene Wänn. Datt Raachen net gesonnt ass, brauch hei net widderholl ze ginn. Ma dat do ass schonn aussergewéinlech. Da misst et jo och verbuede ginn, op den Terrassen haart ze laachen. Do ginn op d’mannst grad esou vill Aerosolen an d’Atmosphär ausgestouss. Ech kennen e puer Fëmmerten, déi matzen an hirer Vakanz op der Insel vun där Moossnam iwwerrascht goufen.

Weder op de Ballearen nach op de Kanaren ass et erlabt, an der Enceinte vu sengem Hotel ze patschen. Ob meng Nofro an engem Hotel op Gran Canaria krut ech déi heiten Äntwert:

Leider ist dies im Moment das Gesetz von der Regierung von der Autonomischen Region der Kanarischen Inseln.
Es ist nur erlaubt draußen zu Rauchen und immer dann wenn Sie mindestens 2 Meter Abstand halten können auf andere Personen, die Polizei kontrolliert dies und es dabei bis zu €100 Euro Strafe zu erteilen wo dieses nicht befolgt wird.
Im Hotel drinnen und im Außenbereich im Garten und beim Pool ist es nicht erlaubt zu rauchen, im Zimmer und auf dem Balkon vom Zimmer war immer schon ein Rauchverbot
D’Luxair weess et natierlech och, hält et awer fir sech! Op de spueneschen Inselen hunn allemol eng Partie Hoteller fir 8 Wochen zougemaach, d’Touristen hunn iwwer de Weekend entweder mussen den Hotel ëmbuchen oder d’Vakanz annuléieren.

aSpuenien wëssen si eben nach, wat Recht an Uerdnung ass. Aneschters wéi a Frankräich, wou sech zanter 10 Deeg nees 150 Männer um Vëlo d’Aaschkrippchen wond reiden. Anscheinend ass et gesonnt, dowéinst brauchen si an der Course vum Tour de France och net de social distancing ze respektéieren. Aaneschters wéi de Fëmmert haucht de Cyklist nëmme gesonnten CO2 aus. Dat nämmlecht gëllt iwwregens fir d’Supporter, wou esou muenchereen sech schonn fréi Moies laanscht d’Strooss opriichte geet a sech de Kierper mat 2 Cajot Béier desinfizéiert.

Spaass an den Eck a jidderengem Säint! Normal ass déi ablécklech Situatioun net. Virun net all ze laanger Zäit goufe mir vun enger Rei Länner op eng schwaarz Lëscht gesat, also iergendwéi an Isolatioun, eng aner Zort vu “Grenzen zou”. Aner Länner hunn eis net op déi alarmant Lëscht gesat. Wat soll dee groussen Duercherneen an der europäescher Unioun? Et veronséchert den Touristesecteur an et schaaft onnëtz Probleemer an der Beruffswelt!

Wohin kann man noch fahren? Welche Regeln gelten unterwegs? Was muss man nach der Ankunft tun, um auf der sicheren Seite zu sein?(…) Viele Bürger und Bürgerinnen haben jüngst erlebt, dass sich diese Regeln sehr oft ändern. Wir brauchen hier mehr Klarheit und Berechenbarkeit”, seet elo d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Zu Recht, wann och e bësselche spéit.

D’Kommissioun mécht elo verschidde Propositiounen, dorënner déi, datt just déi Länner, respektiv Regiounen sollen als héich riskant agestuuft ginn, wann do d’Zuel vunn allen Covid-Fäll bannent 14 Deeg bei iwwer 50 läit a wann dës positiv Tester 3 Prozent ausmaachen vun der Gesamtzuel vun allen Tester pro 100.000 Awunner. Eng aner a wuel méi einfach Propositioun: d’Zuel vun de Positiven muss wärend 14 Deeg hannerteneen iwwer 150 Fäll pro 100.000 Persoune leien.

Doriwwer muss elo diskutéiert ginn. Wann och d’Gesondheetspolitik ënner déi national Kompetenz fält vun den eenzelne Memberlänner, esou muss sech dach am Zenario vun enger Pandemie eng gemeinsam europäesch Strategie ausgeduecht ginn. Sos kënnt et -iwwerspëtzt formuléiert- nach esou wäit, datt een beim Fëmmen säi Pass gefrot gëtt!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *