Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Vu geklaute Biren a vun net-gedopten Tester 

Vu geklaute Biren a vun net-gedopten Tester
Image par Free-Photos de Pixabay

e t gëtt Rumeuren, déi zirkuléieren esou massiv, datt si bal musse stëmmen. Eng dovunner betrëfft den Irgäertchen, respektiv säi Rond-point, deen op Turbo ëmgestalt gouf. Am Mäerz hätt dee sollen fäerdeg gemaach ginn, et feelten nach just d’Signaiisatiounsluten. Du koum de Confinement an de Schantjen wor an de Vergiess geroden. Elo ass de Bausecteur zanter 6 Wochen aus dem lockdown eraus a geschitt ass nach ëmmer näischt.

Image par Michal Jarmoluk de Pixabay

D’Rumeur zirkuléiert zanter Enn Februar/Ugangs Mäerz, datt déi Signalisatiounsluten geklaut goufen. Wou? Zu Lëtzebuerg oder ënnerwee fir an d’Land? Dat entzitt sech menger Kenntnis. A wat mécht ee schonn mat esou Geméchels? Am Keller leie loossen oder awer éischter weider verkafen? Et ass wéi gesot nëmmen eng Rumeur, ma si gëtt sech reegelméisseg a Kreesser verzielt, déi no bei der Regierung sëtzen. Wéini wuel de rond-point definitiv fäerdeg gestallt gëtt?!

 

large scale testing op de Covid 19. Mon oeuil! Vu Freides op Samschdes koume ronn 6000 Tester bäi. Dat sinn der wuel vill, ma mol keng 30 Prozent vun deenen 20.000 pro Dag, vun deenen ëmmer Rieds goung. RTL schreift, datt zanter dem Ufank vun der Pandemie 138.500 Tester gemaach goufen. Lancéiert gouf deen Test-Marathon allerdéngs beim Stand vun 85.000 Tester, bannent de leschten dräi Wochen also 53.000 Stéck, deemno een 30.tel vun den 1,5 Milliounen déi ugepeilt gi waren.

Image par Vesna Harni de Pixabay

Den Test ass am Vollek staark ëmstridden. Zum Beispill duerch d’Fro: Firwat ginn d’Zuelen vu “positiv” Gemellter net am Nachhinein – wann sech an der Quarantaine erausstellt, datt et falschen Alarm wor- revidéiert? Déi Persounen, déi mech mat där Fro kontaktéiert hunn, stellen sober fest, datt et keen 100 prozenteg sécheren Test ka ginn. Dat hänkt um Test selwer an och un der Manéier, wéi (on)korrekt den Test am Mond duerchgefouert gëtt.

“…Sensitivitéit a Spezifitéit…”

D’Sensitivitéit vun engem Test ass d’Warscheinlechkeet, datt den Test Infizéierter och tatsächlech als infizéiert deteckéiert; d’Spezifitéit ass  d’Warscheinlechkeet, datt hien e gesonnte Mënsch als gesond erkennt. An engem Beispill huele mir en Test, deen allkéiers op 99 Prozent u Sensitivitéit a Spezifitéit kënnt. Ginn elo 100 gesont Mënschen getest, kommen 99 Prozent als negativ eraus an eng Persoun als positiv. E schappegt Resultat fir d’Ëffenlechkeet. Gëtt elo en Test gemaach mat 100 Infizéierter, kommen 99 Persounen als positiv eraus a just eng eenzeg als negativ. De Fiduz vum Vollek an den Test klëmmt!

ma et ginn nach aner Recheweeër, op déi de Mario Dichter op sengem Blog am Detail ageet:

Wieder gehen wir von den offiziellen Test-Zahlen aus und müssen zum Erreichen der 4070 positiv getesteten Fälle eine Spezifizität von 96,26% annehmen, was immer noch ein guter Wert ist und in der vom Hersteller angegebenen Fehlerquoten-Range liegt. In diesem Fall wären von den knapp 4070 positiv Getesteten 3984 falsch positiv, was einer Fehlerquote von rund 98% entspricht.

Den Här Dichter kënnt zu der Konklusioun:Je mehr der „Durchseuchungsgrad“ also gen 0 tendiert, desto anfälliger werden die Tests für falsch positive Ergebnisse. Déi ganz Iwwerleeungen sollt een a Rou op sengem Blog noliesen https://nues-am-wand.lu/testeritis-die-eigentliche-pandemie/

Fazit: D’Hannerfroen ass berechtegt, an et wär am Sënn vun der Transparenz, wann de Gesondheetsministère doropper géif äntwerten- ëmmerhin gëtt op där Basis eisen ‘R’-Facteur ausgerechent!

dat mat der Fräiwëllegkeet vun deem Test ass och net esou ganz à la lettre ze huelen. Ech kenne genuch Leit, déi den Test vun hirem Chef wäermstens un d’Häerz geluecht kruten. Ass dat e Wonner? Wat fir e Betrib wëllt schonn esou an d’Aktualitéit kommen wéi momentan Tönnies an Däitschland! Och e klenge Coiffeurssalon oder en Dokteschcabinet wëllt do net an negativ Schlagzeilen erageroden an esou freet de Patron seng Mataarbechter héiflech, ma determinéiert, wannechgelift am Test matzemaachen. Banken hätte gären zouverlässeg Statistiken, fir den home office kënnen ofzebauen… An nawell sinn et der esou wéineg! An der Villa Louvigny missten se sech och Froe stellen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *